Tierkei "Et weess een näischt iwwert d’Putsch-Enquête"

An der Tierkei kéinten eigentlech nëmmen nach Regierungszeitunge fräi schreiwen - bis op eng Partie kleng Online-Publikatiounen, déi awer selwer ëmmer méi ënner Drock géife geroden. Dat seet de Journalist Cem Sey, deen an Däitschland lieft a fir d'Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land iwwert d'Tierkei schreift. E Méindeg gouf bekannt, datt de Chefredakter vun der grousser Oppositiounszeitung Cumhuriyet, de Murat Sabuncu, verhaft ginn ass, grad ewéi eng Dozen aner Journaliste vun där Zeitung.

Michel Delage

Cem Sey, TAZ - Korrespondent Washington / USA, DEU, Berlin-Prenzlauer Berg, 03.10.2007; © Rolf Zoellner, Gleimstrasse 61, 10437 Berlin, Tel.: (030) 44 86 071, Fax.: (030) 44 05 02 41; e-mail: rolfzoellner@arcor.de; alle Rechte vorbehalten, Abdruck nur geg
Cem Sey (Foto: Ralph Zoellner)

Michel Delage: Nom Putschversuch am Juli stoungen haaptsächlech Medien am Viséier, déi dem Priedeger Fethullah Gülen – dem Haaptverdächtegen – gehéieren. D’Regierung schéngt et elo och op aner Medien ofgesinn ze hunn. Firwat?

Cem Sey: Deemools woussten d’Kollege vu Cumhuriyet schonn, datt och si dru wieren. Déi tierkesch Regierung hat scho virum versichte Militärputsch ugefaangen a verschiddene Beräicher – virun allem an oppositionellen Zeitungen – opzeraumen. Vill Zeitunge ware schonn ënner Drock, dofir war dëse Schrëtt elo keng Iwwerraschung. Déi tierkesch Regierung versicht, d’Oppositioun bal honnertprozenteg ënner hir Kontroll ze bréngen.

D’Regierung argumentéiert mat enger presuméierter Complicitéit beim versichte Putsch am Juli, a seet datt et Liene géif gi mat der verbuedener Kurdepartei PKK. Ass dat – an Ären Aen – sief et nëmmen usazweis credibel?

Dat ass net credibel. Bis op Berichter a Kommentaren zugonschte vun engem Fridden am Oste vun der Tierkei huet d’Zeitung kaum eppes mat der PKK ze dinn. Während Jore war se eigentlech ee grousse Kritiker vun där Bewegung. Bei der Gülen-Bewegung ass et ähnlech. Ech géif souguer soen, et ass e bëssen eng extrem laizistesch Zeitung. Se huet sech ëmmer géint d’Gülen-Bewegung positionéiert, och wéi d’Regierung mat hir kooperéiert hat. Gläichzäiteg huet d’Zeitung sech fir d’Meenungsfräiheet agesat, fir de Gülen-Grupp oder och fir d’Kurden.

Cumhuriyet ass deemools virun allem opgefall, wéi se dokumentéiert hat, datt déi tierkesch Geheimdéngschter radikal-islamesch Gruppen a Syrien mat Waffe beliwwert haten. Zënter deem ass den Drock op d’Zeitung all Dag déi méi grouss ginn.

De Moment ass d’Tierkei ëmmer nach am Ausnamezoustand, et ginn Enquêtë gefouert an Zesummenhang mam versichte Putsch. Wat ass do de leschte Stand? Kommunikéiert d’Regierung iwwer Tëscheresultater? Wat weess d’Gesellschaft iwwer d’Enquêten?

Dat ass de grousse Problem, deen d’Oppositioun an der Tierkei ëmmer nees ernimmt. Am Fong geholl weess ee guer näischt. Medien, déi der Regierung no stinn a vun hir gefiddert ginn, verëffentlechen Ecoutë vu Genereel oder Zaldoten, déi um versichte Putsch bedeelegt waren. Rapporten iwwert d’Verhéier kommen an d’Press. Soss weess een eigentlech näischt. Och net, wéi et deene Leit geet. Et héiert ee souguer vu staarkem Asaz vu Folter. Wéini Prozesser ofgehale ginn, weess ee bis haut net.

Nom verhënnerte Putsch am Juli konnt een observéieren, datt déi tierkesch Gesellschaft hannert hirer Regierung stoung. Et gouf eng Zort Eenheet - wann een dat esou vu bausse ka beuerteelen. Huet d’Regierung nach déi Akzeptanz aus der Gesellschaft oder fänkt dee Konsens esou lues un ze zerbréckelen?

Dee Konsens war vun Ufank u brécheg. Vill Leit – ongeféier d’Hallschent an der Gesellschaft – hat dat souwisou net matgedroen. Dat Bild ass eigentlech mat groussem Drock entstanen. An der Tëschenzäit ass dat eriwwer. Se hunn d’Situatioun elo ënner Kontroll. An der Gesellschaft mécht sech zwar Enttäuschung breet, mee kaum ee kann se zum Ausdrock bréngen. D’Angscht ass schonn zimlech grouss.


Interview Cem Sey

Méi zum Thema

Salim Levent Şahinkaya
Tierkei

Dem tierkeschen Ambassadeur Salim Levent Şahinkaya no hunn déi westlech Regierungen a Medien de Putschversuch net verstan. D'Tierkei hätt vill Beweiser dofir, datt Hizmet hannert dem Putsch géif stiechen.

Militärputsch an der Tierkei
Tierkei

De Putsch-Versuch gouf mat Suucès verhënnert, esou den tierkesche Premier Binali Yildirim. D'Situatioun wier nees ënner Kontroll. Op d'mannst 265 Mënsche wieren ëm d'Liewe komm.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen