Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Never Forever

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een neit Gesiicht fir de Kierchbierg

Urbanismus

Een neit Gesiicht fir de Kierchbierg

De Stater Kierchbierg ass am Gaang sech ze veränneren, och well de Fonds du Kirchberg sech ganz geziilt dofir asetzt. Et wëll een ewech komme vum rengen Europa- a Bankevéierel, hin zu engem beliefte Quartier an deem och méi Leit wunnen. Wéi? Dat sollen sech elo de bekannten däneschen Architektebüro Jan Gehl an och d'Kierchbierger selwer ausdenken.

auto_stories

5 min

Foto: Fonds du Kirchberg

De Kierchbierg, dat sinn 365 Hektar Land. Ronn een Drëttel vun der Bürosfläch vum ganze Land leien hei. Domat schaffe vill méi Leit do wéi der do wunnen. Ronn 1.400 Wunnunitéite ginn et de Moment um Kierchbierg. Dee Ratio ass, wéi et schéngt, ze spieren. Bei dëse Leit déi mir an der Strooss gefrot hunn, wéi hinnen de Quartier gefält, ass d'Uerteel relativ kloer.

“Generell fannen ech e ganz gutt, mee no Feierowend ass de Quartier zimlech dout”, sou eng Fra. “E bëssen Animatioun Owes, virun allem de Weekend, géif dem Kierchbierg gutt doen”, fënnt en Här. Hien hofft, datt den Tram déi vun him gewënschte Verbesserung wäert bréngen.

Servicer och baussent den EU-Institutiounen

Grad vun deem Image vun engem renge Schaff-Quartier, wou de Mënsch a senger Fräizäit näischt verluer huet, ausser vläicht beim Sport an der Coque, wëll de Fonds Kierchbierg ewech kommen. D'Geschicht vum Kierchbierg ass enk mat där vun der europäescher Unioun verbonnen, erkläert de President Patrick Gillen.

“Et ass jo souwisou näischt do, also bidde mer de Leit sämtlech Servicen, déi se brauchen, bannen an den Institutioune selwer un”, hätt et an de 1960er Jore geheescht. Am Europaparlament, zu Beispill, gëtt et ee Supermarché, Banken, Reesagencen. “Eisen Challenge ass et ze soen: 'mir maachen Iech elo eng Offer no baussen, datt Dir och emol aus den Institutiounen eraus kommt”, sou de Patrick Gillen.

Neierdéngs um Kierchbierg wunnen

Mee net nëmmen d'Leit, déi um Kierchbierg schaffen, feelen de Moment nach am ëffentleche Raum, och déi déi do wunnen, sou d'Giny Laroche, Quartiersmanagerin vum Fong Kierchbierg. Elo eréischt géif lues a lues op Wunnraum gesat ginn, woumat och gewëssen Servicer néideg géife ginn.

Dës Tendenz ëmzedréinen ass ee laangfristegt Zil vum Fong Kierchbierg, dat och schonn am Gaang ass ëmgesat ze ginn. An d'Architekte vum Bureau Jan Gehl vu Kopenhagen sollen do mathëllefen. Hir konkret Aufgab ass et, Virschléi ze maachen, fir d'Place de l'Europe, bei der Philharmonie, an d'Plaz beim Akafszenter Auchan nei a méi mënschlech ze gestalten.

“An de 1950er an 1960er Joren ass am Urbanismus haaptsächlech funktionnell geduecht ginn, nom Prinzip: D'Leit schaffen hei, mee si wunnen anzwousch anescht an tëschenduerch fueren se mam Auto’”, sou den Architekt Andreas Røhl. “An esou ass am Stad-Design ebe laang net wierklech un d'Mënsche geduecht ginn".

Dänesch Architekten denken de Kierchbierg

"Cities for people", dat ass de Slogan vum Architektebüro Jan Gehl. De Büro huet Stied wéi New York, Moskau oder Melbourne beroden a verännert. De Jan Gehl selwer ass an de 1960er Architekt ginn. Et war seng Fra, déi him iergendwann op d'Spréng gehollef huet.

Dem Andreas Røhl seng perséinlech éischt Impressioun vum Kierchbierg ass: de Quartier ass een Zeechen vu senger Zäit, de 1960er eben. Dat wier an Dänemark deemools net anescht gewiescht, just hätten d'Leit sech iergendwa gewiert, hätten zum Beispill méi Plaz fir de Vëlo gefuerdert, an d'Politiker hätte gelauschtert.

Wat d'Architekte vu Gehl elo um Kierchbierg kënne maachen, doriwwer well den Andreas Røhl nach näischt verroden. Mee iwwer d'Konzept schonn. "Et kann ee vill mat Pech a Faarf maachen", seet hien. An erënnert un d'Method, déi säi Büro am New Yorker Downtown benotzt huet.Ech mengen et huet 48 Stonne gedauert fir déi éischt Phas ëmzesetzen, an dat meescht ass mat Faarf gemaach ginn, a Saachen déi op de Macadam gepecht gi sinn. Oder Planzen a Backen déi opgestallt gi sinn.”

D’Kierchbierger selwer mat abannen

D'Logik ass: D'Kuliss vu grousse Boulevarden an impressionnanter Architektur ze briechen. Ier si een definitiivt Konzept ausschaffen, kucken d'Gehl-Architekten sech d'Plaz un. Wou sëtzen d'Leit sech, fir ze schwätzen, wou iessen se Mëttes hiert Bréitchen a wou net, well zum Beispill ze vill Wand oder Kaméidi ass?

Iwwer den Architektebüro eraus, soll dat neit Gesiicht vum Kierchbierg awer virun allem vun den Notzer selwer gemoolt ginn. Scho méi laang gëtt et eng Quartiersstuff, wou een sech austauscht. “Mat groussem Succès”, seet d'Giny Laroche vum Fong Kierchbierg. A sou soll et an Zukunft och weidergoen.

Et geet an déi richteg Richtung, och wann nach net alles perfekt ass, mengt de Manu vum Kyosk, wéi hie well genannt ginn. Hie geréiert zanter sechs Joer d'Bar am Park hannert der Coque, an huet an där Zäit och schonn eng Entwécklung gesinn. “Mir spieren, datt d’Leit méi am Quartier wëlle bleiwen. Wat se brauchen, si commerces de proximité’: Bäckereien, Coiffeur, asw.”.

De Fong Kierchbierg versprécht genee dat ëmzesetzen. Zum Beispill mam Bau vu villen neie Wunnengen, déi zum Deel mat plafonnéierte Präisser solle verkaaft ginn. Oder mam neien Akafszenter op der Place de l'Europe. Wat een sech den Asaz vum Bureau Jan Gehl kaschte léisst, wollt de Fong iwwregens net verroden.