Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Projet fir eng eenheetlech Betribsbesteierung

Steierpolitik

EU-Projet fir eng eenheetlech Betribsbesteierung

D’EU-Kommissioun proposéiert eng Revolutioun an der Besteierung vun multinationale Konzerner. De 26. Oktober huet den EU-Kommissär fir Wirtschaft, de Pierre Moscovici de Projet de Directive ACCIS presentéiert. ACCIS steet fir déi gemeinsam consolidéiert Basisgrondlag fir Kierperschaftssteier.

auto_stories

4 min

Geplangt ass eng eenheetlech Betribsbesteierung. Foto: Bigstock

D'EU-Kommissioun proposéiert eng Revolutioun an der Besteierung vu multinationale Konzerner. Am Kader vum EU-Steierpak gëtt de Projet vun enger gemeinsamer konsolidéierter Assiette fir d'Betribssteier, ACCIS (Assiette commune consolidée pour l'impôt des sociétés), relancéiert. An Zukunft - a wann d'EU-Memberlänner hiren Accord ginn - musse grouss Konzerner mat engem Ëmsaz vu méi wéi 750 Milliounen Euro d'Joer eng eenzeg europäesch Steierdeklaratioun maachen. Dëst gëllt och, wann de Betrib an e puer EU-Memberstaaten aktiv ass.

Et géif dorëms goen, fir eng eenzeg Definitioun vum steierflichtege Gewënn vun den Entreprisen ze hunn, erkläert den EU-Kommissär fir Wirtschaft, de Pierre Moscovici. "Si sollen eng eenzeg Fiche de revenu ausfëllen. Et soll iwwer eng eenzeg Steieradministratioun lafen, egal a wéi villen EU-Länner si Aktivitéiten hunn." D'Profitter géifen dem Pierre Moscovici no gerecht an no transparente Regelen op déi verschidde Memberlänner verdeelt ginn, an deenen d'Entreprisen aktiv wieren. Den nationale Steiersaz vum jeeweilege Staat géif awer respektéiert ginn, betount den EU-Kommissär fir Wirtschaft. "Dëse Projet stellt d'Steiersouveränitéit vun de Memberstaaten net a Fro." D'Zil vum Projet wier et, datt d'Konzerner do hir Steiere bezuelen, wou si effektiv Aktivitéiten hunn.

Vill Virdeeler

ACCIS geet domat méi wäit, wéi de Projet BEPS vun der OECD, der Organisatioun fir wirtschaftlech Entwécklung an Zesummenaarbecht. BEPS steet fir Base Erosion and Profit Shifting. Dobäi geet et dorëms, géint d'Strategie vu multinationale Konzerner virzegoen, déi hir Steierbasis iwwert Finanzmontage staark kënnen erofsetzen, fir da guer keng Steiere méi ze bezuelen.

D'Konsolidéierung vun der Steierbasis, déi elo duerch de Projet vun der EU-Kommissioun an d'Gespréich kënnt, gesäit dogéint eng eenzeg Steierdeklaratioun fir Betriber vir. Fir Betriber, déi iwwer d'Grenzen aktiv wieren, hätt de Projet Virdeeler, seet de Pierre Moscovici. Si kéinten eng Perte an engem Memberstaat mam Benefice an engem Anere kompenséieren. Dernieft géif ACCIS et erlaben, d'Duebelbesteierung an d'Ënnerscheeder an der Besteierung vun de verschiddene Memberstaaten an déi domat verbonne Problemer z'ëmgoen. "Mir hunn en einfachen, transparenten a stabele Kader an der ganzer Europäescher Unioun."

"Harmoniséiert europäesch Visioun"

Mee dat wier fir den Ament nëmmen an der Theorie richteg, seet de Jean-Jacques Rommes, Direkter vun der UEL, der Union des Entreprises Luxembourgeoises. "Et solle keng Duebelbesteierungen a keng Duebel-Net-Besteierunge méi méiglech sinn. An deem Sënn ass et eng ideal Welt an eng ganz europäesch, harmoniséiert europäesch Visioun." Et wier erstaunlech, datt an engem Beräich an deem d'Unanimitéit vun de Staaten néideg wier, esou eng radikal Harmoniséierung géif duerchgezu ginn. De Jean-Jaques Rommes mengt, dëst wier den Effet vum "Lux-Leaks Äerdbiewen".

Impakt op de Grand-Duché

De Grand-Duché an och aner Länner hunn d’Besteierungssystemer genotzt fir Betriber unzezéien, mat ACCIS kéinten d’Firmaen aner Decisiounen treffen, esou de Jean-Jacques Rommes. Et kéint sinn, datt d'Betriber géife frësch rechnen. "An datt Lëtzebuerg e Verléierer ass, well mir ee klengt Land sinn." Bei der Steierverdeelung géifen nämlech eng Rei Parameter berécksiichtegt ginn, dorënner d'Gréisst vum Memberstaat.

Méi Transparenz an der Besteierung kéint och dozou féieren, datt tëscht de Länner a Punkto Fiskalitéit méi Konkurrenz géif entstoen, mengt den UEL-Direkter. Lëtzebuerg misst sech virbereeden. ACCIS wier eng verschäerfte Versioun vu BEPS an an deem Sënn géif d'Steiercompetitioun sech verschäerfen.

Lëtzebuerg, e Verléierer?

D’UEL an och d’Chambre de Commerce hunn aus deem Grond gefuerdert, datt de Besteierungstaux vun de Betriber soll erofgesat ginn. D'Gesamtbesteierung vun enger Gesellschaft - also d'Kierperschaftssteier plus d'Gewerbesteier - misst ënner 20 Prozent leien, betount de Jean-Jacques Rommes. Nëmmen esou kéint Lëtzebuerg op EU-Niveau kompetitiv bleiwen. D'Regierung wéilt awer eréischt eng Decisioun huelen, wa si wéisst, wat de geneeën Impakt wier.

An der Impaktstudie, déi d’EU-Kommissioun ausgeschafft huet, kënnt Lëtzebuerg net gutt ewech. Sollt déi gemeinsam consolidéiert Basisgrondlag fir Kierperschaftssteier - wéi d’EU-Kommissioun se proposéiert - tel quel applizéiert ginn, da géif dat fir de Grand-Duché e Verloscht vu ronn 600 Milliounen Euro u Steierrecette bedeiten. Dat mécht ee Prozent vum PIB aus. "Fir eis ass et en héchst riskéierte Manöver", fäert de Jean-Jacques Rommes. Mee u geneeë Ziffere gleeft hien net. Et wier och schonn onméiglech gewiescht, den Impakt vum BEPS op Lëtzebuerg ze chiffréieren.

2019 sollt deen éischten Deel vun deem Steierpak a Kraaft trieden, esou d'EU-Kommissioun. De Jean-Jacques Rommes geet awer dovunner aus, datt et méi laang wäert daueren. Derbäi kéim, datt de Grand-Duché op d'Brems géif drécken, mengt de President vun der UEL. Dëst, well d'Interessie vum Grand-Durché esou staark betraff wieren. "Et ka fatal fir Lëtzebuerg sinn, dofir wäert d'Regierung sech zréckhalen."

2017 envisagéiert d’EU-Kommissioun iwwerdeems eng schwaarz Lëscht vu Steierparadäiser opzestellen. Dee ganze Besteierungssystem vun der EU-Kommissioun concernéiert iwwerdeems och Entreprisen aus Net-EU-Memberlänner.