Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Say Yes Dog - Deep Space

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Die letzte Tugend..."

Aktualitéit

"Die letzte Tugend..."

D’Aktualitéit an de leschten Deeg ass beonrouegend. Wien awer mengt et misst een d’Grenzen zoumaachen iert sech, a wien mengt et soll een näischt maachen, iert sech och, mengt de François Aulner am Kommentar.

auto_stories

3 min

François Aulner

Wien sech och iert ass den CSV-Deputéierten Laurent Mosar, dee gëschter op Twitter en Zitat engem falschen Auteur zougeschriwwen huet. "Toleranz ist die letzte Tugend einer untergehenden Gesellschaft" soll den Aristoteles gesot hunn. En Zitat dat sech vill op rietsextremen Internetsitten verbreet, fir Intoleranz oder Gewalt ze legitiméieren. Internetsitten, déi Flüchtlingen och gär als Invasore bezeechnen.

Dat Zitat huet den Aristoteles allerdéngs ni gesot, notéiert eng lokal Zeitung an Däitschland. En Unisproff sot der ZVW, dem Aristoteles wier Toleranz e friemt Wuert, well dat kee griicheschen Ausdrock ass. D’Zitat entsprécht deem, wat e fundamentalistesche Priedeger an den USA gesot huet.

De Laurent Mosar ass net deen eenzegen dee sech iert. Vill Leit hunn no der Attacke zu Nice hir Flemm mat der Politik, mat de Sécherheetskräft ausgedréckt. Ier gewosst war wien den Auteur vun der Attack war, sot een op Facebook, et soll een all d’Syrer mat engem Katapult an d’Mier geheien.

Gewalt verbreet sech

D’Gewalt ass d’Sprooch vun den Dommen. Dat war d’Gewalt zu Nice. Mee Gewalt bréngt ebe Gewalt. D’Sprooch vun den Domme verbreet sech. Et sinn déi Domm, déi Gewalt legitiméieren an et sinn déi Domm, déi soen et misst een d’Grenzen zoumaachen. Well wann et an Europa zanter dem zweete Weltkrich Fridde gouf, dann ass dat ebe grad well d’Grenzen opgemaach goufen. D’Interdependance huet eng Situatioun geschaaft, wou keen Interêt huet deen aneren unzegräifen.

Leider sinn d’Grenzen net fir jiddereen opgemaach ginn. An do huet ee Recht ze soen, datt eppes muss geschéien. Mee wat muss geschéien ass: d’Schéier tëscht räich an aarm däerf net méi ausernee goen, well dat ass jo ee vun de Grënn fir de Frust, deen zu méi Gewalt oder Gewaltbereetschaft féiert.

Eng "Tugend" fir dat 21. Joerhonnert

Vläicht ass et Zäit fir d’international Communautéit, e G-20 vläicht, fir Mesuren ze decidéieren déi dësen Trend inverséieren. Op d’mannst erëm en "tüchtegt Zil" fir endlech am 21. Joerhonnert unzekommen. Vläicht ass et Zäit fir d’Elitten an déi méi privilegiéiert eng prise de conscience ze kréien.

Vläicht ass et Zäit fir den Individualismus op d’Säit ze leeën. Op d’mannst erëm en "tüchtegt Zil" fir am 21. Joerhonnert endlech unzekommen. An deem Fall musse e sech bewosst sinn: déi déi méi hu mussen méi ginn an déi déi manner hu musse méi kréien. Mee nëmmen wann et deenen anere gutt geet, kann et laangfristeg mir gutt goen.

Ech fäerten awer, datt bei dëser Fro Leit wéi de Laurent Mosar meng Meenung net deelen.

Gewalt bréngt Gewaltplay_arrow