Gesondheet "D’Lëtzebuerger leide relativ vill un Zivilisatiounskrankheeten"

Eurostat no lieft een zu Lëtzebuerg manner laang bei gudder Gesondheet wéi, zum Beispill, a Schweden. Hei am Land géif ee sech net genuch bewegen. De Risiko, fir krank ze ginn, géif domat klammen, seet den Direkter vun der Santé, Dr. Jean-Claude Schmit.

Michel Delage

Jean-Claude Schmit.JPG
Dr. Jean-Claude Schmit

Am Joer 2014 konnt eng Lëtzebuerger Residente bei hirer Gebuert domat rechnen, ongeféier 64 Joer laang bei gudder Gesondheet ze liewen (Männer liicht manner). An der deementspriechender Etude vun Eurostat läit Lëtzebuerg am ënneschte Mëttelfeld: a Schweden an an Norwegen sinn et bal zéng Joer méi.

Wéi sinn dës grouss Ënnerscheeder z’erklären? D’Statistike géifen an deene verschiddene Länner net no deene selwechte Critèren erstallt ginn, sot den Direkter vun der Santé, Dr. Jean-Claude Schmit, am Gespréich mam Christiane Kleer. An dann dat heiten: “D’Lëtzebuerger leide relativ vill un Zivilisatiounskrankheeten: mir hunn eng Bevëlkerung, déi relativ déck ass, déi sech – am Verglach mat anere Länner - net genuch beweegt”. Dat hätt Konsequenzen op verschidde Krankheeten.

"Nëmmen d’Hallschent ass sech bewosst, héije Bluttdrock ze hunn"

Dem Jean-Claude Schmit no hätten d’Leit keng Zäit, fir Sport ze maachen. Wéinst der Famill, wéinst der Aarbecht. Et misst ee mat de Betriber kucken, fir Sport op der Aarbecht méi einfach ze maachen. Virun allem misst d’Regierung hir Preventiounsprogrammer upassen. Dat heescht “de Leit d’Méiglechkeete ginn, dat besser ze maachen. Et kann een d’Leit net forcéieren, et muss een se motivéieren”.

Bis viru kuerzem hätt een zu Lëtzebuerg keng Statistike gehat iwwer déi verschidde Risikofacteuren, erkläert den Direkter vun der Santé. Zënter 2014 lafen zwou gréisser Etuden iwwert de Gesondheetszoustand hei am Land. Éischte Resultater no hätt ongeféier all Drëtten héije Bluttdrock. Doduerch géif de Risiko fir Häerzkreeslafkrankheeten (zum Beispill Hireschlag) erop goen.

“Nëmmen d’Hallschent ass sech bewosst, héije Bluttdrock ze hunn”, sou de Jean-Claude Schmit. “A vun deenen, déi diagnostizéiert sinn, ass ongeféier d’Hallschent net korrekt behandelt”. Wa se iwwerhaapt Medikamenter huelen, da falsch. Also: preventiv bei den Dokter goen, réit den Dr. Schmit.

Kriibsbehandlung: méi wierksam Medikamenter

U ville Krankheete stierwen hautdesdaags manner Leit, wéi dat fréier de Fall war. Mat Ausnam vu Kriibs. Fir den Dr. Schmit hätt dat domat ze dinn, datt d’Populatioun méi al gëtt. Kriibs géif méi fréi diagnostizéiert a méi dacks geheelt ginn. Mee “wann ee mat 50 Joer e Kriibs mécht an iwwerlieft, kann ee mat 70 Joer erëm en anere maachen”. Dogéint géife verschidden Zorte, wéi Daarmkriibs, wéinst dem besseren Depistage erof goen.

Fir d’Behandlung vu Kriibs wieren a deene leschte Joren eng ganz Rei nei Medikamenter op de Maart komm, “déi leider ganz deier, awer och ganz wierksam sinn, an déi ee ka genee cibléieren”.

Truvada géint HIV? "An Europa bei wäitem kee Konsens"

Fir den HIV-Virus ze behandelen, gëtt de Moment vill vum Mëttel Truvada geschwat. Eenzel EU-Memberstaate wéi Frankräich hunn et schonn agefouert. Zu Lëtzebuerg géifen d’Diskussiounen nach lafen, sou den Direkter vun der Santé. “An Europa gëtt et bei wäitem kee Konsens”. Truvada sollt nëmmen agesat gi bei Leit, déi een héicht Risikoverhalen hunn a kee Kondom wëlle benotzen – ee klengen Deel vun der Populatioun, sou de Jean-Claude Schmit. Des weidere misst mat der Sécurité sociale d’Fro vum Remboursement gekläert ginn.

Antibiotike ginn zu Lëtzebuerg vill verschriwwen. Engersäits géifen d’Dokteren dem Drock vun hire Patiente noginn, déi se wéilte verschriwwe kréien. Anerersäits missten d’Dokteren “hir Responsabilitéit huelen”, sou den Dr. Schmit. An och d’Pharmaindustrie misst ëmdenken. “Si huet en Interêt, hir Medikamenter ze verkafen, mee keen Interêt, datt hir Medikamenter schnell inefficace ginn”.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Christiane Kleer
Lauschteren

Méi zum Thema

Sébastian Thilges.jpg
Literatur

Wéi eng Plaz huet d'Gesondheet an der Literatur? Kann d'Literatur d'Gesondheet beaflossen? Ënnert anerem doriwwer diskutéieren Experten am Mierscher Literaturhaus um Colloque "Littérature et santé".

Truvada, blo Pëllen
Gesondheet

Präventiv Medikamenter kënnen de Risiko vun enger HIV-Infektioun däitlech reduzéieren. An enger Rei Länner gëtt d'Mëttel Truvada fir deen Zweck schonn agesat a rembourséiert. Net zu Lëtzebuerg.

Burnout
Gesondheet

Ëmmer méi Mënsche leiden ënnert engem sougenannte Burnout. Vu ville Säite gëtt gefuerdert, datt de Syndrom als Beruffskrankheet unerkannt gëtt. Ass dat berechtegt? Doriwwer ginn d'Meenungen auserneen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Noriichten

  • Aachtchen

  • Noriichten

Net verpassen

  • Krautwëschdag um radio 100,7

    krautwësch ouni Text

    De 15. August ass Léiffrawëschdag, en Dag op deem d'Natur an den Himmel am Mëttelpunkt stinn. De radio 100,7 proposéiert e Feierdagsprogramm.

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen