Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “ITM net nëmmen do fir d’Salariéen, och fir d’Patronen"

Reform Gewerbeinspektioun

“ITM net nëmmen do fir d’Salariéen, och fir d’Patronen"

De Marco Boly, Interimsdirekter vun der Gewerbeinspektioun, huet den Optrag kritt fir dës Verwaltung ze restrukturéieren. Datt d’ITM an engem desolaten Zoustand war, weess een net eréischt zënter der Verëffentlechung am Mäerz vun engem weideren Audit. Wat huet sech zënter hir gedoen?

auto_stories

3 min

Marco Boly, Interimsdirekter ITM

Zënter Mäerz hätt d’Inspection du travail et des mines (ITM) en Organigramm. De Gesetzprojet, deen der ITM méi Sanktiounsméiglechkeete soll ginn, wier ënnerwee. Elo wier een amgaang, Prozesser z’identifizéieren, Prozeduren ze schreiwen an, virun allem, d’Missioune vun der Gewerbeinspektioun genee ze definéieren, sou de Marco Boly am 100,7-Interview.

No 22 Joer am Privatsecteur ass hien am Oktober d’lescht Joer an den ëffentlechen Déngscht, bei d’ITM gewiesselt. Am Januar vun dësem Joer huet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit dem Marco Boly ee Joer ginn, fir d’Verwaltung ze restrukturéieren.

“Bei der ITM gëtt et och Leit, déi ganz gutt schaffen”

D’Basis ass een Audit vun Ernst & Young . Een Dokument, dat den Androck vermëttelt huet, wéi wa bei der Gewerbeinspektioun net vill géif riicht lafen ouni den allgemenge gudde Wëlle vum Personal, der Eegeninitiative vun eenzelne Mataarbechter an enger gudder Portioun Improvisatioun. “Bei der ITM gëtt et och Leit, déi ganz gutt schaffen”, ënnersträicht de Marco Boly.

D’Verwaltung, déi sech em d’Kontroll vun der Aarbechtswelt bekëmmert, wier vu strukturelle Problemer geplot, déi iwwert d’Joere gewuess sinn. Déi meescht wieren zënter 2002 bekannt. War politesche Wëllen do? Den Interimsdirekter léisst déi Fro am Raum stoen.

D'Personal bei der ITM an zéng Joer verduebelen

D’Personal misst ee konsequent forméieren an, zesumme mat senger Aarbecht, “valoriséieren”, fir datt et den neien Aufgabe gerecht gëtt. Am Beräich vum Sozialdialog an duerch sëllech EU-Direktive (Detachement vun auslänneschem Personal, méi streng Sécherheetscritèrë fir geféierlech industriell Aktivitéiten) kéime nei Erausfuerderungen op d’ITM duer.

Déi aktuell honnert Leit Personal hält de Marco Boly fir net genuch. An zéng Joer misst dat Duebelt erreecht ginn. “An enger globaliséierter Welt, wou den 'dumping social' der Lëtzebuerger Economie schued, musse mer kënne prett sinn”. Mat massivem Rekrutement wier et awer net gedoen, et misst een d’Käerkompetenzen identifizéieren. De fréiere Manager aus dem Privatsecteur strieft eng “smart administration” un.

Wéi nohalteg ass e System, dee "gesellschaftlech Wracke" produzéiert?

“Mir sinn net nëmmen do fir d’Salariéen, mir sinn och do fir d’Patronen”, gëtt de Marco Boly ze verstoen. D’ITM misst sech “sou moderniséieren, datt mer fir d’Lëtzebuerger Economie déi ‘plus value' sinn, déi mer brauchen”.

Gläichzäiteg stellt sech de faktesche Chef vun der Gewerbeinspektioun Froen iwwert d’Nohaltegkeet vum allgemenge Wirtschaftsmodell, iwwert d’Ursaache vun de psychoziale Problemer an der Aarbechtswelt, iwwert ee System, dee “gesellschaftlech Wracke” géif produzéieren.

De Marco Boly gesäit sech selwer senger Aufgab gewuess, hie géif den néidege “bagage technique” matbréngen. Wa säin offiziellt Mandat Enn dës Joers ausleeft, da wier hie gär bereet, weiderzefueren.