Radioen

On air

Resonanzen  |  Henryk Wieniawski - Scherzo-Tarantella, Op. 16 - Maxim Vengerov (Gei), PFB Symphony Orchestra, Ernst van Tiel (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et muss net ëmmer en Neie sinn!

Ekologesch Rotschléi fir den Autosfestival

Et muss net ëmmer en Neie sinn!

Wann een en neien Auto keeft, soll een éischter e Bensiner wéi en Diesel wielen. En Elektroauto ass souwisou di besser Léisung. Dat sinn d'Rotschléi, déi den Oekozenter Pafendall fir den Autosfestival gëtt. Eng Autossteier op Déngschtween ass an hiren Aen ze begréissen.

auto_stories

2 min

©Bigstock

D'Iddi vun enger Autossteier op Déngschtween - déi d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg viru kuerzem lancéiert hat -  wier derwäert, dass een se ëmsetzt. Dat seet den Thierry Lagoda vum Oekozenter. An eisem Fuerpark wäre virun allem di nei Autoe geleast. Esou eng Autossteier kéint derzou bäidroen, de Fuerpark méi ekologesch ze maachen. Am Konkrete géifen da méi Autoe mat nidderegem Verbrauch gewielt ginn. 

Elektroautoen: do ass méi dran!

"D'Elektromobilitéit huet insgesamt Startschwieregkeeten" seet den Thierry Lagoda. D'Präisser wieren nach ze héich: De  Staat misst Verantwortung iwwerhuele fir méi Attraktivitéit ze schafen. Och op steierlechem Niveau sollten déi Autoe favoriséiert ginn. Datt d'Care Prime ofgeschaf gouf, bedauert den Thierry Lagoda. Schliisslech hunn d'Cliente sech domat d'Fro gestallt, op d'Uschafung vun esou engem Auto sech net awer kéint lounen. D'Regierung sollt préiwen, fir esou eng Prime nach emol anzeféiere seet den Thierry Lagoda 

En Ale mécht et och

D'Lëtzebuerger kafen an de leschte Joeren net méi all 4 Joer en neien Auto. Si kucke sech och Occasiounen un. Den Oekozenter hofft, datt deen Trend esou weider gëtt. Wann een en neien Auto keeft, sollt een éischter fir e Bensiner optéieren am Plaz vun engem Diesel, ass e weidere Conseil. "Mir kennen nëmme Rekommandatioune maachen," seet den Thierry Lagoda. "An hoffen, datt d'Leit verstinn ëm wat et geet!".