Radioen

On air

Espresso Beats  |  LA Priest - City Warm Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gefor fir de Rechtsstaat oder säi Garant?

Ausnamezoustand

Gefor fir de Rechtsstaat oder säi Garant?

Den Alex Bodry wëll déi geplangte Revisioun vum Ausnamezoustand an der Verfassung iwwerkucken. Dat sot den LSAP Fraktiounschef a President vun der Institutiounekommissioun vun der Chamber en Dënschdeg op enger Table ronde. D’Ännerungspropos vum Artikel 32.4. vun der Verfassung gëtt de Moment vum Staatsrot aviséiert. Am Gespréich am Max Planck Institut gouf deen Text vu Spezialiste vill kritiséiert.

auto_stories

5 min

Frank Wies, Robert Biever, Alex Bodry, Mick Entringer, Serge Urbany, Véronique Bruck a Luc Heuschling

Fir d’Juristen a Verfassungsrechtler, déi un der Diskussioun am Max Planck Institut fir prozeduraalt Recht bedeelegt waren, wier den Ännerungsvirschlag ënnert anerem net präzis genuch formuléiert. Des weidere kréich d’Exekutiv ze vill Vollmuechten. Dem Alex Bodry no kéint een nobesseren a sech dobäi un der Europäescher Mënscherechtskonventioun (Artikel 13) inspiréieren, déi den Ausnamezoustand méi genee géif definéieren. An engem Gesetz misst e Mesurëkatalog opgestallt gi mat all de Fäll, an deenen den "état d’urgence" géif declenchéiert ginn.

Den Ausnamezoustand kann de Moment nëmmen am Fall vun internationale Krisen ausgeruff ginn. Iwwert de Grand-Duc kann d’Regierung d’Gesetzer zäitweis äusser Kraaft setze fir ze regéieren. De Serge Urbany, Affekot a fréieren Deputéierte vun Déi Lénk, kritiséiert, datt an Zukunft och “atteintes graves à l’ordre public” solle kënnen den “état d’urgence” ausléisen. Fir d’Juristin Véronique Bruck misst den Ausnamezoustand ganz aus der Verfassung eraus geholl ginn. D’Gesetzer sollten och Ausnahmesituatioune regelen.

Bestandsopnam viru Verfassungsännerung

Virun enger Verfassungsännerung misst fir d’éischt gekuckt ginn, wéi eng Instrumenter scho fir Krisenzäiten do sinn, sot de fréiere Procureur général d’Etat Robert Biever. No där Bestandsopnam kéint een eventuell zousätzlech Mesurë festleeën. Den Ausnamezoustand an d’Verfassung aschreiwe wier u sech kohärent. Dem pensionéierte Magistrat no misst d’Verfassung awer gläichzäiteg präziséieren, datt d’Modalitéiten, d’Konditiounen an d’Applikatioun vum “état d’urgence” via Gesetz muss fixéiert ginn.

Fir de Verfassungsrechtler Luc Heuschling ass déi proposéiert Verfassungsrevisioun net kloer genuch. Dowéinst wier och eng méi restriktiv a manner liberal Interpretatioun vum neien Artikel 32.4. méiglech, dat op Käschte vun den individuelle Fräiheeten. Déi terroristesch Menace géif a Frankräich als Virwand benotzt gi fir den Ausnamezoustand oprecht z’erhalen, gëtt den Affekot a Mënscherechtler Frank Wies ze bedenken.

Bäitrag vum Mick Entringer:

Aféierung Table ronde vun der Professer Hélène Ruiz Fabri, Direktesch vum Max Planck Institut Lëtzebuerg:

Aféierung vum Professer Stefan Braum, Doyen vun der Fakultéit fir Recht, Wirtschaft a Finanze vun der Uni Lëtzebuerg:

Table ronde mat de Juriste respektiv Politiker: Alex Bodry, Serge Urbany, Robert Biever, Véronique Bruck, Luc Heuschling a Frank Wies, modéréiert vum Mick Entringer:

Konklusioun vum Gilbert Pregno, President vun der konsultativer Mënscherechtskommissioun:

Konklusioun vum Stefan Braum:

Aktuellen Artikel 32.4. vun der Verfassung:

"Toutefois, en cas de crise internationale, le Grand-Duc peut, s’il y a urgence, prendre en toute matière des règlements, même dérogatoires à des dispositions légales existantes La durée de validité de ces règlements est limitée à trois mois"

(Révision du 31 mars 2008)