Police-Reform Gewerkschaft APPJ entschëllegt sech beim Minister Schneider
De Fernand Ruppert, President vun der “Association du personnel de la police judiciaire”, zitt rezent Aussoen a Bezuch op de Reformprojet zeréck. De Minister fir bannescht Sécherheet hätt eng “Ouverture” gemaach, elo wéilt ee mat him weider verhandelen.
Den Etienne Schneider hat en Donneschdeg virun der Press kee Versteesdemech fir d’Kritike vun der APPJ: “Mir ginn hinnen hei e Boulevard fir selwer, zesumme mam Procureur général de l’Etat, ze definéiere wéi hir Aufgabe sollen organiséiert ginn”. De President vun der Gewerkschaft, déi d’Personal vun der Police judiciare vertrëtt, hat de Reformprojet de selwechten Dag an engem Wort-Interview verworf.
“Dat war ganz sécher e Feeler”, sot de Fernand Ruppert dëse Méindeg am Gespréich mam Carole Schimmer. Dobäi hätt de Minister fir bannescht Sécherheet während senger Pressekonferenz eng “Ouverture” gemaach. “Dat waren d’Emotiounen, dat war ‘ à chaud’, wou ech dat en Donneschdeg gemaach hunn. Ech droen och als President vun der APPJ d’Verantwortung fir dat do”. Beim Minister hätt hie sech och scho perséinlech entschëllegt.
“Aféierung vun der Carrière B ganz gutt Opbesserung”
Den Text vun der geplangter Reform hätt een net schlecht fonnt, allerdéngs géif de Projet net wäit genuch goen. Et hätt en net dat erëmfonnt, wat an Aarbechtsgruppen ausgeschafft gi wier. D’Aufgabe vun der PJ hätt ee gär am Gesetz definéiert gehat. Dat wëll den Etienne Schneider elo via “règlements grand-ducaux” festleeën. “Mir mussen zeréck un de Verhandlungsdësch an d’Ouverture unhuelen”, sou de Fernand Ruppert.
Déi geplangten Aféierung vun der Carrière B bei der Police (carrière moyenne) fënnt den APPJ-President “eng ganz gutt Opbesserung”. Dat géif enger Fuerderung, déi ee scho laang gehat hätt, entspriechen. Allerdéngs wier déi Carrière nach net kloer definéiert. Eng 400 Poliziste sollen an déi Lafbunn kommen. “Wat fir eng Garantien hu mer, datt mer do Leit kréien?”, freet allerdéngs de Generalsekretär vun der Gewerkschaft Joël Scheuer.
Attraktiven Job, mee zäitopwenneg an net genuch bezuelt
D’Personal vun der Police judiciare klot iwwer Schwieregkeete fir Leit ze rekrutéieren. U sech wier d’PJ en interessanten Job, eigentlech “dat attraktiivst, wat een am Policeberäich ka maachen”, fënnt de Fernand Ruppert. Allerdéngs wier dee Beruff wéinst dem Zäitopwand net mam Familljeliewen ënnert een Hutt ze bréngen a misst och besser bezuelt ginn.
“Et muss een eis och verstoen, datt mer eis Bedenken hunn”, seet de Gewerkschaftspresident. An der Vergaangenheet wieren déi versprachen Effektiver net ëmmer komm. Weider Kritike betreffen zum Beispill de “comité d’accompagnement”, deen d’Ëmsetzung vun der Reform soll iwwerwaachen: dee misst méi Weisungsgewalt kréien. De Joël Scheuer bedauert, datt een net direkt Kandidaten aus der Policeschoul kéint rekrutéierten. Des weideren hätt ee gären eng professionell Ausbildung fir Polizisten, déi dee Wee an d’PJ wëllen aschloen.