Radioen

On air

Espresso Beats  |  Clark - Vardo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëscht Käschten, Notzen a Nation Branding

Impakt Filmfestival

Tëscht Käschten, Notzen a Nation Branding

Eng exklusiv a qualitativ Programmatioun – dat ass d’Zil vun den Organisateuren vum Filmfestival deen vum 25. Februar bis den 6. Mäerz dauert. Deen artistesche Volet ass eng Saach. Mee déi eelef Deeg Filmfestival hunn och e wirtschaftlechen Impakt. An da kënnt och nach de Nation Branding an d'Spill.

Christian Welter / ckl

auto_stories

6 min

"Stolz drop si wa Lëtzebuerg och Leit huet déi artistesch immens begaabt sinn"

D'läscht Joer waren 18.300 Spectateure um Filmfestival. Dat ass e Rekord, deen d'Organisateuren dëst Joer natierlech brieche wëll. Zanter datt et de Festival gëtt, ass d’Zuel vun de Leit déi komm sinn all Joer an d’Lut gaang. Bei der éischter Editioun waren et 4.700 Spectateuren, dat Joer drop der bal dräimol esou vill.

Wéi mer 2011 deen éischte Filmfestival organiséiert hunn, ware mer zu zwee Leit seet d’Gladys Lazareff, déi responsabel ass fir d’Coordinatioun. Fir d'Editioun 2016 huet een zu fënnef d’ganz Joer iwwer um Festival geschafft. Dobäi kommen nach véier Stagiairen an zwou Persounen déi en Zäitvertrag hunn. Dat sinn der am Ganzen also eelef déi fir d’Organisatioun zoustänneg sinn. Ouni Fräiwëlleger geet awer guer näischt. Dëst Joer hëllefe 60 Benevolen.

Méi Mëttelen am Ausland

"Och wa mer eis iwwert d’Joere verstäerkt hunn si mer nach ëmmer eng kleng Equipe", seet d’Gladys Lazareff. Fir d’Filmfestivaler an der Groussregioun hätten d’Organisateure méi Mëttele wat d’Personal ugeet an och finanziell. De Budget vum Filmfestival läit dëst Joer bei 850.000 Euro, 500.000 Euro ginn et u Subside vum Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg. 25% vum Budget kommen vu private Sponsoren, dorënner Kinepolis, déi jo de Grupp Utopia opkaaft hunn.

Zu de privilegéierte Partner gehéiert och nach d’Oeuvre nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte. Déi offiziell Sponsore sinn Orange a BGL BNP Paribas. Dernieft ginn et nach Partnere wéi d’Chambre de commerce, Fournisseuren an och d’Mediepartner, dorënner de radio 100,7.

"Ni ee bezuelt fir op de Festival ze kommen"

D’Organisateure vum Filmfestival setzen op Qualitéit an Exklusivitéit. 150 national an international Gäscht komme fir déi sechst Editioun dëst Joer op Lëtzebuerg. D’Zil wier et net fir weltbekannte Realisateuren heihin ze kréien, mee Leit déi fir hire Film kommen. "Mir hunn ni ee bezuelt fir op de Festival de kommen, dat hu mer schonn dacks gesot an ech soen et gär erëm. A wa mer eis Jury zesummesetzen, da siche mer och Leit déi dem Festival entspriechen, déi interesséiert sinn, dobäi zesinn, an hannert eiser Linn stinn", sou d'Glady Lazareff.

De Luxembourg City Film Festival wier e Panoramafestival, sou nach d'Coordinatrice. An der offizieller Competitioun lafen ënner anerem Filmer vum Terence Davies a vum Thomas Vinterbergh. Dernieft gëtt et nach eng Sélectioun vu Filmer déi hors compétition lafen, Lëtzebuerger Produktioune gi natierlech och gewisen. D’Competitioun mat Documentairen ass en anere Volet vum Filmfestival, genee esou wéi d’Programmatioun Outside the walls: Institutiounen aus Kultur an Tourismus proposéiere Filmer, Documentairen a Concerten.

Jeune public: 5.500 Aschreiwungen

D’Organisateure vum Filmfestival denken awer och un déi Jonk. Fir d’drëtte Kéier gëtt de Prix du Jury Jeune verginn. "Et ass de Wëlle vum Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg, datt och de jonke Publikum op de Film sensibiliséiert gëtt. An dëst Joer hu mer dann och 5.500 Aschreiwunge vu Schoulklassen, wat enorm ass", seet d'Gladys Lazareff.

Vun engem kulturellen Evenement wéi dem Filmfestival profitéieren och aner Secteure vun der Economie. D’Horesca ass een dovun. Och wann et keng Chiffere gi wéi vill d’Gastronomie an d’Hotellerie vum Lëtzebuerger Filmfestival profitéieren, esou ass et dach positiv datt esou Evenementer organiséiert ginn, seet de François Koepp, Generalsekretär vun der HORESCA, e Secteur an deem hei am Land 20.000 Leit schaffen.

Koepp: Kultur = Nation Branding

D’Kultur ass fir de François Koepp op alle Fall ee Beräich dee fir de Nation Branding, fir d’Identitéit vum Land eng wichteg Roll spillt. "Ech sinn zum Beispill stolz drop, datt Lëtzebuerg een Oscar krut fir eng Filmproduktioun. Lo kierzlech hu mer e Grammy krittt. Dat alles spillt eng grouss Roll, well do gesäit een, datt Lëtzebuerg e Punkt op der Landkaart ufänkt ze ginn. Dat ass ganz positiv, fir Nation Branding, mee och fir eis eegen Identitéit opzebauen".

Mir sinn zu Lëtzebuerg nach ze vill modest, mir misste méi houfreg op dat si wat mer hunn a wat mer kënnen, seet de François Koepp, a nennt d’SES an Arcelor-Mittal déi Lëtzebuerg international bekannt gemaach hätten. De Generalsekretär vun der Horesca wënscht sech, datt d’Leit hei am Land genee esou offensiv Nation Branding maache wéi d’Schwäizer, déi iwwerall am Land hire Fändel hänken hätten.

Dat bescht Geheimnis vu Lëtzebuerg?

An der Kulturszeen gesäit een dat zum Deel aanescht wéi de François Koepp. Vill Kënschtler hunn den Terme Nation Branding net gären. De François Koepp entschäerft déi Kritik: "Mam Grace Kelly verbënnt een haut Amerika, a virun allem Monaco. Mam Frank Sinitra verbënnt een den Jazz, grouss Musik. Sou ass dat dach haut och nach: et ass dach flott, wa mer kënne stolz drop si wa Lëtzebuerg och Leit huet déi artistesch immens begaabt sinn. Oder muss dat dat bescht Geheimnis vu Lëtzebuerg sinn?". 

D’Hotel a Gastronomiebranch ass op alle Fall prett fir eng international Clientèle unzezéien déi exigent ass, seet de Generalsekretär vun der Horesca. A wéi gesäit d’Zukunft vum Lëtzebuerger Filmfestival aus? D’Organisateuren hunn zejoert mam Kulturministère eng Konventioun ënnerschriwwen déi hinnen eng Planungssécherheet gëtt bis d’Chamberwahlen 2018. Wat passéiert dono? Wéi eng Roll spillt de Filmfestival fir déi zukënfteg Regierung wat déi artistesch Qualitéit ugeet an och de Nation Branding?

Eppes ass sécher. Geet de Succès vum Festival virun, muss de Budget substantiell no uewen ugepasst ginn, an och d’Zuel vun de Mataarbechter déi d’ganz Joer un deem Evenement schaffen.