Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Crinan Wood - In Your Room

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "A la luxembourgeoise"

Digital Zukunft

"A la luxembourgeoise"

No zwielef Méint ass dem US-Economist Jeremy Rifkin seng Etude fir méi eng nohalteg Lëtzebuerger Wirtschaft am digitalen Zäitalter fäerdeg. 250 Acteuren ware bedeelegt: si hunn d'Virgabe 'gechallenged' an dem Jeremy Rifkin erkläert, datt hei Munches géif anescht fonctionnéieren, esou d'Chambre de Commerce. D'Chambre des Salariés bedauert, datt si net vun der Regierung invitéiert gouf fir mat ze diskutéieren.

auto_stories

3 min

Norbert Tremuth (Chambre des Salariés) a Carlo Thelen (Chambre de Commerce)

"Mir tappen am Däischteren a wëssen net, wat an der Etude steet", esou den Direkter vun der Chambre des Salariés (CSL). Den Norbert Tremuth huet dat an der Emissioun Riicht Eraus bedauert. Hien huet mam Fanger op d'Regierung gewisen: d'Chambre de Commerce hätt alles gemaach, fir datt d'Regierung d'CSL invitéiert. Wollt d'Regierung also net? 'Ech weess et net', esou den Norbert Tremuth. Vläicht wier et e Problem mam Courrier ginn, huet den CSL-Direkter ironesch gemengt.

Chambre de Commerce huet matgeschafft

D'Etude wier ganz gutt verlaf, esou de Carlo Thelen: "Mir wollten als Chambre de Commerce sécher stellen, datt hei net just en Expert seng Standard-Versioun op den Dësch leet." Dat wier gelongen. D'Resultat wier eng Lëtzebuerger Etude a keng amerikanesch.

D'Etude, déi am Hierscht soll ëffentlech ginn, wier an néng Aarbechtsgruppen diskutéiert ginn. Konkret Konklusiounen huet de Carlo Thelen net genannt. Den Jeremy Rifkin géif probéieren, déi Wirtschaftsberäicher ze kombinéieren, déi senger Meenung no an Zukunft eng grouss Roll spillen an an deene Lëtzebuerg scho Stäerkten huet. An der Etude géifen och d'Konsequenzen op de Gesellschaftsmodell an op den Aarbechtsmaart analyséiert ginn.

CSL mécht eegen Analyse

Den Direkter vun der Chambre des Salariés huet annoncéiert, datt d'Beruffschamber den Ament eng Analyse mécht vum méiglechen Impakt vun der digitaler Zukunft op den Aarbechtsmaart an d'Aarbechtsrecht. Obwuel een net an d'Etude vum Jeremy Rifkin mat agebonne gouf, géif d'CSL an deene Froe mat de Beruffschamberen aus Éisterräich an aus dem Saarland zesumme schaffen. Donieft wier eng Etude am Gaangen iwwer d'Auswierkunge vun de Smartphones op d'Aarbechtskonditioune vun de Salariéeën.

Sech eens sinn den Norbert Tremuth an de Carlo Thelen, datt besonnesch kleng a mëttelgrouss Betriber riskéieren ënnert der digitaler Transitioun ze leiden. "Wie Wäschmaschinne verkeeft, kann drënner leider wa Wäschmaschinnen iergendwann nëmmen nach geleased ginn", esou de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.

Pensiounskierzungen?

Wann de Wirtschaftswuesstem méi nohalteg soll ginn, muss dat net heeschen, datt et manner Wuesstem gëtt, huet de Carlo Thelen gemengt. Bis elo wier d'ekonomesch Croissance hei am Land staark vun enger Croissance vun der Beschäftegung ofhängeg gewiescht. An Zukunft misst méi op d'Produktivitéit gesat ginn.

"Et soll een elo net Affer verlaangen, well mer vläicht eng Kéier e Problem kréien", äntwert den Norbert Tremuth. Éischtens géif et dem Land a senge Staatsfinanze gutt goen, an zweetens kéint een d'Zukunft net viraussoen. Woumat de Carlo Thelen net averstanen ass: Et géif net dorëms goe fir Affer ze verlaangen. D'Zukunftsdebatt, déi d'Regierung dësen Hierscht féiere wëll, sollt een net negativ ugoen. An engem idealen Szenario kréichen d'Ännerungen am digitalen Zäitalter och positiv Auswierkungen op d'Liewe vun de Leit. Trotzdem kéint et net sinn, datt Lëtzebuerg bis 2060 op eng duerchschnëttlech ekonomesch Croissance vu véier Prozent ugewisen ass fir säi Sozialsystem ze garantéieren. Da missten d'Leit vläicht och bereet si fir op een oder zwee Prozent vun hirer Pensioun ze verzichten.