Radioen

On air

Notturno  |  Frank Zappa - I Don't Wanna Get Drafted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Konsens iwwer d'Klimapolitik

Debatt an der Chamber

Kee Konsens iwwer d'Klimapolitik

Op der Weltklimakonferenz COP21 wëll déi Lëtzebuerger Regierung, virop déi gréng Emweltministesch Carole Dieschbourg, sech ambitiéis ginn a mat dofir suergen, datt et en Accord gëtt fir d'Äerderwäermung ënnert 2 Grad ze halen. Bei der Klimadebatt an der Chamber ass et awer vill Kritik ginn un der Klimapolitik vun der Regierung. A virun allem keng Eestëmmegkeet.

auto_stories

5 min

Eng Spezialkommissioun an der Chamber hat iwwert ee Joer d'Klima- an Energiepolitik analyséiert

Et huet an der Debatt net un Encouragementer gefeelt fir d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, déi op der UN-Klimakonferenz d'Verhandlungspositioun vun der EU muss vertrieden. Eng glécklech Hand huet hir dobäi notamment den CSV-Deputéierten a fréieren Ëmweltminister Marco Schank gewënscht. Mee de Klimasommet COP21 zu Paräis huet et net fäerdeg bruecht d'Chamber hannert engem gemeinsame Signal ze rassembléieren: CSV an déi Lénk hunn sech enthalen, d'ADR huet géint de Rapport iwwer d'Ausriichtung vun der Klima- an Energiepolitik gestëmmt. 

D'Carole Dieschbourg huet dat bedauert: "Ech hätt kennen op Paräis goen, net nëmme mat engem Mandat vun allen europäesche Länner déi mat enger Stëmm schwätzen, mee wann och hei am Haus jiddereen sech senger Verantwortung bewosst gewiescht wier. Wa mer iwwer de Klimawandel schwätzen, da schwätze mer iwwer d'Schicksal vu Leit, iwwer Verdeelungsgerechtegkeet, iwwer Aarmutsbekämpfung, well mir wäerten déi grouss Krisen net iwwerwanne wa mer net de Klimawandel all zesumme bekämpfen".

"Eis CO2-Hausaufgabe maachen"

Eng Spezialkommissioun an der Chamber huet elo iwwert ee Joer d'Klima- an Energiepolitik analyséiert. Ënner der Presidence vum gréngen Deputéierten Henri Kox, deen och de Rapporter vun der Kommissioun war, ass een Dokument vu knapp 200 Säiten entstan. Thematiséiert ginn all relevant Beräicher vum Transport, iwwer d'Landwirtschaft bis bei d'Recherche, oder de Klimaschutz op lokalem Niveau. 

Zil misst et si bis 2050 zu Lëtzebuerg 80 Prozent manner Zäregas-Emissiounen ze hunn, wéi nach 1990, heescht et am Rapport. "Heiheem si mer an enger historescher Verantwortung. Eise Foussofdrock weist, datt mer méi Land verbrauche wéi mer zur Verfügung hunn, op d'Welt iwwerdroe geet et net op. Dofir musse mer eis CO2-Hausaufgabe maachen", sot den Henri Kox a senger Interventioun an der Chamber.

Klimziler erreechen ouni Zertifikater anzekafen

Am Rapport gi 60 Recommandatioune festgehal, déi dacks allgemeng gehale sinn, respektiv deem gläichen, wat am zweete Klima-Aktiounsplang aus dem Joer 2013 steet. Den CSV-Deputéierte Marco Schank huet kritiséiert, dass d'Chamber hir eigentlech Aufgab net gemaach hätt, nämlech d'Klimapolitik vun de leschte Joren effektiv op de Leescht ze huelen. Den Henri Kox huet sengersäits gekontert, datt all eenzelne Punkt aus deem Aktiounsplang an der Kommissioun diskutéiert gi wier. 

Ausléiser vum Rapport war ee kriteschen Avis vun der Cour des comptes iwwer dee finanzielle Volet vun der Klimapolitik, notamment wat d'Akafe vun Emissiounsrechter am Ausland ugeet. Déi blo-rout-gréng Majoritéit wëll elo alles maachen, fir datt d'Klimaziler zu Lëtzebuerg erreecht ginn, ouni Zertifikater anzekafen. Datt dat als Argument geholl gouf, fir sech mat der Kritik vun der Cour des comptes guer net ausenanerzesetzen, huet de Fernand Kartheiser kritiséiert an op Folgendes higewisen: "D'Cour des comptes sot: 'La mise en place d'un marché de quotas de gaz à effet de serre s'est avéré comme un échec'. Dat ass natierlech e jugement sans appel. Mir haten net 28% Reduktioun bis 2012 mee 8%, dat ass e riisegen Ennerscheed".

Kartheiser: "Wann et dann de Klimawandel gëtt"

D'ADR, déi géint de Rapport gestëmmt huet, ass déi eenzeg Partei an der Chamber, déi eng méi skeptesch Positioun huet géigeniwwer der Sënnhaftegkeet fir staark Klimaschutzmesuren. "Mir sti fir de Schutz vun der Atmosphär, mir sti fir de Schutz vum Klima, wann et dann de Klimawandel gëtt – et gëtt et jo, mee et muss ee kucken a wéienger Form a wat d'Konsequenze sinn", seet de Fernand Kartheiser. Fir de Rescht misst de 'principe de précaution' awer gëllen, a Verschmotzung misst op eng "vernünfteg Manéier" zeréckgeschrauft ginn.

Déi Lénk hunn sech gëschter, grad wéi d'CSV, enthalen. Ënnert anerem huet déi klengsten Oppositiounspartei kritiséiert, dass et nach ëmmer kee kloert Bekenntnis zum Austrëtt aus dem Tanktourismus gëtt. De lénken Deputéierten David Wagner hat awer och méi prinzipiell Kritik um Rapport, dee staark op technesch Léisunge setzt, vun der Elektromobilitéit bis zum Fixéiere vu CO2 duerch landwirtschaftlech Aktivitéiten: "Et ginn technesch Léisunge wat e Klima ugeet, et ginn technesch Léisunge fir alles, mee et ginn och politesch Léisungen. Et ass och eng politesch Fro, et ass och eng demokratesch Fro, et ass net nëmmen eng technokratesch Fro".

Déi Lénk huet och gefuerdert, dass déi ëffentlech Hand - an notamment de Fong, deen d'Pensiounsreserve geréiert - sech aus Investitiounen a fossil Energien zréck zitt. Dorobber huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg geäntwert, et wéilt een déi ëffentlech Investitiounen an Zukunft screenen.