Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fossil Energie, eng Risikoinvestitioun?

Weltklimasommet

Fossil Energie, eng Risikoinvestitioun?

Ambitiéis Klimapolitik kéint derzou féieren, datt Investissementer a fossil Energie u Wäert verléieren. Um Weltklimasommet zu Paräis suergt deen Szenario fir vill Diskussiounen. Elo scho weisen d'Boursecoursen eng Reaktioun op d'Bestriewunge vun den internationalen Acteure fir en ambitiéise Klimaaccord ze fannen. An de Chef vun der britescher Zentralbank huet d'Londoner Bankeplaz gewarnt. Och fir Lëtzebuerg kéint dat Konsequenzen hunn.

Pia Oppel / ckl

auto_stories

5 min

Kuelestoffblos: Lount et sech an Zukunft nach a fossil Energieprojeten ze investéieren?

Wann d'Äerderwäermung soll op manner wéi zwee Grad Celsius limitéiert ginn, dierf ee groussen Deel vun de fossillen Energiequelle guer net méi exploitéiert ginn. D'ONG Carbon Tracker huet zesumme mat Wëssenschaftler eng Rechnung opgestallt. Deemno missten 80% vun de Reserven u Kuel, Gas a Pëtrol am Buedem bleiwe fir ënnert dem 2-Grad-Zil ze bleiwen.

"Mir kënnen eng gewëss Quantitéit Zäregasen an der Atmosphär hunn, éier d'Äerderwäermung méi wéi 2 Grad Celsius erreecht. Am Verglach zum preindustriellen Zäitalter kënnen et 2000 Gigatonne sinn. De Problem ass: Mir hu scho méi wéi d'Halschent dovu genotzt, et kann een nach 900 Gigatonnen Zäregasen emettéieren. Déi global Kuel-, Pëtrol- a Gas-Reserve géifen awer vill méi Emissioune bedeiten", erkläert den Direkter vu Carbon Tracker, Anthony Hobley. 

"Carbon bubble"

Wann d'Staaten sech also un hiert Verspriechen halen, eng geféierlech Äerderwäermung ze verhënneren, wäerten déi fossil Ressourcen iergendwann näischt méi wäert sinn. Mee net just de Klimaschutz dréit derzou bäi, datt Investissementer a fossil Ressourcen sech ëmmer manner lounen, seet den Anthony Hobley. Méi propper Technologië géifen ëmmer méi wichteg ginn. ​"Fossil Ressourcen exploitéieren, gëtt méi deier, wat déi propper Alternative méi gënschteg ginn. Déi fossil Reserve sti virun engem perfekte Stuerm vu Risiken", sou seng Aschätzung. 

Rieds geet dowéinst elo vun enger "Carbon Bubble", also enger Kuelestoffblos, déi riskéiert ze platzen. Datt Investissementer a Kuel, Pëtrol a Gas, sech am Laf vun den nächste Joeren als Flop eraus stellen, kann ee schonn elo observéieren, seet d'Marina Lou vu Greenpeace International:  "D'lescht Woch, wéi d'Politiker annoncéiert hunn, datt een neie Projet vum Ofkommes virläit, hu mir séier gekuckt, wat op de Boursë geschitt ass. De Wäert vun enger Rei Konzerner, déi Kuel aus Australien, den USA an Indonesien exportéieren, ass bannent engem Dag ëm 6 Prozent gefall". Investisseure géifen sech deemno scho vu enger "héich-riskanter" a "volatiller" Industrie versichen ze distanzéieren.

Warnung vun der englescher Zentralbank

De Gouverneur vun der englescher Zentralbank Mark Carney huet an deem Kontext souguer eng Warnung ausgeschwat. De Finanzsecteur misst dee Risiko eescht huelen – an dofir suergen, un serieuxt Zuelematerial ze kommen. "Investisseuren hunn net genuch Informatiounen doriwwer, wéi staark eenzel Firmen deem Risiko ausgesat sinn, a wéi se domadder ëmginn", seet de Mark Carney.

Op Initiativ vum Grupp vun den 20 gréisste Wirtschaftsnatiounen (G20) gouf een Aarbechtsgrupp mat Acteuren aus dem ëffentlechen a private Secteur gegrënnt. Si sollen sech mat der Thematik vu "Klimarisiken" beschäftegen. Dozou gehéiert nieft der "Kuelestoffblos" och d'Fro, ob beispillsweis den Assurancësecteur sech et nach ka leeschten, de Schued ze versécheren deen duerch extrem Wiederphänomener kann entstoen.

Aktionären sollen sech engagéieren

President vun der neier Task Force ass de Michael Bloomberg, fréiere Buergermeeschter vu New York. Um Bord vum Klimasommet zu Paräis sot hien, datt Konzerner an Investisseuren de Klimarisiko erkannt hunn: "Si wäerten dorobber reagéieren, wann och op verschidde Manéieren. A wann se zouverlässeg Informatiounen hunn, da kënnen se hire Cheffen an den Aktionären erklären, wat se maachen."

Wann Informatiounen disponibel sinn, wéi staark eenzel Konzerner dem Risiko vun der Kuelestoffblos ausgesat sinn, kënnen d'Aktionären sech ee Bild maachen, seet den Anthony Hobley vu Carbon Tracker: "Mir plaidéieren derfir, datt  d'Aktionären sech engagéieren a vun den Entreprisë fuerderen, hir Aktivitéiten unzepassen. Mee wann d'Entreprisen dat net wëllen oder net kënnen, muss een desinvestéieren".

Wéi een Impakt op déi Lëtzebuerger Fongenindustrie?

Déi Lëtzebuerger Fongen-Plaz gehéiert zu deene gréissten op der Welt. Virun engem Joer huet d'Regierung eng Task Force gegrënnt, an där Vertrieder vum Staat a vun der Finanzplaz driwwer diskutéieren, wéi klimafrëndlech Projete méi staark als Investmentopportunitéit kënne promovéiert ginn. Dësen Aarbechtsgrupp soll och Recommandatiounen un d'Regierung ausschaffen.

Déi aner Säit vun der Medaille, nämlech de Risiko vun der Kuelestoffblos ze evaluéieren, gehéiert net zum Mandat vun där Task Force. Dat muss sech änneren, mengt de gréngen Europadeputéierte Claude Turmes. "Wat elo muss gekuckt ginn ass, wéi déi Dausenden aner Fonge klimatechnesch ausgeriicht sinn. Gëtt do nach a Kuel oder Pëtrol investéiert?". Alles dat misst lo schnell geschéien, fir ze wësse wéi engem Risiko déi Lëtzebuerger Bankeplaz sech aussetzt. 

"Gitt eis eng Chance!"

Fir kredibel ze sinn, misst de Staat mam gudde Beispill vir goen, seet de Claude Turmes. De staatleche Fong deen d'Pensiounsreserve geréiert, misst dowéinst aus der fossiller Energie erausklammen. Säi Parteikolleg, de grénge Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira, huet dozou op eis Nofro hinn gesot, d'Regierung wéilt déi Optioun analyséieren.

Een Zäitplang wollt hien awer net uginn. "Gitt eis eng Chance! Wann ee lo seet, mir musse mar aus BP oder Shell erausklammen, dee muss een och wëssen, datt si och ganz vill Photovoltaikanlagen a Wandmille maachen", gëtt de Camille Gira ze bedenken. Och wann een sech iwwert e Prinzip eens wier, sou kéint een an deem Dossier net "aus der Hëft schéissen", seet de Staatssekretär.