Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng sécher Acquisen

Gläichberechtegung

Keng sécher Acquisen

Den nationale Fraerot setzt sech dofir an, datt jonk Frae sech fir Fraerechter engagéieren. An engem internationale Ranking iwwer d’Gläichstellung tëscht Männer a Fraen ass Lëtzebuerg zwou Plazen no hanne gerëscht, op Plaz 34. D’Presidentin vum nationale Fraerot, d’Janine Reuland, seet si hätt sech dat net erwaart.

auto_stories

2 min

D’Schéier an der wirtschaftlecher Gläichstellung tëscht Männer a Fraen bräicht 170 Joer fir zou ze goen. Dat geet ervir aus engem Rapport vum Weltwirtschaftsforum. Aktuell géif déi Schéier esouguer ausernee goen. Männer verdéngen am weltwäite Verglach ëm 59 Prozent méi wéi Fraen. An deem internationale Ranking - wou nieft ekonomeschen Aspekter, och Gesondheet, Bildung, an déi politesch Participatioun vun de Fraen an der Gesellschaft gekuckt gouf - ass Lëtzebuerg ëm zwou Plazen zréck gerëtscht op Plaz 34.

Den nationale Fraerot stellt fest, datt d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer lues geet. Datt den Trend esouguer réckleefeg ass, dat hätt een net geduecht. “D’Mentalitéite changéiere lues”, seet d’Janine Reuland.

Neit Engagement néideg

”Fir déi jonk Fraen ass alles do, et gëtt kee Problem méi”, esou d’Presidentin vum nationale Fraerot. Déi erkämpfte Rechter aus de leschte 40 Joer, wären awer net onbedéngt vun Dauer. Déi jonk Frae missten iwwerleeën, fir sech fir Fraerechter a Gläichstellung ze engagéieren, fënnt d’Janine Reuland.

Den nationale Fraerot mobiliséiert dofir. Eng national Austauschplattform fir jonk Frae gëtt geschaaft. De Fraerot lancéiert dozou eng Informatiounscampagne an de Schoulen an op ëffentleche Plazen déi spezifesch jonk Frae viséiert, an net jonk Männer.

Frae solle Frae wielen

Fir d’Gemengewale lancéiert de Fraerot am Fréijoer zesumme mam Chancëgläichheetsministère eng Campagne, fir datt Fraen sech op Kandidatelëschten aschreiwen. Dozou wäerten och Formatiounen ugebuede ginn.

“Frae solle Frae wielen, a sech solidaresch weisen”, seet d’Janine Reuland. Et wär nach ëmmer an de Gewunnechten, datt et an der Koppel normal ass, datt e Mann eraus geet fir seng politesch Carrière op ze bauen.