Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Huet Glyphosat eng Zukunft an der Landwirtschaft?

Landwirtschaft

Huet Glyphosat eng Zukunft an der Landwirtschaft?

Zu Bréissel koum et net zu engem Vote iwwert eng eventuell Neizouloossung vu Glyphosat. Zanter Méint gëtt doriwwer diskutéiert, ob d'Mëttel fir d’Gesondheet vu Mënsch an Ëmwelt schiedlech ass oder net. Wéi gesinn déi Verantwortlech um Terrain den ëmstriddenen Herbizid a wat ass d'Strategie vu Lëtzebuerg?

Tessy Steffen-Koenig / ys

auto_stories

4 min

©sauletas / Bigstock

Glyphosat steet am Verdacht, kriibserregend ze sinn. Dat geet ass enger Etude vun der Internationaler Kriibsfuerschung vun der Weltgesondheetsorganisatioun ervir. Aner Etudë vun der Europäescher Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet an dem Bundesinstitut für Risikobewertung widderleeën dës Ausso awer. Zanter Méint gëtt doriwwer gestridden, wie Recht huet.

Keng Majoritéit fir Neizouloossung

Zu Bréissel koum et net zu engem Vote iwwert eng eventuell Neizouloossung vu Glyphosat. Dat huet de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen confirméiert. Et wier keng Majoritéit ginn. Nëmme 17 Memberstaten, dat si 47 Prozent, hätte sech dofir ausgeschwat. Dem Fernand Etgen no wäert ee sech op nationalem Niveau zesumme setzen, fir déi lëtzebuerger Virschléi ze ënnerbreeden.

D’EU-Kommissioun fuerdert elo datt d’Memberstaten d'Ännerungsvirschléi zu hirer Propositioun bis den 18. Mäerz sollen erareechen. Wéini eng definitiv Décisioun wäert fale wär schwéier ze soen esou de Landwirtschaftsminister. 

Alternativen zu Glyphosat

De Martin Häusling, Member fir déi däitsch gréng am Europaparlament, seet, datt et kloer Alternative géingen zum total Herbizid Glyphosat ginn. Et kéint ee mechanesch eppes géint ongewollte Planze maachen, wéi beispillsweis kappen, strigelen, plouen an eng raisonnabel Fruchtfolleg anhalen. Glyphosat géing just agesat ginn, well et bëlleg wier, esou de Martin Häusling.

Am integréierte Planzeschutz hätt Glyphosat keng Plaz: Glyphosat géif nämlech all Planz doud maachen. Hie fuerdert d'Ënnerstëtzung vu manner aggressive Methoden an der Landwirtschaft. "Glyphosat ass eng Form, déi ee fir déi industriell Landwirtschaft gebraucht huet."

Landwirtschaftskammer wëll net verzichten

De Pol Gantenbein vun der Landwirtschaftskammer widdersprécht dem Martin Häusling. Et géife keng konkret Alternative ginn. Wann de Produit géif verschwannen, misst ee sech Gedanke maachen, wéi een dat kéint duerch ee ganzen Ubausystem kompenséieren.

D’Landwirtschaft an de Ministère gesinn an, datt en integréierte Planzeschutz néideg ass, seet de Pol Gantenbein weider. Et wier awer net kloer, wéi eng Leitlinnen et dofir ginn. Glyphosat bezeechent hien als ee wichtege Bausteen, op deen een net wéilt verzichten.

Pestiziden an der Nahrungsketten

Wann d’EU de Glpyhosat fir weider 15 Joer géif zouloossen, wär dat eng Néierlag fir de Schutz vum Konsument, seet de Jacques Pir vum Mouvement écologique. "Et kann een net einfach hinhuelen, datt an där gesamter Nahrungsketten esou ee Breetband-Pestizid ass." De Mouvement fuerdert bis 2020 eng Reduktioun vun de Pestiziden ëm 30 Prozent.

D’EU-Kommissioun géing hei net nom europäesche Principe de précautions handelen: Fir d’éischt beweisen, datt eppes ongeféierlech ass an et da réischt nei zouloossen.

Glyphosat ass och ënner dem Handelsnumm "Roundup" bekannt ©Defotoberg / Bigstock

Gefor fir d'Biodiversitéit

Glyphosat hätt en negativen Afloss op d’Biodiversitéit, ënnersträicht de Martin Häusling. Dacks géifen d’Auswierkungen op Wëll- an Notzdéieren, souwéi Insekten an Déieren am Waasser net berücksichtegt ginn. Ausserdeem géif et u konkreter Fuerschung feelen, esou den Europadeputéierten. "Wa mir gesinn, datt 40 Prozent vun de wëllen Déieren a vun de Planze menacéiert sinn, dann ass dat natierlech och e wichtegen Aspekt."

Ongewéinlech wier et och, datt d’Zouloossung fir 15 Joer gëlle soll. Normalerweis wieren et 10 Joer. Donieft géifen et an der geplangter Autorisatioun keng Aschränkunge ginn.Trotz de Risike wier net virgesinn, Glyphosat op d’mannst virun der Recolte ze verbidden.

Sikkatioun verbidden

Dat kritiséiert och de Landwirtschaftsminister. Domat justifiéiert de Fernand Etgen d’Enthalung vu Lëtzebuerg am Vote ëm eng Nei-Zouloossung vum Glyphosat.

"Op nationalem Plang wëlle mir d'Sikkatioun zukünfteg verbidden, fir eng zousätzlech Belaaschtung vun eise Liewensmëttel an der Ëmwelt ze vermeiden. Sikkatioun, dat ass d'total Ofsprëtzung vun engem Feld virun der Recolte." Och aner Länner hätten ähnlech Bedenke geäussert a kéinten dem Text net zoustëmmen.

Aktiounsplang Pestiziden

Eent vun den Haaptziler am nationalen Aktiounsplang wier d’Reduktioun vun de Pestiziden. Dofir missten awer konkret zäitlech a quantitativ Ziler virgeschloe ginn. Et kann een also op d’ëffentlech Consultatioun vum Aktiounsplang gespaant sinn: An enger éischter Versioun stoungen nämlech keng esou Ziler dran.

Et ginn Zweiwelen drun, ob et duerch reng Informatioun a Formatioun effektiv zu enger Reduktioun vu Pestiziden an der Landwirtschaft ka kommen. Bis elo ass et net kloer, wéi vill eigentlech gebraucht gëtt, well et wéineg konkret Zuelen a Statistike ginn. Dem Ministère no ginn an der Lëtzebuerger Landwirtschaft pro Joer 17 Tonne Glyphosat benotzt.