Raymond Aendekerk am Gespréich Greenpeace fuerdert méi Zäit fir TTIP

De Raymond Aendekerk ass neien Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg. Säin neit Mandat kënnt parallel mam Leak vun TTIP-Dokumenter. Hie rechent net mat engem séieren Accord zwëschent Europa an den USA.

Mick Entringer / ys

Raymond Aendekerk
Raymond Aendekerk

Greenpeace fuerdert méi Zäit fir d’TTIP-Verhandlungen. De breede Public, d’ONGen an d’Zivilgesellschaft solle vun elo u méi mat an d’Diskussiounen iwwert en transatlantesche Fräihandelsaccord agebonne ginn, seet den neien Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg. Dem Raymond Aendekerk no wär et net dramatesch, wa sech d’Verhandlungspartner bis Enn vum Joer net géingen eens ginn. Dat wär éischter e Problem fir d'USA, wéi fir Europa.

Méi Zäit fir den TTIP

Greenpeace hat den 1. Mee en Deel vun de TTIP- Verhandlungsdokumenter verëffentlecht. Deels bekannte Positioune vun den USA sinn doduerch déi éischte Kéier schwaarz op wäiss nozeliesen: http://www.greenpeace.org/luxembourg/fr/news/TTIP-LEAKS---Texte-jetzt-verfugbar/

Anescht wéi fir d’USA, war d’Verhandlungspositioun vun der EU ëffentlech. Déi Dokumenter, déi Greenpeace publizéiert huet, spigelen déi aktuell Fuerderungen vu béide Verhandlungspartner vum transatlanteschen Handelsofkommes erëm. Et ass kee fäerdegen Text, d’Dokumenter beleeën awer déi bis ewell net genee bekannte Positioune vun den USA. Greenpeace Lëtzebuerg ass d’Origine vun den Dokumenter net bekannt.

Knackpunkten, déi aus den Ënnerlagen ervir ginn, sinn de Précautiounsprinzip, déi privat Schiedsgeriichter, an ënner anerem den Drock, deen d’USA op déi europäesch Autosindustrie maachen, wann d’EU hire Marché net fir US-Agrarprodukter opmécht.

D'Positioune vun den USA an der EU leien deels diametral auserneen, seet de Raymond Aendekerk. Den Direkter vu Greenpeace geet dovun ass, datt bis zum Enn vum Joer keng Eenegung ze fannen ass. Dat wär senger Meenung no net dramatesch.

Greenpeace huet entscheet, déi 13 Kapitel, 250 Säiten Text, däitsche Medien ze ginn, fir d’Ënnerlagen zesumme mat hinnen opzeschaffen. Et hätt een op d’Expertise vun deene Medie wëllen zréckgräifen, seet de Raymond Aendekerk.

Keng politesch Mandater méi bei déi gréng

De Raymond Aendekerk huet seng politesch Mandater opginn, fir Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg ze ginn. Dat war eng Konditioun vun der ONG. Hie war bis viru kuerzem grénge Schäffen zu Betzder an huet och déi lescht Chamberwale fir déi gréng kandidéiert.

No 28 Joer Aarbecht béi der Stëftung "Natur an Ëmwelt" an an der Biolandwirtschaft wëll den ausgebiltenen Agronom seng Experienzen als Greenpeace-Direkter méi politesch abréngen. Wat reizt de Raymond Aendekerk fir e politesche Lobbyist ze ginn? “Fir Saachen ze veränneren”. Hien erwaart sech eng nei perséinlech Satisfaktioun.

De Raymond Aendekerk ass och Member am Verwaltungsrot vun Oikopolis, de Grupp vun der Cooperative vun der Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg. Datt Bioprodukter zu Lëtzebuerg esou deier sinn, hätt domadder ze dinn, datt mat just 4 Prozent vum Undeel un der Gesamtlandwirtschaft just kleng Quantitéite Bioprodukter hirgestallt ginn. "Mat klenge Quantitéiten huet een héich Fraisen." Den neie Greenpeace-Direkter mengt awer net, datt Bio just eppes fir déi räich Mëttelschicht wär.


Links
Greenpeace Lëtzebuerg: http://www.greenpeace.org/luxembourg/fr/​
​TTIP Leaks: https://www.ttip-leaks.org/

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Christian Kmiotek.JPG
Christian Kmiothek vun déi gréng

Mat 10 Prozent vun de Wieler kéint een net d'ganz Welt bewegen, seet de Christian Kmiotek. An der Regierungsaarbecht géif een awer den Afloss vun déi gréng gesinn. Net just bei Ëmwelt-Sujeten.

Jacques MErsch.JPG
Pestiziden

30.000 Tonne Pestizide ginn all Joer an Europa versprëtzt. Dee gréissten Deel fir Liewensmëttel. Dat misst net sinn. D'Plattform "Ouni Pestiziden" weist, datt et Alternative fir d'Landwirtschaft ginn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen