Radioen

On air

Notturno  |  Chaild - Hardcore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Glyphosat: Regierung bleift bei hirer Positioun

Landwirtschaft

Glyphosat: Regierung bleift bei hirer Positioun

D'Lëtzebuerger Regierung ännert hir Positioun zum Pestizid Gylphosat net. Dorun ännert och déi nei Etude vun der WHO näischt. De Minister Fernand Etgen mengt och, de Vote kéint rëm verluecht ginn.

auto_stories

4 min

Etgen: "Mat der aktueller Kontrovers ass d'Enn vun dësem Pestizid agelaut"

D'Lëtzebuerger Regierung ännert hir Positioun zum Pestizid Gylphosat net, och net nodeems um Méindeg eng nei Etude vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) de Glyphosat als wahrscheinlech net kriibs-ereegend bezeechent huet. Beim Vote iwwer d'Verlängerung vun der Zouloossung vun deem ëmstriddenen Herbizid an der EU wëll Lëtzebuerg sech also weider enthalen. Et hätt een d'EU-Kommissioun opgefuerdert, d'Sprëtze vu Glyphosat virun der Recolte ze verbidden, grad ewéi d'Notzung duerch Privatleit, sou de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen am 100,7-Interview.

Den europäesche Comité fir Verbraucherschutz a Liewensmëttelsécherheet kënnt e Mëttwoch an en Donneschdeg zesummen, fir iwwert eng Verlängerung fir d’Autorisatioun vun deem ëmstriddene Pestizid Glyphosat ze decidéieren.

Ëmweltorganisatioune bleiwe kritesch

Fir d'Etude, déi ganz kuerz virdrun erauskoum, hunn Experte vun der Weltgesondheetsorganisatioun an der Welternährungsorganisatioun déi fir Mënsche relevant Dose vu Glyphosat un Déiere getest. D'Konklusioun: Et wier onwahrscheinlech, dass Glyphosat, an dëse limitéierte Quantitéiten, e Kriibsrisiko fir Mënsche géif bedeiten.

Am Mäerz zejoert hat d'WHO nach an engem Rapport behaapt, de Glyphosat wier wahrscheinlech kriibsereegend. ​Ëmweltorganisatioune bleiwe kritesch, verschiddener geheien den Experte vun der neier WHO-Etude och Kontakter zu der "Industrie-Lobby" vir.

Etgen fuerdert Reform vun Zouloossungsprozedur

Den DP-Minister Fernand Etgen kritiséiert, datt "Last minute"-Publikatiounen d'Zouloossungsprozedur méi komplizéiert géife maachen. Hien ënnersträicht, datt déi eenzel Etudë verschidde Methoden applizéiert hunn. Bei där enger wier generell den Afloss vu Gyphosat op de Kierper getest ginn, onofhängeg vun der Quantitéit, bei där anerer wier et drëm gaang, Glyphosat-Réckstänn a Liewensmëttel ze sichen a méiglech Suitten dovun ze analyséieren.

Prinzipiell wier d'Prozedur net transparent an net vertrauenswürdeg, seet de Fernand Etgen, deen dowéinst eng "grondleeënd Reform" vun den Zouloossungsprozeduren an der EU fuerdert.

De Vote kéint op e Neits verluecht ginn

De Minister huet och drop higewisen, datt déi Europäesch Agence fir chemesch Substanzen nach eng Etude iwwer de Glyphosat mécht. Réischt wann och d'Resultater vun där Etude ëffentlech sinn, wier a sengen Aen de richtegen Zäitpunkt fir ee Vote.

Well ënnert anerem och Däitschland sech eventuell wäert enthalen, kéint déi néideg Majoritéit net zustan kommen. Dem Fernand Etgen no kéint et dowéinst sinn, dass et dësen Donneschdeg net wéi geplangt zum Vote kënnt. Zur Fro, ob et kuerzfristeg bis mëttelfristeg zu engem Verbuet vum Glyphosat an der EU géif kommen, sot de Minister "mat der aktueller Kontrovers" wier "d'Enn vun dësem Pestizid agelaut".

Lauschtert de ganzen Interview mam Fernand Etgen: