Radioen

On air

De Moien  |  Sterilisatioun, ee Schutz fir Kazen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump: Eng urfaschistesch Naup ze vill

Faschismus

Donald Trump: Eng urfaschistesch Naup ze vill

An hirer Proklamatioun zum nationale Commemoratiounsdag huet d'Lëtzebuerger Regierung rezent un den Appell "Ni méi Faschismus" erënnert. An den USA mécht e Presidentschaftskandidat de selwechte Faschismus salonfäeg.

auto_stories

3 min

Den Denis Scuto ass Historiker op der Uni Lëtzebuerg

Den 9.Oktober war zu Lëtzebuerg den nationale Commemoratiounsdag. An enger Proklamatioun huet d'Regierung dorun erënnert, datt am Zweete Weltkrich ënnert däitscher Occupatioun, Fraen, Kanner, Männer, Aler a Jonker fir hiert Land a fir eng fräi Gesellschaft gestuerwe sinn. An datt si eis d'Responsabilitéit an d'Obligatioun leguéiert hunn, eis och haut fir eng fräi Gesellschaft, fir Solidaritéit, fir d'Wäerter vun Humanitéit an Toleranz a fir de Respekt vun de Mënscherechter anzesetzen.

Et geet also net ëm Erënnerung als Selbstzweck, mee ëm déi zentral Froen, déi d'Katastrophe vun de leschten honnert Joer eis stellen: Wat fir eng Konsequenzen zéie mir haut aus de vergaangenen Evenementer? Wéi reagéiere mir haut a wat maache mir haut géint ähnlech Phänomener?

Den Donald Trump

Wéi séier d'Gespenster vu fréier nees erëmkommen, weisen am Moment d'Presidentschaftswahlen. An dat grad an den USA, dem Land vun deenen Alliéierten, vun deenen d'Proklamatioun vun der Lëtzebuerger Regierung schwätzt.

Well, och wann dat kaum ze gleewen ass, huet do e Faschist et bis an déi lescht Ronn vun de Presidentielle gepackt. Hie versicht Ufank November d'Hillary Clinton ze klappen an de 45. President vun de Vereenegte Staaten ze ginn. An dat obwuel hie schonns viru bal engem Joer vu Kollegen aus senger eegener Partei, de Republikaner, als dat entlarvt gouf wat en ass. En Urfaschist. Esou wéi den Umberto Eco, iwwregens an enger Ried zum 50. Joresdag vun der Befreiung vun Europa vum Nationalsozialismus dës Ideologie definéiert huet.

En Urfaschist

Och wann hien net all d'Charakteristike vun engem Urfaschist huet, kultivéiert den Donald Trump zum Beispill de Kult vun der Aktioun wéinst der Aktioun, lassgekoppelt vum Denken - well Denken ass fir d'Urfaschisten eng Form vu Kastratioun.

Wéi all Urfaschist verdréit hie keng Kritik. Kritik ass Verrot. Wéi all Urfaschist huet hien eppes géint d'Villfalt vun de Meenungen, mee och vun de Mënschen. An hien notzt d'Angscht virun den Anere politesch aus. Beim Hitler waren et sougenannt net-aresch, mannerwäerteg Rassevertrieder. Beim Trump sinn et illegal Immigranten a Flüchtlingen.

Wéi am Urfaschismus, profitéiere Politiker, wéi den Donald Trump vun den individuelle Frustratiounen. Si appelléieren u sozial Schichten, déi ënnert der ekonomescher Kris leiden oder sech politesch gedemütegt fillen. An engem selektive Populismus versprécht de Republikaner hinnen, datt hien nees Sécherheet a Wuelstand hierstellt:

"You're going to say to your children, and you're going to say to anybody else, that we were part of a movement to take back our country. (...) And we will make America great again."

Wéi all Urfaschist ass den Trump e fanateschen Nationalist, dee säi Land géint eng international Verschwörung muss verdeedegen. Beim Hitler war et dat sougenannt Weltjuddentum. Beim Trump sinn et d'Chinesen an d'Mexikaner déi d'USA humiliéieren.

Sech selwer ofgeschoss

Dat alles wëssen esouguer d'Leit aus sengen eegene Reie schonns zënter Méint, an trotzdem konnt den Trump laang net gebremst ginn. Zum Verhängnes gouf dem Trump dann elo awer glécklecherweis eppes Weideres, wat e mat den Urfaschiste gemeinsam huet. An dat den Umberto Eco och treffend beschriwwen huet. Well obwuel Krich an Heroismus zimlech schwiereg Spiller sinn - et kann een natierlech op d'mannst mat Waffe spillen, uginn a fir hir Verbreedung plädéieren, wéi den Trump - mee soss iwwerdréit den Urfaschist säi Wëllen zur Muecht op d'Sexualitéit, op de Machismo an seng Fraeveruechtung.

Ech si frou, datt den Trump sech elo definitiv selwer ofgeschoss huet. Mee ech maache mir awer e bësse Suergen doriwwer, datt seng Haltung zur Sexualitéit an zu de Fraen - an net seng Astellung zu Demokratie an zu Mënscherechter - dësen Adepte vum Urfaschismus konnt stoppen.

Wann et a Frankräich d'selwecht geet an d'Mënschen och do d'Léieren aus de Katastrophë vum 20. Joerhonnert gréisstendeels vergiess hunn. Da froen ech mech nämlech, wien a wat d'Marine Le Pen d'nächst Joer soll ophalen?