arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Weiderkommen an der Sozialpolitik

Europa

|
reading time

4 min

Kee Weiderkommen an der Sozialpolitik

Wéinst den nationalen Egoisme wier et schwéier an der Sozialpolitik virun ze kommen, mengt d'Europadeputéiert Mady Delvaux. D'Majoritéit am EU-Parlament wier pro-europäesch a pro-sozial. De Problem léich bei de Memberstaaten, esou d'LSAP-Politikerin.

reading time

4 min

"Den Drama vun Europa ass, datt den Ënnerscheed tëscht deene Räichen an deenen Aarmen ëmmer méi grouss gëtt", seet d'Europadeputéiert Mady Delvaux am Interview mam Mick Entringer. Dat wier och de Grond, firwat de Populismus bannent Europa u Buedem géif gewannen. "Et ass einfach fir populistesch Sloganen an d'Welt geheien." De Problem wier, datt déi Slogane méi einfach géife gegleeft ginn, wéi komplizéiert Léisungen. Och wa si falsch wieren. Dat wier zum Beispill bei der Brexit-Campagne de Fall gewiescht, an och beim Donald Trump senger Wahlcampagne wier et net anescht.

Et wier an Europa "in" fir negativ ze sinn, mengt d'LSAP-Politikerin. Si kritiséiert, datt déi positiv Säite vun der EU géifen ignoréiert ginn. D'Politiker déi scho méi laang derbäi wieren, hätten eng Verflichtung fir dat ze verdeedegen, wat si opgebaut hätten. Wann ee géif kucke wat an der Welt geschitt, sollt ee sech froen ob et eng alternativ zu der europäescher Konstruktioun géif ginn, fënnt d'Mady Delvaux. Si seet, d'Politiker hätten eng gewësse Verantwortung fir hir Basis. "Et muss ee seng Iddie mat de Leit deelen, an net einfach hannendru lafen, wann ee gesäit, datt d'Vollek eng aner Meenung huet."

"Kee Schratt weider"

Am Europaparlament wier d'Majoritéit pro-europäesch a pro-sozial, esou d'Mady Delvaux. An awer géif een an der Sozialpolitik kee Schratt weider kommen. De Problem léich bei de Memberstaaten. Bannent Europa géif et e grousse Gruef tëscht Norden a Süden an tëscht Ost a West ginn, an eng Partie Memberlänner géifen d'Sozialpolitik blockéieren. "An der Sozialpolitik ass et ganz schwéier fir ee Konsens ze fannen, wéinst den nationalen Egoismen."

Als Beispill nennt d'LSAP-Politikerin d'Fro vum Detachement vun den Aarbechter. Si fënnt, et wier elementar, datt d'Leit "fir déi selwecht Aarbecht, dee selwechte Loun op der selwechter Plaz" kréichen. An awer géife sech zwielef Memberstaaten dogéint wieren, kritiséiert déi sozialistesch Politikerin. "Mech mécht dat immens verdrësslech."

Géint d'Liberaliséierung

Datt d’Sozialdemokratie de Rietsdrift an Europa net gebremst kritt, huet der Mady Delvaux no domadder ze dinn, datt déi mëttlénks Parteien zanter dem Tony Blair op Wirtschaftsliberalismus gesat hätten. Europa misst d'Konsequenze vun der Liberaliséierung droen a wier den Ament am Gaangen zeréck ze rudderen.

Lëtzebuerg hätt sech ëmmer géint d'Liberaliséierung gewiert, wier awer mat där Approche bannent der EU an der Minoritéit gewiescht. Elo géif et dorëms goen, nei Regelen opzestellen. Mee, "déi grouss Entrepriseë si ganz kreativ, wann et dorëms geet, Regelen z'ëmgoen a si esou z'interpretéieren, datt si u méi Profit kommen", fäert d'Mady Delvaux.

Op d'Fro, ob et an deem Kontext richteg wier, Handelsaccorde wéi TTIP an CETA ze maachen, seet d'Mady Delvaux awer, datt een esou Ofkommen net vu fir eraus ofleenen dierft. "Ouni Handel wiere mir näischt. Et kann een net einfach de Wirtschaftsflillek verdamen." Ouni Handel kéint näischt exportéiert ginn, ma Europa wier awer op den Export ugewisen. Wichteg wier et der Mady Delvaux no, ze kucken datt ee sech bei den Accorden kéint op Sozial, Ëmwelt- a Gesondheetsnormen eenegen. D'LSAP-Politikerin géif et gutt fannen, wann een zesumme mat den entwéckelte Länner kéint héich Standarde setzen, fir ze verhënneren, datt de Sozialdumping zouhëlt.

"D'Wieler representéiere net méi déi ganz Populatioun"

Zu Lëtzebuerg verléieren d'Sozialisten de leschte Sondage no hir Basis. Dat wier de selwechte Phänomen wéi an dem aneren EU-Länner, seet d'Mady Delvaux. E géif allerdéngs zu Lëtzebuerg verstäerkt ginn. Dat doduerch, datt ee groussen Deel vun der Populatioun net géif Wiele goen, nämlech d'Auslänner. D'Leit, déi géife wiele goen, géifen net méi déi ganz Populatioun representéieren, seet d'Europadeputéiert.

Am EU-Parlament ass d'Mady Delvaux Spezialistin fir d'Robotik an dat géif hir gutt gefalen. Et géif si optimistesch stëmmen ze gesinn, wéi jonk Chercheuren d'Zukunft kéinte bestëmmen. Am Beräich vun der Robotik kéint d'EU d'Entwécklunge matbestëmmen "an eppes Besseres bidden, wéi ronderëm."