Radioen

On air

De Weekend  |  Django Django - Waking Up Feat. Charlotte Gainsbourg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et geet net duer ëmmer nëmme Prisonge bäizebauen"

Vincent Theis

"Et geet net duer ëmmer nëmme Prisonge bäizebauen"

De Kampf géint Radikaliséierung steet zanter de rezenten Attentater a Frankräich an an Däitschland am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen. Dacks gouf sech am Prisong radikaliséiert. Wat dogéint maachen?

auto_stories

4 min

Et misst tëscht Islam a Radikaliséierung ënnerscheet ginn, soss géing et zur Hexejuegd komme seet de Vincent Theis.

Zu Lëtzebuerg wären nach keng Fäll vu Leit bekannt, déi sech am Prisong radikaliséiert hätten. Dat seet den Direkter vum Prisong zu Schraasseg, de Vincent Theis. Dëst kéint sech awer vun engem Dag op deen aneren änneren.

Fir géint d'Radikaliséierung virzegoe goufen eng Rei präventiv Mesuren ergraff. D'Mataarbechter zu Schraasseg kruten eng Formatioun. Oder wéi den Direkter vum Prisong seet, "eng Informatioun iwwert den Islam am 21. Joerhonnert". Fir sécher ze stellen, "datt d'Personal keng Vermëschung mécht tëschent Islam a Radikaliséierung an Terrorismus." Dat misst ganz kloer ënnerscheet ginn, fir datt et net zu enger Hexejuegd kéim.

Vun de Prisonéier zu Schraasseg géingen der 100 bis 150 dem Islam ugehéieren. Fir datt si Ënnerstëtzung an hirem Glawe kréichen, gouf viru kuerzem en Imam agestallt.

"Islam ass eng Saach, Radikaliséierung eng Aner"

Och d'Regierung huet preventiv Mesuren agefouert. Dës begréisst de Vincent Theis. Et wier wichteg, datt géing interdisziplinär geschafft ginn. Deenen, déi sech radikaliséiert hätten an hire Famille misst Hëllef bei der Deradikalisatioun gebuede ginn.

D'Isolatioun vu radikaliséierte Prisonéier hält de Vincent Theis fir bedenklech: Op laang Siicht géing dës den Haass legitiméieren, "deen déi Leit souwisou schonn op d'Gesellschaft hunn."

De Vincent Theis gëtt awer ze bedenken, datt Radikaliséierung net gläichbedeitend wier mat Islam. "Islam ass eng Saach, Radikaliséierung eng Aner. Et gëtt och radikaliséiert Katholiken a radikal Agnostiker. Et gëtt riets-a lénkspolitesch Radikaler."

Vun enger Radikaliséierung bis hin zu engem gewalttätegen Extremismus an zum Terrorismus wier et e laange Wee. Iwwerdeems géing et vill Profiller vu radikaliséierte Persoune ginn. Déi eng hätten eng Leaderfunktioun a géinge rekrutéieren, anerer wiere Matleefer a nach anerer géifen am Discours eng Legitimatioun fannen, "fir d'Kalaschnikow an de Grapp ze huelen."

De Prisong ass voll

Am Prisong zu Schraasseg ass Plaz fir 600 Prisonéier, den Ament wieren et der awer tëschent 610 a 620. Dat fënnt de Vincent Theis problematesch, well "mat voller Kapassitéit ass de Prisong schonn iwwerbeluecht". Esou kéint ee kee proppert Konzept duerchzéien. Fir gutt ze fonctionnéiere misst de Prisong just zu 80 Prozent beluecht sinn.

Eng quantitativ a qualitativ Entlaaschtung fir de Prisong zu Schraasseg soll d’Maison d’arrêt um Uerschterhaff zu Suessem ginn. Do solle vun 2022 un 400 Untersuchungsprisonnéier kennen opgeholl ginn. "Et geet awer net duer nëmme Prisongen auszebauen." Schraasseg misst renovéiert ginn, a virun allem misst et zu konzeptuellen Iwwerleeunge kommen. Déi wiere schonns zënter laangem iwwerfälleg, esou de Vincent Theis. Et misst méi spezifesch op d'Besoine vun de Prisonéier agaange ginn.

"D'Chamber muss Gas ginn"

Den Ament sinn och dräi Mannerjäreger zu Schraasseg am Prisong. Dobäi kritiséiere Mënscherechtsorganisatioune schonn zënter iwwer 20 Joer, datt Mannerjäreger net dierfte mat Erwuessenen am Prisong sinn. "Ech ralliéiere mech där Kritik", seet dozou den Direkter vum Schraasseger Prisong, "dat ass net an der Rei." De Problem soll duerch de Sécherheetstrakt zu Dräibuer geléist ginn.

D'Infrastruktur steet, si kann awer net a Betrib geholl ginn, well d'gesetzlech Basis nach net do ass. D'Chamber misst Gas ginn, fuerdert de Vincent Theis.

Den Direkter vum Prisong zu Schraasseg geet an zwee Méint an d'Pensioun. Säin Nofolger ass nach net bekannt.


Méi Informatiounen zum Projet de loi, bei deem et och ëm d'Unité de sécurité zu Dräibuer geet:

Projet de loi 6593

Den Avis vun der Commission consultative des Droits de l'Homme

Froen an Antwerten un d’Regierung vum Comité fir d’Preventioun vu Folter (CPT)