Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Gehälteraccord an der Fonction publique

Fonction publique

Neie Gehälteraccord an der Fonction publique

D’Regierung huet e Méinden, 5. Dezember mat der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP een neie Gehälteraccord iwwer dräi Joer ënnerschriwwen. Den Text gesäit eng Rei finanziell, statutaresch a sozial Verbesserunge fir d’Staatsbeamten an d’Employéë vum Staat vir. Wéi gesäit deen Accord am Detail aus? Wat ass déi éischt Reaktioun vun den Deputéierten aus Majoritéit an Oppositioun?

auto_stories

4 min

Paulette Lenert (MFPRA), Dan Kersch, Emile Haag, a Romain Wolff (CGFP). Foto: MFPRA / SIP

Ufanks Dezember si sech d’Regierung an d’CGFP iwwert ee Gehälteraccord eens ginn. 94 Prozent Zoustëmmung krut den ausgehandelten Text op der Conférence des comités vun der Staatsbeamtegewerkschaft - de Wee war domat fräi fir d'Ënnerschrëft. De 5. Dezember huet d'Regierung den accord salarial mat der CGFP ënnerschriwwen. D'Verhandlungen hätte méintelaang gedauert, esou de Generalsekretär vun der CGFP, Romain Wolff.

An hirem Koalitiounsprogramm hat d'Regierung eng Erhéijung vum Punktwäert - also vun de Gehälter - fir dës Legislaturperiod ausgeschloss. D'Situatioun hätt zënter deem geännert, seet de Minister vun der Fonction publique, Dan Kersch. Duerch d'Mesurë vun der Regierung an duerch dat positiivt ekonomescht Ëmfeld, hätt een e Spillraum kritt, "deen dee Moment, wou de Regierungsaccord finaliséiert ginn ass, net absehbar war." Aus deem Grond wier d'Regierung och eestëmmeg fir de Gehälteraccord gewiescht, esou den LSAP-Minister.

24 Punkten

De Gehälteraccord gesäit 24 Punkte vir a gëllt fir d'Joren 2016, 2017 an 2018. Um finanzielle Plang ass dëst Joer eng eemoleg Primm vun engem Prozent vum Joresgehalt virgesinn. Ausbezuelt gëtt dës den éischten Abrëll d’nächst Joer. Op den éischte Januar geet och d'Iessenszoulag an d'Luucht, vun 110 op 144 Euro de Mount netto.

D'Gehälter klammen ëm 1,5 Prozent. Dëst vum éischte Januar 2018 un. Den Accord salarial wier un déi finanziell Situatioun vum Staat, wéi un déi finanziell Besoine vun de Leit, déi beim Staat schaffen, ugepasst, esou den Dan Kersch. De Minister vun der Fonction publique betount iwwerdeems, de Gehälteraccord hätt een Afloss op d'Entwécklung vum Mindestloun an op d'Entwécklung vun de Renten.

De Chargés de Cours, respektiv d'Educatioun a Grondschoul a Secondaire kéim ee mat engem Prinzip entgéint, dee fir déi ganz Fonction publique géif gëllen, erkläert den Dan Kersch. Géif de Staat ee Mindestdiplom froen, da géif deen och bezuelt ginn, ënnersträicht den LSAP-Minister. Dem Accord salarial no soll d’Allocation de famille ëm zwee Punkte gehuewe ginn. D'Ufanksgehälter, dat heescht d'Indemnité de stage, solle während deenen dräi Joer vum Stage op respektiv zweemol 80 an dann 90 Prozent ugepasst ginn - wat liicht driwwer läit, bleift d'selwecht.

Deelzäitaarbecht beim Staat soll kënne méi flexibel organiséiert ginn. Fir de Beräich vun der Sécherheet an der Gesondheet op der Aarbecht ze begleeden, soll eng nei gemeinsam Verwaltung entstoen: D’Personal gëtt vu 15 op 30 verduebelt.

"Nach genuch ze dinn"

De Generalsekretär vun der CGFP Romain Wolff bezeechent dëse Gehälteraccord als "eng éischt Etapp". Et wier awer nach esou muenches "riichtzebéien." An deenen nächste Méint a Jore wier genuch ze dinn, fir "all méiglech Problemer an der Fonction publique ze léisen."

Déi gréissten Oppositiounspartei CSV huet sech mat Kritik nach zréckgehalen. No enger mëndlecher Presentatioun vum Accord de 5. Dezember an der Chamber sot d'CSV-Deputéiert a fréier delegéiert Ministesch fir d'Fonction publique Octavie Modert, d'Regierung hätt behaapt, et géif an dëser Legislaturperiod keng Punktenerhéijunge ginn - och wa si derbäi geschriwwen hätt, "jee no der Entwécklung vun der Wirtschaft an der Budgetssituatioun." Mee d'Regierung setzt an den Ae vun der Octavie Modert, "een aneren Akzent, jee no deem zu wéi enger Zäit mir an der Legislatur sinn." Ënnert deene 24 Punkte vum Gehälteraccord sinn der Octavie Modert no vill "flott Punkten", déi de Beamten d'Aarbecht kéinten erliichteren. Mee et hätt ee sech den Accord salarial nach net am Detail kënnen ukucken.

"Ee gudde Patron"

Den Deputéierte vun der Majoritéitspartei déi gréng Claude Adam huet dogéint déi méi sozial ugehauchte Mesurë vum Accord ervirgehuewen. "De Patron Staat ass ee gudde Patron", huet de Claude Adam betount. Hie begréisst zum Beispill d'Mesure, datt d'Salariéen d'Méiglechkeet kréichen, fir an engem Krankeschäin Deelzäit kënnen ze schaffen.

De Gusty Graas vun der DP seet iwwerdeems, mat de Wahlen, déi zwee nächst Joren, hätt den Accord mat der CGFP näischt ze dinn.

Den David Wagner, Deputéierte vun déi Lénk, hält de Gehälteraccord an der Fonction publique fir grondsätzlech positiv. Wien e Staat wéilt, dee gutt fonctionnéiere géif, dee misst dofir suergen, datt d'Leit deementspriechend remuneréiert géife ginn. "Dat ass kee Käschtepunkt, well e gutt fonctionnéierende Staat an eng gutt fonctionnéierend fonction publique bréngt méi eran."


Den Text vum Accord salarial