Architektur “Mir brauche Planungssécherheet”

D'Vereinfache vun de Prozeduren ass fir de President vum Ordre des architectes et ingénieurs conseil (OAI) eng Prioritéit. A Saachen Energieeffizienz ass de Secteur dem Jos Dell no gutt opgestallt. Just ee Gesamtkonzept fir d'Sanéiere vun aler Bausubstanz géif nach fehlen.

Carole Schimmer / po

Jos Dell

Mat der Zäit wieren d’Prozeduren ëmmer méi komplex ginn, esou de Jos Dell: “De ganze Bësch u Genehmegungsprozedure kréie mer net an de Grëff, wa mer op ee puer Plazen Autorisatioune mussen ufroen”. Dat vun der Regierung geplangten Omnibusgesetz fir d'Vereinfache vun den administrative Prozeduren wier fir d’Architekten an Ingénieuren wesentlech. An Zukunft géif ee kloer Indikatioune kréien iwwert d’Contrainten, déi bei der Genehmegungsprozedur musse respektéiert ginn.

Et misst een de Wee fannen, erëm méi einfach openeen duer ze goen a mateneen ze diskutéieren, seet de Jos Dell. “Et geet net duer d’Dispositiounen aus enger Baugenehmegung ze respektéieren, och déi mënschlech Dimensioun, d’Zesummeliewen tëscht Nopere mussen erëm an de Virdergrond gesat ginn”.

Gesamtkonzept fir Albausanéierung

Beim Sanéiere vun aler Baustubstanz dierft een net Stéck fir Stéck virgoen, betount den OAI-President. Wichteg wier d’Analyse vun der Bausubstanz.

“Mir gesinn dacks Gebaier, déi markéiert sinn duerch hir kleng Fënsterbänken an déi de Gebaier an der Strooss och ee gewëssene Charakter ginn. Do soll een analyséieren, ob déi Detailer sollen erhale bleiwen oder net”.

2017: Energieklass A

Op der Generalversammlung vum OAI, leschten Donneschdeg, hat de Logementsminister Marc Hansen am Detail d’Wunnengsbaupolitik vun der Regierung, d'Klimabank an d'Thema nohaltegt Wunne beliicht. 2017 gëllt am Neibau d’Energieklass A. Fir de Jos Dell ass et wichteg, datt d’Fachleit genuch Informatioune kréien, iwwert déi nei Technologien am Beräich Dämmung oder Entlüftung.

Fachleit am Beräich vun der Energieeffizienz oder Albausanéierung ginn et zu Lëtzebuerg genuch, seet de Jos Dell. Zu Beetebuerg an engem Formatiounszentrum vun der Chambre des Métiers kréien d’Handwierker eng Weiderbildung ugebueden. Och den Ordre des architectes et des ingénieurs conseil (OAI) proposéiert an Zesummenaarbecht mam House of Training (vun der Chambre de Commerce) a mat der Agence de l’énergie hire 1600 Membere Formatiounen.

Den Ordre des Architectes et des ingénieurs conseils zielt ronn 1600 Memberen. Dorënner iwwert 600 Architekten an iwwert 1000 Ingenieuren an Urbanisten, déi all zesummen iwwert 4300 Persoune beschäftegen.

Jos Dell

Méi zum Thema

Habitat III
Infrastruktur

Déi nei urban Agenda vun der Habitat III Konferenz vun de Vereenten Natioune gëtt Richtlinne fir eng nohalteg, inklusiv a resistent Urbanisatioun. Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

Goldschmit-Angel
Urbanismus

Ze komplizéiert an net genuch Zäit, fir ze reagéieren. Dat ass d'Kritik vun der Oppositioun um neie PAG vun der Stad Lëtzebuerg. De Face-à-Face vum Patrick Goldschmidt (DP) a Marc Angel (LSAP).

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen