Radioen

On air

Notturno  |  Gilad Hekselman - Verona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir eng Landwirtschaft ouni Pestiziden

Pestiziden

Fir eng Landwirtschaft ouni Pestiziden

30.000 Tonne Pestizide ginn all Joer an Europa versprëtzt. Dee gréissten Deel fir Liewensmëttel. Dat misst net sinn. D'Plattform "Ouni Pestiziden" weist, datt et Alternative fir d'Landwirtschaft ginn.

auto_stories

4 min

De Jacques Mersch vun "Ouni Pestiziden"

"Eng nohalteg Handhabung vun de Pestiziden ass net méiglech", seet den Ëmwelt-Toxikolog Jacques Mersch. Dofir misst schrëttweis ganz op Pestizide verzicht ginn. Dat ass och eng Fuerderung vun der Plattform "Ouni Pestiziden", déi eng ganz Parti ëffentlech Acteuren an Interessegruppen am Ëmweltberäich regruppéiert. Fir de Jacques Mersch missten nieft dem Glyphosat och d'Neonicotinoïden verbuede ginn, déi verantwortlech si fir d’Beiestierwen.

Enttäuschung iwwer nationalen Aktiounsplang

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen hat den 13. Abrëll den nationalen Aktiounsplang fir d'Reduzéierung vun de Pestiziden virgestallt. Et war sech vill dovun am Milieu vun den Elterenassociatiounen erwaart ginn; d’Enttäuschung ass grouss. Am Plang wäre keng konkret Ziler, Moossnamen an Zäitpläng virgesinn, kritiséiere Greenpeace an Natur an Ëmwelt.

Dat ëmstriddent Mëttel Glyphosat gëtt zu Lëtzebuerg bis op weideres net verbueden. Dem Pestizidenaktiounsplang no soll fir d’éischt eng Bestandsopnam vum Asaz vum Mëttel gemaach ginn.

Onkloerheet bei Glyphosat

D’Weltgesondheetsorganisatioun stuuft de Glyphosat als wahrscheinlech kribserregend an, déi europäesch Gesondheets- a Liewensmëttelagence seet just de Contraire. D’Etude vun der EFSA berifft sech op Etudë vun de Glyphosat-Produzenten, déi bis ewell net konnten ëffentlech consultéiert ginn, mam Argument vum Betribsgeheimnis.

"Wa Problemer mat engem Mëttel optrieden, da läit d'Beweislaascht net bei deem, deen d’Mëttel op de Maart bruecht huet, mee bei deenen, déi d’Mëttel erlaben oder bei de Benotzer", seet de Jacques Mersch.

Landwirtschaft ouni Pestiziden

D’EU-Parlament huet decidéiert, datt nei Etudë musse gemaach ginn, an datt dobäi och d’Dokumentatioun vun de Produzenten ëffentlech gemaach muss ginn. An Europa ginn 300.000 Tonne Pestiziden d'Joer versprëtzt, dat si pro Hektar d’Joer véier Kilo, seet den Ëmwelttoxikolog. De gréissten Deel géing fir Liewensmëttel agesat ginn.

"D’Biolandwirtschaft beweist, datt een och an der Landwirtschaft op Pestizide verzichte kann," seet de Jacques Mersch. "Wann an Europa all 3 Minutten e landwirtschaftleche Betriib ophält, dann ass dat keng nohalteg Landwirtschaft."