Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Islamophobie an der EU

Europa

Islamophobie an der EU

Ronn ee Mount no de bluddegen Attentater zu Bréissel haten de 17. Mäerz eng 150 Organisatioune zu enger "Marche Contre la terreur et la haine" opgeruff. Zwëschent 7.000 an 10.000 Manifestanten hunn op d'Gefore vum Kommunitarismus a vun enger gespléckter Gesellschaft opmierksam gemaach. Zu engem Zäitpunkt, op deem d'Islamophobie an der ganzer Europäescher Unioun klëmmt.

auto_stories

5 min

De 17. Abrëll um 14 Auer hate sech knapp 3.000 Manifestante bei der Gare du Nord zu Bréissel rassembléiert. D'Ambiance war gutt. Obwuel d'Emotiounen ze spiere waren, ass den Humor déi beschte Waff géint d'Angscht.

"Avec tout ça, nos frites ont refroidi" steet um Schëld vun enger Manifestantin. Ëmmer nees opzestoen an d'Saache mat Selbstironie an Humor ze huelen wär Deel vun der belscher Identitéit, erkläert si. "An et stëmmt, datt d'Fritte kal gi sinn. Mee mir liewe weider."​

Sozialen Zesummenhalt géint Terror

D'Zil vun der Manifestatioun ass et ze weisen, datt d'Belsch gëeent géint den Terror steet. D'Organisateure hunn e Manifest um Internet verëffentlecht. Si plaidéiere fir eng Verstäerkung vum sozialen Zesummenhalt. Dat wär dat bescht Mëttel géint den Terrorismus, dee sech u sozialen a ethneschen Spaltunge stäerkt.

Um Francis sengem Panneau steet "Ne pas céder à la peur". Da géifen d'Terroriste gewannen, seet hien. "Vill Leit hu momentan Angscht fir de Metro ze huelen. Si panikéieren. Dat ass net gutt, well et Haass a Rassismus schaaft."

"Mir si keng Terroristen"

Am Cortège zu Bréissel, dee séier méi grouss gëtt, ass déi muslimesch Communautéit gutt vertrueden. Si droen all dee selwechte Message: "Mir si keng Terroristen. Den Islam ass virun allem eng Relioun vum Fridden."

Et wär ee fir d'éischt Mënsch, an da Moslem, erkläert eng Manifestantin. Awer den Terror ass fruchtbare Buedem fir Haass. Dat kritt och d'Fatima ze spieren, déi mat hiren zee Kanner manifestéiere koum: "Leider gi mir all Dag agresséiert. Egal ob mir am Auto sinn, op der Aarbecht oder wa mir akafe ginn. Et schaaft vill Haass. Dobäi gehéiere mir net zu där Zort Mënschen."

Hausse vun der Islamophobie

De Phänomen gëtt et net just an der Belsch. An der EU ass d'Zuel vun den islamfeindlechen Akten 2015 ëm 500 Prozent an d'Luucht gaangen. Dat geet aus engem rezente Rapport iwwer d'Donnéeën aus allen EU-Memberstaaten ervir.

A Frankräich ass d'Tendenz ganz staark. An de Succès vun der Pegida-Bewegung an Däitschland oder vun de populistesche Parteien an Nordfrankräich weist, datt et eng generell Entwécklung gëtt. De franséischen Historiker Pascal Blanchard steet hannert där Thes. De Moslem wär a ganz Europa zum gemeinsame Feind ginn, huet hien Enn Mäerz bei engem Colloque erkläert. Et géife wéineg Länner ginn, an deenen d'Stigmatisatioun net dominant wär. "Wann een d'Statistike kuckt, ass "de Moslem" an zéng Joer zum designéierte Feind ginn."

Dës Stigmatisatioun ka verhängnisvoll Konsequenzen hunn. Virun allem op eng jonk Populatioun ouni Perspektiven, op déi souwisou mam Fanger gewise gëtt. A verschiddene Memberstaate fuerderen Organisatioune géint d'Islamophobie méi staark a systematesch Sanktioune géint Rassismus, dee sech géint Mosleme riicht. Nëmme sou kënnen terroristesch Organisatiounen den Nährbuedem fir nei Recrutementer entzu kréien.