Radioen

On air

Notturno  |  Kyoto - Venetian Blinds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuerg fir Manchester a Birmingham interesséieren"

Nom "Brexit"-Vote

"Lëtzebuerg fir Manchester a Birmingham interesséieren"

Nieft London wéilt een och d’Relatioune mat anere Regiounen a Groussbritannien encouragéieren, sou de briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg. Mat neie Fluchlinne wéilt een, dem John Marshall no, Wirtschaftsbezéiungen ukierpen, Touristen a Studenten unzéien. An och den Image nom "Brexit"-Referendum oppoléieren?

auto_stories

2 min

De briteschen Ambassadeur John Marshall

D’Konsequenze vum EU-Austrëtt vu Groussbritannien op déi britesch Wirtschaft wiere schwéier virauszesoen, sot de briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg am 100,7-Interview. Den John Marshall ass zënter Mäerz vun dësem Joer op sengem Posten. “Mir sinn de Moment an enger Phas vun Analys”, eng Verhandlungsstrategie stéing nach net fest. Virum Referendum hätt ee kee Plang ausgeschafft - “aus gudde Grënn”, sou den Diplomat.

Fir all Secteur aus der Wirtschaft géifen elo d’Bezéiunge mat der EU iwwerpréift ginn. Um Enn misst d’Politik dann entscheeden, wéi an Zukunft d’Relatiounen tëschent Groussbritannien an der Europäescher Unioun sollen ausgesinn. Bis Enn Mäerz d’nächst Joer wéilt déi britesch Premierministesch Theresa May d’Austrëttsprozedur lancéieren. Dofir muss se den Artikel 50 vum EU-Vertrag invoquéieren.

Nieft London solle fir Lëtzebuerg aner Regiounen interessant ginn

Fir Lëtzebuerg ass jo besonnesch d’Finanzplaz London interessant. “Mir wëllen och d’Bezéiungen tëschent Lëtzebuerg an deenen anere Regiounen encouragéieren, dorënner Manchester a Birmingham”, erkläert den John Marshall. Kontakter tëschent de respektiven Handelskummere géife scho lafen.

Manchester, am Nordweste vun England, ass déi zweet-gréisste britesch Wirtschafts-Metropol. Ënnert de Schlësselsecteuren nennt den Ambassadeur Finanzservicer, Logistik, Autos- a Liewensmëttelindustrie. D’Stad wier des weidere bekannt fir hir Innovatioun a “Kreativ-Wirtschaft”. Interessant wiere Manchester a Birmingham och fir d'Studenten, fir Touristen a fir dat, wat se um kulturelle Plang ze bidden hätten, sou den John Marshall.

Nei Flich vu Lëtzebuerg aus op Manchester a Birmingham

Déi britesch Fluchgesellschaft Flybe proposéiert zënter kuerzem eng deeglech Verbindung op Manchester. Weider Flich op Birmingham (an de Midlands) sollen nokommen. Direkt Fluchverbindungen tëschent Lëtzebuerg a Groussbritannien goufen et bis viru kuerzem just op London. D’Gesellschafte Luxair, British Airways, Ryanair an Easyjet fléien op déi verschidde Fluchhäfe vun der Haaptstad.

Nei Fluchlinnen, ass dat net och ee Wee, fir den Image vu Groussbritannien nom "Brexit"-Referendum opzepoléieren? “Ech hoffen, datt de Ruff vun eisem Land net gelidden huet”, seet den John Marshall. “Et war eng Entscheedung vun eisem Vollek, fir aus der EU auszetrieden, net aus Europa”. Den Ambassadeur geet vu positiven zukünftege Bezéiunge mat der Europäescher Unioun aus

Datt Dosende britesch Bierger hei am Land déi Lëtzebuerger Nationalitéit wëllen ufroen, fir nom “Brexit” EU-Bierger kënnen ze bleiwen, wier eng individuell Entscheedung. “Déi duebel Nationalitéit ass bei eis erlaabt an normal”, sou de briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg.