Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Präventiivt HIV-Medikament nach net rembourséiert

Gesondheet

Präventiivt HIV-Medikament nach net rembourséiert

Präventiv Medikamenter kënnen de Risiko vun enger HIV-Infektioun däitlech reduzéieren. An England soll d'Mëttel Truvada deemnächst fir deen Zweck agesat a vun der Krankekees rembourséiert ginn. Dat huet ee Geriicht an éischter Instanz entscheed. Lëtzebuerg ass nach wäit vun esou enger Decisioun ewech.

auto_stories

2 min

Truvada kann de Risiko vun enger HIV-Infektioun ëm 86% reduzéieren (Photo: Bigstock / Andrey Cherkasov)

TRUVADA ass ee sougenannt Prä-Expositiouns-Prophylax-Medikament, kuerz PrEP. Medikamenter wéi dëst kënnen de Risiko vun enger HIV-Infektioun ëm 86 Prozent reduzéieren. Dat beleeë wëssenschaftlech Etuden. A Kanada, den USA, Australien a Frankräich gëtt d'Medikament agesat, fir datt Leit mat engem héijen Infektiounsrisiko sech kënne schützen. Zum Beispill homosexuell Männer.

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Medikament och verschriwwen, mee just an der Therapie, erkläert de Vic Arendt. Den Dokter am Stater Centre Hospitalier ass Member vum Iwwerwaachungscomité, dee sech ëm sexuell iwwerdrobar Krankheete bekëmmert. Zwee Drëttel vun den HIV-Patienten zu Lëtzebuerg géifen ënnert anerem mat TRUVADA behandelt ginn. "An der Prophylax gëtt d'Medikament awer net agesat". Déi präventiv Notzung gëtt deemno vun der CNS och net rembourséiert. De Comité de Surveillance du Sida géing sech wënschen, datt sech dat ännert.

De Wee geet iwwer d'EU-Instanzen

Dem Dr. Arendt no géing envisagéiert ginn, d'Medikament als PrEP anzesetzen. "Den Hoke war, datt keng europäesch Autorisatioun dofir bestanen huet", sou de Vic Arendt. Zënter deem hätt sech d'Situatioun awer geännert. Den 22. Juli huet d'European Medicines Agency (EMA) eng Recommendation de mise sur le marché fir TRUVADA als PrEP gemaach. "Dës Recommandatioun muss bannent zwee Méint vun der EU-Kommissioun ëmgesat ginn." An dann eréischt kéinten déi eenzel EU-Memberstaaten decidéieren, ob si TRUVADA als PrEP accordéieren a rembourséieren.

Frankräich huet net op déi Autorisatioun gewaard fir den Asaz an de Remboursement vum Medikament guttzeheeschen. An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro hat d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch am Dezember 2015 geschriwwen, et misst fir d'éischt eng Konventioun tëschent der Gesondheetskees an dem Gesondheetsministère respektiv deem fir d'Sécurité sociale ënnerschriwwe ginn.

Lauschtert dem Pierre Majerus säi Bäitrag:

Truvadaplay_arrow