Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "En anti-Establishment Vote"

US-Presidentschaftswahl

"En anti-Establishment Vote"

De Vote fir den Donald Trump wier e Vote géint déi aktuell Politik, mengt eisen USA Korrespondent. Dem Philip Crowther no ass dem Republikaner säi radikale Programm iwwerdeems politesch realisabel: D'Republikaner hätten elo net nëmmen d'Schlëssele fir d'Wäisst Haus, mee si hätten och d'Majoritéit am Kongress an am Representantenhaus.

auto_stories

3 min

De Philip Crowther ass USA-Korrespondent fir de radio 100,7

De Republikaner Donald Trump huet d'Presidentschaftswahl gewonnen. Dat ass eisem USA-Korrespondent no eng grouss Iwwerraschung an e grousse Schock fir d'Politik an der Welt. De Philip Crowther huet d'Presidentschaftswahl vu Washington aus suivéiert. "De Succès vum Donald Trump ass eppes, wat den aktuelle President sech nimools virgestallt huet an de gréissten Deel vun der amerikanescher Politik genee esou wéineg."

D'Sondagen haten der demokratescher Kandidatin Hillary Clinton bis zulescht e kloren Avantage ginn. De Philip Crowther mengt, datt vill Leit net wollten zouginn, datt si fir de Republikaner géife stëmmen. "Ech erënnere mech un e Gespréich mat der Cheffin vun engem lokalen Deel vun der republikanescher Partei a Pennsylvania. Si sot, vill Leit hätten hir erzielt, si géifen am Geheime fir den Donald Trump wielen, mee sech net trauen dat ëffentlech ze soen." D'Wahlresultat géif hir Recht ginn, mengt eisen USA-Korrespondent.

Géint déi aktuell Politik

De Vote fir den Donald Trump wier ganz kloer en anti-Establishment Vote, erkläert de Philip Crowther. Et wier ee Vote géint d'Politik vum Moment a géint den aktuellen amerikanesche President Barack Obama a seng Regierung. D'Hillary Clinton huet eisem USA-Korrespondent no - als Member vun der demokratescher Partei - dës Politik symboliséiert. Dernieft wier si an den USA immens onbeléift.

An awer wier d'Victoire vum Donald Trump schwéier z'erklären, well och den Donald Trump wier an den USA an an der Welt alles anescht wéi beléift. "Hie wäert an d'Wäisst Haus erakommen, als ee vun den onbeléiftste Leit, déi jeemools d'Presidence gewonnen hunn." De Republikaner ass am Virfeld vill kritiséiert ginn, zum Beispill wéinst sengen dacks homophoben, rassisteschen a fraefeindlechen Aussoen: D'Proposë fir eng Mauer tëscht Mexiko an den USA ze bauen oder keng Moslemen an d'USA ze loossen, wieren dem Philip Crowther no als Grënn ugesi ginn, fir den Donald Trump guer net eréischt als Kandidat fir d'Presidence zouzeloossen. "Ma d'Skandaler ëm den Donald Trump schéngen him awer absolut net wéigedoen ze hunn."

Anescht der Hillary Clinton. De Skandal ëm hir e-Mmail-Affär - spréch d'Benotze vun engem privaten E-Mail Server an enger privater e-Mail-Adress während hirer Zäit als US-Ausseministesch - hätt hir immens geschuet, erkläert de Philip Crowther. Ëmsou méi, well den FBI-Direkter James Comey zwou Woche virun der Wahl annoncéiert hat, den Dossier géif wéinst neien e-Mailen erëm opgemaach ginn, fir en no zwou Wochen erëm ze clôturéieren. Déi zwou Wochen hätten der Hillary Clinton e groussen Desavantage ginn, mengt de Philip Crowther. "An deenen zwou Wochen hu vill Leit gewielt an et ka sinn, datt si dowéinst bei den Donald Trump iwwergaange sinn." Iwwerdeems wier et de Republikaner iwwert d'ganz Wahlcampagne gelongen, fir dëse Skandal géint d'Demokratin ze benotzen a si als net-vertrauenswierdeg duerzestellen.

Politesch realisabel

Mat der Victoire vum Donald Trump hunn d'Republikaner net nëmmen d'Schlëssele fir dat wäisst Haus. Ma si hunn och d'Majoritéit am Kongress an am Representantenhaus. Dofir wier dem Donald Trump säi radikale Programm politesch ëmsetzbar. "Et wäert ganz wéineg Oppositioun ginn." D'Propose fir eng Mauer tëscht den USA a Mexico ze baue wier vläicht physesch a politesch onméiglech, ma aner Saachen awer net. Den Donald Trump hätt nämlech och de Pouvoir iwwer d'Héchst Geriicht an dat géif iwwer Dossieren entscheeden, wéi d'Gesondheetsreform, d'Schwulenhochzäit oder d'Ofdreiwung. "Eent ass sécher, vill vun de Saachen, déi den US-President Barack Obama gepackt huet, stinn elo a grousser Gefor."

D'USA wieren no de Wahlen immens gespléckt, betount de Philip Crowther. De Gruef tëscht Schwaarz a Wäiss, Aarm a Räich, Republikaner an Demokrate wier grouss. "Géint déi Divisioune muss d'Land elo schaffe fir kënne weider ze maachen."