Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: Impakt op de Lëtzebuerger Wunnengsmaart?

Immobilien

Brexit: Impakt op de Lëtzebuerger Wunnengsmaart?

De Brexit kéint Auswierkungen op den Immobiliemarché hei am Land hunn. Am Logementsministère, bei den Agencen an och der Chambre immobilière ass dat een Thema. An trotz Onkloerheet, ginn et Zeenarien.

auto_stories

4 min

Duerch de Brexit kéinte méi Büroen, mee och Wunnengen zu Lëtzebuerg gebraucht ginn

Et ginn nëmme spekulativ Zuelen doriwwer wéi vill Leit duerch de Brexit op Lëtzebuerg kéinte kommen, heescht et vum Logementsministère. Och de Generaldirekter vun der Immobilienagence Jones Lang LaSalle seet, et wier schwéier virauszegesinn a wéi enger Gréisstenuerdnung Firmen de Wee vu London op Lëtzebuerg kéinte fannen. "Een Deel vum Haaptbusiness verlagert sech sécher an aner europäesch Stied, an hoffentlech och op Lëtzebuerg. Mee ech géif net vun Dausenden Aarbechtsplaze schwätzen", sou de Romain Müller.

De President vun der Chambre immobilière, Jean-Paul Scheuren, hält sech och bedeckt. Hie mengt net, datt verschidde grouss Banke sech Lëtzebuerg als Site fir en neie Siège an Europa géifen eraussichen. Grouss Player sinn, senger Meenung no, nach éischter vun anere grousse Finanzzenteren ugezunn, "wéi Frankfurt oder Paräis".

"Net sou vill Leerstand wéi aner Länner"

Eng 3,6 Millioune Meter carré Bürosraimlechkeete ginn et haut zu Lëtzebuerg. "Dovu stinn 140.000 Meter carré eidel. Domat hu mir net sou vill Leerstand wéi aner Länner", seet de Romain Müller vun Jones Lang LaSalle. E staarke "Brexodus" a Richtung Lëtzebuerg gesäit hien dowéinst als méiglech "Strapaz". De Jean-Paul Scheuren vun der Chambre Immobilière mécht sengersäits drop opmierksam, datt och nach vill Bauprojeten an de Startlächer stinn, an eng méi grouss Demande kéinten opfänken.

Nieft dem Bürosbestand stellt sech awer och d'Fro vun de Kapassitéiten a Saache Privatwunnengen. Am Logementsministère geet een dovun aus, datt déi betraffe Leit an enger éischter Phase um Locatiounsmarché aktiv wäerte sinn. Dem President vun der Chambre Immobilière, Jean-Paul Scheuren, no wieren Appart-Hoteler och nach eng Optioun fir d’Leit ënner ze bréngen. "Da kënnen si sech d'Plaz fir d'éischt ukucken ier si sech definitiv installéieren. Mir hu souwisou Zäit fir eis ze adaptéieren, well de Brexit eng méi laang Prozedur wäert mat sech bréngen".

Héich qualifizéiert + héije Revenu = Stad an Emgéigend

Attraktiv fir eng international Clientèle sinn, dem Logementsministère no, virun allem d'Quartieren an a ronderëm d'Stad. Do geet ee vun héichqualifizéierte Leit aus, déi éischter Wunnengen op engem gehuewene Präisniveau sichen. Dovu geet och de Jean-Paul Scheuren aus. "Déi Leit déi heihi kommen, sinn éischter an héich Revenuscategorien anzeklasséieren. Déi Leit hunn an de leschte Joren ëmmer d'Proximitéit vun der Stad gesicht". Mee och Belval kann de Jean-Paul Scheuren sech als attraktiv Wunnplaz virstellen.

Mee kéint déi méi grouss Nofro um Wunnengsmaart sech net och op d’Präisser auswierken? Soulaang d‘Offer um Marché méi kleng ass wéi Demande, wäert dat ëmmer een Afloss op d‘Präisser hunn, mengt de Vertrieder vun der Chambre Immobilière. Trotzdem wëll hien net vun enger imminenter Inzidenz op de Marché schwätzen.

Wann d'Präisser erop ginn, da lues

"Fir d'éischt entsteet d'Demande an duerno ginn d'Präisser eventuell adaptéiert, dat zitt sech iwwer eng länger Zäit". De Jean-Paul Scheuren ass awer och der Meenung, datt "d'Demande an d'Offer" egal wéi zu Lëtzebuerg "rëm zesumme bréngen". Et géif hei och net vun honnert Dausende Leit geschwat ginn. "Mir hu souwisou net d'Kapazitéte fir déi ze empfänken.

Dem Generaldirekter vun Jones Lang LaSalle Romain Müller no wäert eng Nofro um Immobiliemarché zu Lëtzebuerg duerch de Brexit kee massiven Impakt op d’Präisser hunn: "Hei bitt sech de Promoteuren d'Méiglechkeet e groussen Deel virzeverkafen, wouduerch si attraktiv um Präis kënne sinn".

De Lëtzebuerger Marché ass anescht wéi London

Zu London gëtt dacks de Loyer vu Wunnenge pro Woch bezuelt an net pro Mount, wéi zu Lëtzebuerg. De Romain Müller mengt awer net, dass een e Verglach tëscht Lëtzebuerg a London an dem Kontext kéint zéien: "Zu London sinn d'Loyeren dacks pro Woch sou héich wéi se hei pro Mount sinn. Hoffentlech kréie mir déi Valeuren ni zu Lëtzebuerg, dat wier net positiv fir d'Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen". De Woche-Loyer zu London wier duerch eng relativ grouss Flexibilitéit um Aarbechtsmarché bedéngt, e Phänomen, deen et esou zu Lëtzebuerg net géif ginn.

Prinzipiell hänken d’Konsequenze vum Brexit – an deemno och den eventuellen Impakt op de Lëtzebuerger Immobiliemarché – an éischter Linn vun enger Saach of: An zwar, wat bei de Verhandlungen tëscht Groussbritannien an der Europäescher Unioun iwwer d’Konditioune vum briteschen EU-Austrëtt eraus kënnt.