Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Deal géint de Brexit?

Groussbritannien

Een Deal géint de Brexit?

Vill Briten hunn es sat mat der Europäescher Unioun – si hätte léiwer wann hiert eegent Parlament zu London nees méi ze soen hätt. Geschwënn, kënne si selwer decidéieren op dat geschitt: De britesche Premier huet senge Wieler nämlech e Referendum iwwer d’EU-Memberschaft versprach. Bréissel wëllt awer, datt Groussbritannien an der EU bleift, an huet dofir des Woch eng Réi Reformen proposéiert. Ob dat duer geet fir déi britesch Wieler z’iwwerzeegen, ass awer alles anescht ewéi kloer.

Rick Mertens / ckl

auto_stories

5 min

Den David Cameron wëll d'Députéiert zu London vum Bréisseler Deal iwwerzeegen

De britesche Premier David Cameron hat et net einfach, wéi hie Mëttwochs no sengem Besuch zu Bréissel probéiert huet, d’Députéiert zu London z’iwwerzeegen, datt Groussbritannien och weiderhin an der EU soll bleiwen. Den Deal den hie vu Bréissel matbruecht hat, kënnt de britesche Fuerderungen zwar entgéint. Sou proposéiert Bréissel, zum Beispill, eng sougenannte “Noutbrems”, déi kéint agesat ginn, wa vill EU-Bierger beieneen a Groussbritannien géifen awanderen. D’Sozialleeschtunge vun den Awanderer géife da kënne limitéiert ginn. Donieft wëll Bréissel och d’Roll vun de nationale Parlamenter am Allgemengen stäerken.

Mee déi britesch Euroskeptiker sinn net iwwerzeegt: Hire wuel bekanntste Vertrieder, de Nigel Farage, sëtzt fir déi rietspopulistesch UK Independence Party am Europaparlament. A sengen Ae geet déi sougenannten Noutbrems net duer. "Mir hate versprach kritt, datt Leit déi awandere bannent 4 Joer guer keng Sozialleeschtunge kréien", sot hien e Mëttwoch am Parlament. Och géintiwer dem méigleche Veto-Recht fir eng Majoritéit vu nationale Parlamenter ass de Nigel Farage kritesch: "Den David Cameron seet: Mir kréien eng rout Kaart fir europäesch Décisioune mat deene mer net averstane sinn. A Wierklechkeet muss eng Majoritéit vun de nationale Parlamenter géint esou eng Décisioun stëmmen. Ass dat e Grond fir ze feieren?".

"Wëllen net vun den Traitéen agespaart ginn"

Mee et sinn net just d’Populisten um rietse Bord, déi aus der EU wëllen austrieden. An de läschte Sondage gëtt et e liichte Virsprong, fir de sougenannte “Brexit”. An och vill Leit aus dem Cameron senger eegener Partei si ganz kloer fir den Austrëtt aus der EU. Ee vun hinnen ass de konservativen Députéierten a fréieren Minister John Redwood: Hien ass "an den aktuelle Konditiounen" géint en Deal mat der EU a seet: "Mir sinn der Meenung, datt d’EU-Traitéen dat falscht si fir eist Land. Groussbritannien krut zwar schonn eng Rei Ausnahmeregelungen  – mee dat geet net duer. Mir wëllen eng Relatioun, déi op Frëndschaft, Zesummenaarbecht an Handel opbaut. Mee mir wëllen net vun den EU-Traitéen agespaart ginn".

Britesch Medie ginn dovun aus, datt ronn een Drëttel vun de konservativen Députéierten sech fir en Austrëtt aus der EU wärt asetzen. Donieft gëtt domatt gerechent datt eng Rei Ministeren aus dem David Cameron senger Regierung sech ëffentlech fir de “Brexit” wäerten asëtzen. An dat gëllt och fir déi meescht britesch Zeitungen: Net just d’Boulevardsblieder Sun an Daily Mail, mee och déi renoméiert konservativ Zeitungen, wéi d’Times an den Daily Telegraph si ganz europakritesch. De Medienexpert Charlie Bennett mengt awer et dierft een den Afloss vun de Printmedien net iwwerschätzen, och well d'Oplagen zréckgaang wieren.

Et geet ëm d'Zukunft vum Cameron senger Partei

Dobäi géif kommen, datt et an der Brexit-Debatt virun allem och ëm d'Zukunft vum David Cameron senger Partei geet. "Déi euroskeptesch Zeitungen hu virun allem e groussen Afloss op den Debat bannent der konservativer Partei. Wann een dat ganzt aus europäescher Siicht kuckt, da mengt een natierlech et géing hei ëm d'Zukunft vun Europa goen, mee fir Journalisten a Politiker hei zu London geet et méi ëm Zukunft vum David Cameron senger konservativer Partei. Ëmsou méi, well de Cameron ugekënnegt huet, datt hien an dräi bis véier Joer wäert zrécktrieden. Et geet also elo och drëms ween d’Soen an der Partei iwwerhëlt."

Mee och op europäeschem Plang ass nach net am Detail ausdiskutéiert, wéi d’Relatiounen tëscht Groussbritannien an der EU solle reforméiert ginn. Dorop mecht de Vincenzo Scarpetta opmierksam, Analyst bei der Denkfabrik Open Europe, déi sech fir e reforméiert Europa asetzt. "Et ass zum Beispill nach net kloer, fir wéi vill Joer eng Noutbrems bei de Sozialleeschtunge kéint bleiwen. Dat si wichteg Detailer, déi nach definitiv musse gekläert ginn. A verschidde Länner hunn sech scho géint d’Fuerderunge vu Groussbritannien ausgeschwat", seet de Vincenzo Scarpetta.

Polen mécht dem Cameron Suergen

Eent vun de Länner, dat dem David Cameron hei am meeschte Kappzerbrieches bereet ass Polen. An dat obwuel Polen zënter kuerzem selwer eng Regierung huet, déi sech fir e staarken Nationalstat ausschwätzt. Mee a Groussbritannien ginn et vill polnesch Immigranten, an déi polnesch Regierung wëllt net, datt Polen déi a Groussbritannien auswanderen an Zukunft manner Sozialleeschtunge kréien. Et dierft net sinn, datt e polneschen an e britesche Salarié oder Steierzueler an de respektive Länner op eng ënnerschiddlech Manéier behandelt ginn, dat seet den Zdzisław Krasnodębski, dee fir d’Regierungspartei PiS am Europaparlament sëtzt.

E Freideg wärt den David Cameron a Polen reesen, fir weider iwwert e Kompromëss ze verhandelen. En definitiven Accord soll et dann a gutt zwou Woche ginn, wann d’Staats- a Regierungscheffen aus all den EU-Länner sech zu Bréissel treffen. D’Chancë fir e Kompromëss op europäeschem Niveau stinn net schlecht. Bleift d’Fro op dat duer geet, fir déi britesch Wieler z’iwwerzeegen. De Referendum soll, britesche Medië no, am Summer sinn.