Archivgesetz En neit Gesetz fir eng nei Archivkultur

Déi ëffentlech Administratioune sollen hiert Archivmaterial an Zukunft un d'Nationalarchive viru ginn. Eng entspriechend Obligatioun gëtt elo eng éischte Kéier gesetzlech verankert. D'Direktesch vun den Nationalarchiven begréisst dës Initiativ ausdrécklech.

Josée Kirps

De Gesetzprojet, deen elo op den Instanzewee geschéckt gëtt, gesäit präzis Reegele fir den Tri vum ëffentlechen Dokumenter fir. Och digitaalt Material soll archivéiert ginn. Mat deem neie Gesetz gëtt garantéiert, dass all d'Material dat an d'Nationalarchive gehéiert och dohinner kënnt, sou d'Josée Kirps: "Dat muss ech ganz staark affirméieren. Mat dräi Ausrufezeichen hannendrun".

D'Nationalarchive kréie fir hir nei Aufgaben de Budget bis 2022 iwweregens ëm 3,4 Milliounen Euro eropgesat. Eng Decisioun fir en neit Gebai gëtt iwwerdeems fréistens d'nächst Joer geholl, sou d'Kulturministesch Maggy Nagel. Kloer ass awer, datt déi nei Nationalarchiven elo awer sollen op Belval kommen.​

Zoustand vun den Archiven: "Keng Katastroph"

Momentan hunn d'Nationalarchive guer keng Handhab fir den ëffentlechen Administratiounen ze soen, wéi eng Dokumenter mussen archivéiert ginn. Effektiv géif opfalen, datt vill Dokumenter fehlen. Dat géif awer net bedeiten, dass d'Archivkultur eng Katastroph wier a ganz Dreckskëschten Dokumenter ewech geheit goufen, betount d'Josée Kirps. 

Datt den Artuso-Rapport iwwer d'Kollaboratioun am Zweete Weltkrich drënner gelidden huet, datt et laang kee seriéist Archivgesetz gouf, léisst d'Josée Kirps sou net gëllen. De Vincent Artuso hätt net all d'Material consultéiert, op dat d'Nationalarchiven hien higewisen huet: "Wahrscheinlech wëll hien d'Zäit net hat". Effektiv wieren d'Fonge vum Zweete Weltkrich awer och nach net ganz opgeschafft an dowéinst nach net accessibel fir d'Chercheuren. An da géifen effektiv och Saache fehlen. Prinzipiell kéint ee soen, dass déi vill méi intensiv historesch Fuerschung, déi zënter der Grënnung vun der Uni gemaach gëtt, d'Archiv-Problematik méi an de Vierdergrond gestallt.

Steieregeheimnis a SREL-Archiven

Et ginn och eng Rei Ausnahmen an deem Gesetzprojet definéiert. Zum Beispill mussen Dokumenter déi d’Steiergeheimnis betreffen, net un d’Nationalarchive goen. Domadder gemengt sinn Dokumenter, déi vum Gesetz ("Abgabenordnung") hir ënnert d'Steiergeheimnis falen. Archivmaterial aus dem Finanzministère gëtt d'selwecht behandelt wéi d'Dokumenter aus anere Verwaltungen, sou d'Josée Kirps.

Am Archivgesetz ass virgesinn, dass d’Geheimdéngscht-Archive (mat Ausnahm vun internationalen Dokumenter) no 50 Joer de-klassifizéiert a fir de Public accessibel ginn. Dat steet am Widdersproch zum Gesetzprojet, deen d’Regierung spezifesch fir d’Opschaffe vun den ale SREL-Archiven ausgeschafft huet. Do ass d'Méiglechkeet ginn, dass déi klasséiert Dokumenter kënnen zerstéiert ginn. D'Josée Kirps huet dozou gemengt, dass hir net ganz kloer wier, wéi d'Gesetz iwwer d'SREL-Archive genau soll funktionéieren: "Do hunn ech Bedenken an ech fannen dass dat mat onse Vuen net ëmmer honnertprozenteg iwwertenee klappt." Mee d'Gesetz wier jo nach net gestëmmt.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Pia Oppel
Lauschteren

Méi zum Thema

Barthel-Artuso.jpg
Vincent Artuso a Charel Barthel

De Vincent Artuso, Auteur vum Rapport iwwert d’Roll vun de Lëtzebuerger Autoritéiten bei der Juddeverfolgung um Ufank vum Zweete Weltkrich, huet sech géint Virwërf vu sengem Historiker-Kolleg Charel Barthel gewiert.

An den Nationalarchiven ass een Dossier mat Archivmaterial aus dem Zweete Weltkrich net méi rëm ze fannen. Et fehlt eng serieux Archivkultur mengt dozou d'Pia Oppel

"À première vue" ass kee Schued entstan, sou d'Direktesch vun de Nationalarchiven. D'Josée Kirps ass awer net rassuréiert wat d’Sécherheet vu verschiddene Depoten ugeet

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen