Radioen

On air

E-Lodie  |  Seabuckthorn - Old Saying

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemenge soen "Nee"

Policereform

Gemenge soen "Nee"

D'Policereform gesäit vir, datt 14 Commissariats de proximité sollen zougemaach ginn, fir dann déi personnel Mëttel vun do op aner Plazen anzesetzen – zum Beispill an den Interventiounszenteren, déi solle bleiwen. Decidéiert ass nach näischt, mee kloert Zil ass et, domat de Policeservice verbesseren. Wat d'Kommissariater ugeet, sou hat de Minisiter Etienne Schneider am Dezember scho Gespréicher mat de Gemengen ugekënnegt. Mee dozou ass et nach net komm. D'Enttäuschung ass grouss.

Carole Schimmer / ckl

auto_stories

4 min

D'Gemenge wëllen hir Kommissariater net verléieren

Zanter Méint sinn d’Aarbechtsgruppen amgaang d’Policereform auszeschaffen. Eng vun de Pisten ass déi, datt kleng "Commissariats de proximité" sollen zougemaach ginn. Am Ganze solle 14 sou Kommissariater ganz verschwannen oder fusionéiert ginn. Betraff vun där Reorganisatioun wiere Käerjeng, Monnerech, Réiser, Rammerech, Groussbus, Nidderanven, Moutfort, Waasserbëlleg, Béiwen, Housen, Stengefort oder nach Veianen. Och Esch a Wolz kéinten ee Kommissariat verléieren.

Wëll dat och ee Changement fir d’Policebeamte géing mat sech bréngen, huet d’Policegewerkschaft SNPGL déi concernéiert Kommissariater an och d’Gemengen op eng Entrevue invitéiert. Um Ufank hat d’Gewerkschaft gemengt, d’Gemenge wiere gréisstendeels fir esou eng Reorganisatioun. Mee si haten sech getäuscht: "Bis elo hate mir gesot kritt, datt déi meescht Buergermeeschtere mat der Reform averstane wieren. Ech hunn awer misste mat Erstaune feststellen, datt dat guer net sou ass", seet de Pascal Ricquier, President vun der SNPGL. All déi néng Buergermeeschteren déi bei der Réunioun dobäi waren, soten si wéilten hier Kommissariater halen a wieren also guer net averstan mat de Pläng vun der Regierung.

Eng Ambiance vu Revolte

Déi Ambiance op der Réunioun läschte Freideg konfirméiert och de stengeforter Buergermeeschter Jean-Marie Wirth: "Et war eng Ambiance vu Revolte, d'Buergermeeschteren déi do ware revoltéiert well net mat hinne geschwat ginn  ass". De Jean-Marie Wirth ass géint d'Ofschaafe vum Kommissariat a senger Gemeng. D'Police hätt eng "national Aufgab fir d'Sécherheet", an déi misst respektéiert ginn.

Eng vun de Ängschte vun de Buergermeeschteren ass déi, datt d’Proximitéit zu de Bierger géif verschwannen. "Wann déi Ëmstrukturéierung géif ëmgesat ginn, da géife just nach Polizistenween duerch d'Land fueren, mee den direkte Bezuch wier net méi do", seet de Marc Schaefer, Buergermeeschter vu Veianen, deen och "Nee" zu deem Aspekt vun der Policereform seet. Verwonnert ass hien och iwwert d’Conclusioun vum Aarbechtsgrupp deen d’Reorganisatioun vun der Police plangt. Et géife grouss Divergenzen ginn tëscht deem Grupp an deem wat hien als Buergermeeschter vun de Polizisten um Terrain héiert: "An do war net iergendeen deen dat eng super Saach fonnt huet, et mussen also Divergenze ginn tëscht den ieweschten Etage vun der Police an der Basis", seet de Marc Schaefer.

Eng Fro vun Distanzen

De Buergermeeschter vu Rammerech, ass sengersäits ënner anerem rose well viru kuerzem d’Gebai vum Kommissariat a senger Gemeng frësch gemaach gouf. Doriwwer eraus mécht hien sech Suerge wéinst den Distanzen. "Et sinn 10 Minutten an de Raum gestallt gi vu wou aus all Punkt soll erreechbar sinn, dat ass awer hei an eiser Gemeng net méiglech. Eis Gemeng ass sou grouss, datt sécher op mannst 20 Minutte vergi bis datt iwwerhaapt een do ass. A wa Réiden da net kann, da muss scho Miersch kommen", seet den Antoine Rodesch.

Mee: Wat geschitt wann d'Gemengen d'Reform vun der Police net matdroen? "Da gëtt et e grousse Problem", seet de Pascal Ricquier vun der Policegewerkschaft. "Natierlech war et net gutt datt d'Buergermeeschteren net am Virfeld gefrot gi sinn an datt de Syviocol net mat an d'Boot geholl ginn ass. An, de Minister hat gesot, datt déi Kommissariater bleiwe wou d'Buergermeeschteren net averstan sinn, dat hunn d'Buergermeeschtere mer op der Reunioun op confirméiert", seet de Pascal Ricquier, deen awer seng Bedenken huet. Wann déi betraffe Kommissariater bleiwen sollten an dann awer kee Personal bäikréien, da "gi se ausbludde gelooss", fäert de President vun der Policegewerkschaft. An deem Fall géif et schwéier ginn déi Plazen dauerhaft ze besetzen: "Kee well op eng Plaz schaffe goe wou e weess datt et net fonctionnéiert", sou de Pascal Ricquier.

Bis Enn Februar sollen d’Aarbechtsgruppen d'Konzept iwwer d'Policereform ausgeschafft hunn. Deen Zäitplang ass awer, an den Ae vum Pascal Ricquier, kaum z’erreechen. A villen Dossiere géif et nach u e konkreten Informatioune feelen. Den éischte Februar hunn déi betraffe Gemengen eng Entrevue mam Minister Étienne Schneider fir iwwert d’Reorganisatioun vun de Kommissariater ze diskutéieren. Op eis Nofro hinn, sot de Minister datt hie bis dohi keng Stellung wéilt huelen.