arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E-Protection":  Luxus oder reelle Besoin?

Versécherungen

|
reading time

5 min

"E-Protection":  Luxus oder reelle Besoin?

D’Assurancen spillen – vereinfacht gesot – schonn ëmmer mam Risiko. A Risquen evoluéiere mat der Zäit. Als "nei Risquen" gëllen haut déi, déi duerch d'Benotze vum Internet optrieden. An dogéint kann een sech och elo versécheren. D'Christiane Kleer huet mat enger Juristin geschwat a mat Akteuren vun deem Geschäft.

reading time

5 min

Déi sougenannte “Garantie E-Protection”, déi zanter dem Summer um Marché ass, gëtt bei AXA als Complément zum klassesche Pak vun der Hausversécherung an der Familljenhaftflicht verkaaft. Domat zitt och d’Lëtzebuerger Assurance-Geschäft – no aner europäesche Länner – an eng nei Richtung no. Verséchert ginn eng ganz Rëtsch vu méigleche Fäll, wou eng Privatpersoun um Internet Schued kann dovun droen: d'Attack op d'E-Reputatioun, also de gudde Ruff am Netz, de Cybermobbing, Bedruch am Beräich vum E-Commerce.

D’Zilgrupp ass kloer d’Famillen – also do wou vill iwwer Internet kaf gëtt an och mol Cybermobbing en Thema ass. A Saachen E-Commerce gi bis zu 5000 Euro rembourséiert, wann eng Commande net oder net ganz ukënnt. An och wann engem Versécherte säi Ruff am Netz geschiedegt gëtt, leeft iwwert d’Assurance eng ganz Prozedur un – vum Appui juridique bis bei d'Botze vu gewëssen Donnéeën am Netz. "An de meeschte Fäll versiche mer eng démarche à l'amiable ze fannen", seet d'Nathalie Hanck, déi bei AXA fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.  

Negativ Informatiounen a positive Messagen "erdrénken"

Déi “nei Risquen”, wéi se genannt ginn, sinn also och e Marché fir spezialiséiert Affekoten an Entreprisen déi den technesche Volet vun sou engem Botzen vu negativen Donnéën ze iwwerhuelen. Webconsult mat Sëtz zu Kielen ass esou eng Entreprise. Konzentréiert gëtt sech hei allerdéngs manner op d’E-Reputatioun vu Privatleit, wéi op déi vun Betriber a Marken. 

Hannert dësem "nettoyage" steet ënnert anerem eng grouss redaktionnell Aarbecht. "Mir fänke mat engem Audit vun der Situatioun vum Client un, an duerno gëtt e 'nettoyage' gemaach. Dat besteet aus enger geziilt positiver Kommunikatioun, sief et op de soziale Medien dat, oder op engem spezielle Site", erkläert de Nicolas Thill, Direkter vu Webconsult. Eng aner Method besteet doran op de "Referencement" anzewierken, dat heescht d'Plaz vun engem bestëmmte Site an de Resultater vu Sichmaschinnen ze beaflossen. 

D'Agräife vum Service juridique géif net duergoen

Déi negativ Informatiounen iwwert e Betrib  ginn also an enger Mass vu positiven Messagen erdronk. Ausgeschloss ass awer, dobäi Drëtten ze schueden, preziséiert de Maxime Manchel, Direkter vum MMGrupp zu deem Webconsult gehéiert. Senger Meenung no ass de Service dee vun Entreprisë wéi senger ugebuede gëtt um Wee fir indispensabel ze ginn, well nämlech Affekoten Affäre vu léséierter E-Reputatioun net kéinten als Ganzt traitéieren. "Egal wéi gutt se sinn, kënne Juristen net um techneschen Niveau agräifen, sou wéi mir et maachen". 

Och privat geet eng klassesch Haftflicht eigentlech net duer fir sech géint déi nei Risquen ze versécheren. Dat mengt d’Elise Poillot, Professesch fir Droit civil op der Uni Lëtzebuerg. Wann enger Persoun hire Ruff um Internet geschiedegt gëtt, da géifen sech aner Froe stelle wéi zum Beispill bei engem Autosaccident – wou e Schued finanziell indemniséiert gëtt. "De Problem vun der E-Reputatioun concernéiert haut vill Jugendlecher, dat sinn oft Fäll, déi schwéier Konsequenzen hunn. Et si scho Suicide geschitt. D'Fro ass: ass engem concernéierte Jugendleche mat Sue gehollef?", seet d'Elise Poillot.

Keen dovun ofhalen op eng Maus ze klicken

D’Äntwert vun der Juristin ass “Nee”. Gehollef wier hier éischter wann déi negativ Informatiounen iwwert si net méi géifen existéieren. Den Droit wier an dëser Fro limitéiert: et kéint een ebe keen dovun ofhalen op eng Maus ze klicken. "Wat kann de Lëtzebuerger Legislateur maachen, wann eng Schoulklass op New York fiert a Schüler vun do aus, Video diffuséieren? Net vill, ausser vläit d'Aktivitéit vun deene wirtschaftlechen Acteuren encadréieren, déi mengen, technesch Léisungen ze hunn", sou d'Elise Poillot.

Beim E-Commerce wier allerdéngs – anescht wéi bei der E-Reputatioun de gesetzleche Kader méi zolitt, dat well et de Commerce à distance offline scho méi laang gëtt. Ass esou eng E-Protectioun am Fall vum E-Commerce also iwwerflësseg? Net ganz, seet och hei d’Elise Poillot – dat wéinst dem internationale Charakter vun den Transaktiounen déi gemaach ginn, dee Litigë méi komplex géif maachen. Hire Fazit: "De Problem ass net dee vum gesetzleche Kader, mee dee vun der 'effectivité du droit'. Datt e Gesetz existéiert ass eng Saach, datt et applizéiert gëtt eng aner", seet d'Elise Poillot. Dat géif ee gutt gesinn, wann een zum Beispill e Miwwel a China bestellt an e futti zu Lëtzebuerg ukënnt. Dofir ginn et Texter, mee hir Ëmsetzung ass komplizéiert.