Radioen

On air

De Moien  |  Loving - No Mast

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europadeputéiert op Visite zu Lëtzebuerg

LuxLeaks

Europadeputéiert op Visite zu Lëtzebuerg

D’Spezialkommissioun “Steiere” vum EU-Parlament war zu Lëtzebuerg fir sech bei de politeschen Autoritéiten a soss Experten iwwer “Tax Ruling” genannte Steierarrangementer z’informéieren. Dës Kommissioun war am Februar fir sechs Méint agesat ginn, fir den aggressive Praktike bei der Betribsbesteierung bannent der Europäescher Unioun op de Fong ze goen. Nodeems d’Affär LuxLeaks am November d’lescht Joer ausgebrach war, sollt eigentlech eng Enquêtekommissioun geschaf ginn.

auto_stories

2 min

De President vun der Spezialkommissioun "Taxe" Alain Lamassoure

D’Spezialkommissioun huet wäit manner Pouvoiren an ass op déi fräiwëlleg Mataarbecht vun de Memberstaten, dorënner Lëtzebuerg, ugewisen. Virun allem wollten d’Europadeputéiert, wéi vill Rulinge Lëtzebuerg zugonschte vu Konzerner autoriséiert huet a wat fir ee steierlechen Avantage se domat haten, also wéi vill Recetten dem Lëtzebuerger Staat entgaange sinn. D’Zuel vun de Rulingen ass confidentiel, de steierlechen Avantage fir d’Entreprisë kann een net calculéieren, sou de Finanzminister Pierre Gramegna o enger Entrevue mat der Delegatioun vu Bréissel. “D’Réunioun huet gehollef fir sech géigesäiteg besser ze verstoen.” Dat sot den Alain Lamassoure nodeems hien an der Chamber Lëtzebuerger Deputéiert gehéiert hat. De franséischen Europadeputéierten huet drop higewisen, dass et a Steierfroen nach ëmmer divergent Positiounen tëscht béide Parlamenter gëtt. Detailer wollt hien dozou net nennen. An der Suite vun de LuxLeaks-Revelatiounen, wéilt d’Europaparlament dozou bäidroen, dass déi aggressiv Steieroptiméierung fir Betriber gestoppt gëtt, sou de konservativen Europadeputéierten.
 
Vill méi kritesch war dogéint de gréngen EU-Parlamentarier Sven Giegold no der Entrevue mat de Lëtzebuerger Deputéierten. Him géif déi ëffentlech Moral vun enger Majoritéit hei net gefalen. Am Kader vun deem wat dat europäescht Recht erlaabt, géif Lëtzebuerg alles maache fir den Noperen an d'Täschen ze gräifen. 


Virun de Lëtzebuerger Deputéierten hunn d’Membere vun der Spezialkommissioun sougenannten Experte gehéiert, dorënner de Chef vu PricewaterhouseCoopers. Ugangs sollt och de fréiere Steierbeamte Marius Kohl gehéiert ginn. Dat war vun de Lëtzebuerger net gewënscht, sou de gréngen EU-Parlamentarier Sven Giegold.

Weider Detailer am Dossier vum Michel Delage: