Euranet Éischte Vize-President vun EU-Kommissioun am Gespréich

euranet-timmermans.jpg

Ier d’Leit gleewen, datt et der Wirtschaft besser géif goen, bräicht ee vill Zäit a vill Beweiser, sou de Frans Timmermans. Den éischte Vize-President vun der EU-Kommissioun war den Invité an der Emissioun Crunch-Time op Euranet, engem Reseau vun ëffentlech-rechtleche Sender, bei deem och de radio 100,7 Member ass.

De Frans Timmermans ass der Meenung, datt d’Europäesch Unioun aus dem Graffste vun enger Kris eraus ass, déi schonn aacht Joer laang dauert. Eng Kris mat ville Facette wéi Wirtschaft a Flüchtlingen.

Am wichtegste wär d'Fro, ob d’Mëttelklassen an Europa weiderhin optimistesch wäre wat d’Zukunft betrëfft, sou den éischte Vize-President vun der EU-Kommissioun "Et geet em Aarbechtsplazen, Opportunitéite fir hir Kanner, gutt Bildung a Gesondheetsversuergung." Déi aner Problemer géife scho manner uerg ginn, wann ee fir deen néidegen Optimismus kéint suergen.

De sougenannte Juncker-Plang, een Investitiounsplang vun ugestrieften 315 Milliarden Euro, gëtt iwwer d’Joer 2018 eraus verlängert. No engem Joer wiere schonn iwwer 100 Milliarden Euro zesummekomm, sou de Frans Timmermans. A ville Memberstaate wär de massiven Investissement a kleng- a mëttelgrouss Entreprisen ee grousse Succès, sou den Timmermans am Gespréich mat Euranet. Zum Beispill a Frankräich.

An awer sinn ëmmer méi EU-Bierger skeptesch a Bezuch op d’Europäesch Unioun. Fir de Frans Timmermans gëtt et dofir zwee Grënn: national Politiker, déi d’EU jorelaang schlecht geriet hätten an där hir Succèse fir sech selwer an Usproch geholl hätten. Zweetens hätt d'EU ze vill versprach an ze wéineg agehalen. "Mir brauchen ee méi bescheident, méi léisungsorientéiert Europa: léisst déi kleng Problemer, da léisst der och déi grouss."

Fir den Undrang u Flüchtlingen ze kontrolléiere géif et, trotz Bedenken, keng Alternativ ginn zum EU-Tierkei-Deal. Wa bis d’Baussegrenze vun der Schengenzon besser kontrolléiert sinn, da wieren d’Kontrolle bannent der Zon méiglecherweis schonn Enn des Joers net méi néideg, sou de Frans Timmermans. Thema Polen: D’EU-Kommissioun huet elo den Drock op déi polnesch Regierung verstäerkt. Warschau soll ëmstridde Verfassungsreforme réckgängeg maachen. De Vize-President vun der Kommissioun wélt an deem Kontext all d'Moyene vum Dialog notzen. Hie wär dovun iwwerzeegt, datt nach net all d'Mëttelen verbraucht wären, fir eng Solutioun ze fannen.

Méi zum Thema

Finanzdistrikt vu London Analys
Brexit

An engem Mount wielt Groussbritannien. De méigleche Brexit spléckt net just d éi englesch Politik an Gesellschaft. Wéi eng Implikatiounë hätt e Brexit op déi britesch an europäesch Ekonomie?

Jean-Claude Juncker.jpg
Jean-Claude Juncker

No den Attentater zu Bréissel plaidéiert de Kommissiounspresident fir eng "Unioun vun der Sécherheet". Mat Aktionismus hätt dat näischt ze dinn. De Jean-Claude Juncker hofft op méi Solidaritéit bannent der EU.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen