Reorganisatioun Police Schneider: "Ech forcéieren d'Gemengen net"

De Policeminister huet präziséiert, datt d’Iddi dës Kommissariater zouzemaachen, e Resultat vun den Diskussiounen an den Aarbechtsgruppen iwwert d’Policereform wier. Déi betraffe Buergermeeschteren hu sech géint d’geplangte Fermeture vu Kommissariater positionéiert.

Carole Schimmer / ckl

Etienne Schneider.jpg
Den Étienne Schneider seet, d'Zesummeleeën wier der SNPGL hir Iddi gewiescht

Datt déi meescht Gemengen, déi vun esou enger territorialer Reform bei der Police concernéiert sinn, sech dergéint ausschwätzen, koum an enger rezenter Réunioun tëscht der Policegewerkschaft SNPGL an de Gemengen eraus. Néng Gemenge woren do vertrueden, an déi wëllen, datt hire Commissariat de proximité bestoe bleift.

De Minister fir Bannent Sécherheet, Étienne Schneider, huet am Dezember gesot, datt nach keng definitiv Décisioun getraff gouf. Um Bord vum Neijooschpatt vu senger Partei sot hien lo, d'Poliziste selwer hätte virgeschlo fir Kommissariater zesummenzeleeën, mam Zil fir méi efficace ze schaffen. Sou kéinte bal all d'Kommissariater op zwou bis dräi Schichte schaffen, an och d'Büroe kéinte méi laang op sinn. An de Minister seet kloer: "Dat ass de Projet vun der Police, dee krut ech virun der Vakanz presentéiert an ech hu gesot, datt ech mat de Gemenge géif schwätzen ier mer eng Decisioun huelen".

Schneider: "Ech wëll dat am Dialog maachen"

Den Etienne Schneider huet d’Gemenge fir den éischte Februar invitéiert fir doriwwer ze diskutéieren – da géif ee gesi wéi d’Gemengen dozou stinn. Fir de Moment kéint hien verstoen, datt d'Gemengepäpp "entsat sinn" wann si héieren, datt hire Büro zougemaach gëtt. Mee sou einfach wier dat och net. "D'Iddi ass, d'Sécherheet vum Bierger, an d'Patrullen um Terrain bedeitend ze verbesseren an de jeeweilege Gemengen", sou den Étienne Schneider, dee lo hofft, awer nach mat de Gemengen Accorden ze fannen.

Iwwerdeems stellt den Étienne Schneider sech awer Froen iwwert d’Réunioun tëscht der Policegewerkschaft SNPGL an de Gemengen."Ech forcéieren d'Gemengen net, dat do ze akzeptéieren. Ech wëll dat am Dialog maachen. Dofir wonnert et mech och, datt d'Policegewerkschaft, deenen hir eege Leit déi Proposë gemaach hunn, lo mat de Gemengen zesummekënnt, fir hinnen dann net all déi gutt Argumenter ze gi firwat dat soll gemaach ginn", seet de Minister.

Den SNPGL President, Pascal Ricquier, hat dem 100,7 géintiwwer ënnerstrach datt den Accord vun de Gemengen néideg wier, fir d’Konzept territorial Reorganisatioun vun der Police ëmzesetzen.

Käerjeng: "wëllen Kommissariat behalen"

Och Käerjeng gehéiert zu deene Gemengen, déi géint d'Reorganisatioun sinn. "Mir sinn zur Konklusioun komm, datt mir eise Kommissariat wëlle weider behalen", seet de Michel Wolter, Buergermeeschter a fréiere Policeminister (CSV). Seng Gemeng, "ëmmerhin déi néngt gréisst am Land", bréicht eng Präventiounspolice, net nëmmen eng Interventiounspolice. De Michel Wolter fuerdert iwwerdeems datt den Audit, deen iwwert d'Police realiséiert gouf, soll public gemaach ginn. Och an der Chamber misst eng ëffentlech Debatt driwwer organiséiert ginn.

Och de Munnerefer Buergermeeschter ass onzefridde mat de Proposen déi um Dësch leien. An de läschte Joere wier ëmmer rëm gesot ginn, datt e neie Policebüro zu Munneref soll gebaut ginn. "Wéi mer dunn héieren hunn, datt mir mat de Kommissariater vu Moutfort a Réimech solle fusionéieren, ware mer iwwerrascht", sou de Lex Delles. Munneref bréicht als Thermalbad, mat ville Kuristen an engem Casino, eng héich Policepräsenz. Am November d’läscht Joer hat de Munnerefer Gemengerot nach eng Motioun un de Minister Etienne Schneider adresséiert, an där zousätzlech Poliziste gefuerdert goufen.

Audio: Reaktioun Étienne Schneider

 

Audio: Reaktioun Michel Wolter

 

Audio: Reaktioun Lex Delles

 

Méi zum Thema

Police
Policereform

Am Kader vun der Policereform sollen am ganze Land 14 "Commissariats de proximité" ogeschaf ginn. Mee déi concernéiert Gemengen stelle sech lo queesch.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen