Radioen

On air

Kultur um 5  |  Laura Marling - Nothing, Not Nearly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Käschtepunkt confirméiert

Steierreform

Käschtepunkt confirméiert

Duerch déi geplangte Steierreduktioune wäert de Staat vum nächste Joer un, op Recettë vu 400 Millioune bis 500 Milliounen Euro verzichte mussen. Dat huet d'Regierung de Moien annoncéiert.

auto_stories

2 min

De Finanzminister seet, domat géif Lëtzebuerg awer weider déi europäesch Budgets-Regele respektéieren. Mam Spuer- a Steierpak vu virun zwee Joer hätt ee sech de néidege Sputt verschaaft.

An den Detail vun den Zuelen konnt de Pierre Gramegna de Moien net goen. Den Impakt vu 400 bis 500 Milliounen Euro wier "brutto" ausgedréckt, et wier nach ze fréi fir "netto"-Zuelen ze berechnen. Dat géif och fir den Impakt vun der reduzéierter Betribssteier gëllen. Méi Detailer soll et Enn Abrëll an der Ried zur Lag vun der Natioun ginn.

Dës Steierreform wier déi éischt, déi eng Ëmverdeelung tëscht de staarken a schwaache Schëllere géif mat sech bréngen an et wier och déi éischt, déi ekologesch Kritäre géif a Betruecht zéien, dat hunn de Vizepremier Etienne Schneider an den grénge Justizminister Felix Braz ervirgestrach.

"Projet vun den dräi Koalitiounspartner"

Déi dräi Koalitiounspartner hunn drop insistéiert, datt dës Steierreform e gemeinsame Projet vun der Regierung wier. "Mir fannen eis an der gesamter Steierreform erëm. Et geet hei net drëm, Klischeeën ze bedéngen, andeems eng Partei nëmme fir dat soziaalt, déi aner just fir d’Betriber an déi drëtt fir d’Ëmwelt zoustänneg wier”, sou de Felix Braz, dee fir den ecologesche Volet vun der Reform vun enger Revolutioun geschwat huet.

“T’ass ee Projet vun den dräi Koalitiounspartner” huet och den Etienne Schneider ënnerstrach. “Et ass déi éischte Kéier datt eng Steierreform genotzt gëtt fir eng Ëmverdeelung tëscht de schwaachen an de staarke Schëlleren ze maachen”.

D'Mesuren, déi d'blo-rout-gréng Koalitioun annoncéiert huet, ware scho gréisstendeels d'lescht Woch vum radio 100,7 public gemaach ginn. Nei ass am Vergläich domat, datt een Abattement vu maximal 5.000 Euro agefouert gëtt fir elektresch Autoen an Autoen déi mat Waasserstoff fueren. Och geplangt ass, datt fir E-Biken a Pedelecen en Abattement vu maximal 300 Euro agefouert gëtt.

Detailer an eisem Mëttes-Panorama: