Däitschland Et steet schlecht ëm déi däitsch Politik

Wat ass lass mat der däitscher Politik? An all de Landtagswahlen dëst Joer gouf et dat selwecht Muster: Déi etabléiert Parteie verléiere Wieler, d’Rietspopuliste vun der AfD sammele Stëmmen. Am Hibléck op d’Bundestagswahl d’nächst Joer stellt sech d'Fro, wei schlëmm et ëm déi Däitsch Politik steet.

Matthias Kirsch (München) / cwi

Meenung Matthias Kirsch
Et muss séier eppes geschéien, fënnt de Matthias Kirsch

Am Joer 1986 sot den deemolege bayresche Ministerpresident Franz-Josef Strauß, et dierft keng demokratesch legitiméiert Partei riets vun der CSU ginn. 30 Joer méi spéit gëtt déi ganz däitsch Politik vu riets iwwerholl. D’Alternative für Deutschland, kuerz AfD, huet ee Wahlsuccès nom aneren. Vu Lénks an aus der Mëtt kënnt wéineg.

Déi Grouss Regierungskoalitioun huet an Däitschland scho laang kee Réckhalt méi. An den éischten dräi Joer vun der Legislaturperiod huet sech zwar vill gedoen, mee op all positiv Initiativ, wei dem Mindestloun, kënnt een Eclat, wéi déi ëmstridde Vorratsdatespäicherung. Déi grouss Koalitioun gëtt dominéiert vum interne Sträit. A Sträit féiert seelen zu effektiver Politik. Mee d’Regierungsparteien hunn och eleng scho genuch Problemer. D’CSU, d’Schwësterpartei vun der Angela Merkel hirer CDU, regéiert a Bayern ouni Konkurrenz a steet scho laang net méi hannert dem grousse Brudder - virun allem an der Flüchtlingspolitik.

Wéineg Géigewand

Déi grouss, al Dame vun der däitscher Politik gëtt vu riets iwwerholl. Dat gouf et nach ni an der däitscher Nokrichsgeschicht. Uewergrenze fir Flüchtlingen, dat ass an der AfD bal harmlos Rhetorik. Ma esou erfollegräich, wei d’AfD riets iwwerhëlt, dat jäizt no enger Reaktioun vu Lénks. Mee et héiert ee weder déi Gréng, nach déi Lénk, nach d'Sozialisten. Déi däitsch Oppositioun opposéiert net méi, d’Rietspopulisten diktéieren den Discours an d’Richtung vun der Politik.

Mee och vun de Sozialiste kënnt net wierklech vill – obwuel d’SPD an de Sigmar Gabriel scho Wahlkampf maachen. An hiert Ziel ass kloer: Endlech erëm stäerkste Kraaft an enger Regierung ginn. Mee wei? Déi eenzeg Alternativ wier rout-rout-gréng op nationalem Niveau, eng Koalitioun mat de Lénken an de Gréngen also. Um Pabeier kléngt dat gutt. Mee et muss een net wäit kucken, fir ze gesinn, datt d’Sozialisten esou wäit vum Vollek ewech sinn, wéi scho laang net méi. D'leschte Weekend hunn d’SPD-Memberen sech fir CETA ausgeschwat - d’Fräihandelsofkommes mat Kanada, dat als Generalprouf fir TTIP gëllt. Datt de selwechte Weekend an Däitschland knapp 300 Dausend Léit géint TTIP a CETA op d’Strooss gaange sinn, schéngt bei der SPD keen z'interesséieren.

Wettrüsten no Riets

Wourop muss een sech also d'nächst Joer astellen? Wann een d’Aussoe vun CSU an AfD héiert, da kënnegt sech e Wettrüsten un. An zwar no Riets. Dat ass eng Entwécklung, déi een an Däitschland ni méi fir méiglech gehalen hätt. An déi vill Leit bei deene Lénken, deene Gréngen a bei de Volleksparteien nach ëmmer net realiséiere wëllen.

Mee et ass d’Realitéit, an et muss séier eppes geschéien. Ee Joer ass séier laanscht. A wann d’AfD an den dräi Landtagswahlen tëscht haut an de nationale Wahlen am engem Joer weider sou staark ofschneit, dann ass et laang ze spéit.

Déi Gréng a di Lénk mussen endlech un engem Strang zéien a kloer Positioune bezeien. A wat d’SPD ugeet: Vläicht muss de Sigmar Gabriel realiséieren, datt d’Aarbechterklass sech einfach net méi mat senger Politik identifizéiert. Wie kann et de Léit verdenken, wann d’Partei méi hannert de groussen Entreprisë wei hiren Aarbechter steet. Eng eventuell rout-rout-gréng Regierung hänkt virun allem dovun of, datt eng staark SPD der Konkurrenz vu riets géinteniwwer steet. All dat sinn awer just eidel Wieder, wann de Sigmar Gabriel weider alles drusetzt, fir den S aus dem Numm vu senger Partei ze sträichen.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Mady Delvaux
Europa

Wéinst den nationalen Egoisme wier et schwéier an der Sozialpolitik virun ze kommen, mengt d'Mady Delvaux. D'Majoritéit am EU-Parlament wier pro-europäesch a pro-sozial. De Problem léich bei de Memberstaaten.

Charles Goerens
Europapolitik

D'Medien hätte Matschold um Rietspopulismus an Europa, seet den Europadeputéierte Charles Goerens. D’EU misst méi solidaresch an offensiv optrieden, besonnesch bei de Brexit-Verhandlungen.

AfD-Supporteren
Landtagswahlen a Mecklenburg-Vorpommern

Déi rietspopulistesch AfD gëtt an de Landtagswahlen a Mecklenburg-Vorpommern zweetstäerkste Partei hannert der SPD. Et ass e weidere regionale Succès fir d'AfD virun den däitsche Bundestagswahlen 2017.

Colette Flesch2.JPG Riicht Eraus
Colette Flesch

​D'Montée vu Populismus an de läschte Joeren, mécht der liberaler Politikerin Colette Flesch grouss Suergen. Fir de Phänomen ze bekämpfen, dierf een awer net "mond-dout" maachen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen