Radioen

On air

De Moien  |  Loving - No Mast

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweete Referendum iwwer nei Verfassung Ufank 2018 ?

Verfassungsreferendum

Zweete Referendum iwwer nei Verfassung Ufank 2018 ?

auto_stories

1 min

Den zweeten an decisive Referendum iwwert déi nei Verfassung kéint Ufank 2018 sinn. D'Institutiounekommissioun vun der Chamber huet dësen 10. Juni iwwert déi weider Demarchen diskutéiert nom Referendum vum 7. Juni. "Ufank 2018 ass déi eenzeg realistesch Zäitfënster fir den zweete Referendum", esou den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler.

Den Alex Bodry, President vun der Komissioun, ass bis elo ëmmer dovun ausgaang datt den zweete Referendum kéint am Hierscht 2017 zesumme mat de Gemengewahle sinn. Den LSAP-Fraktiounschef huet awer zouginn datt ëmmer méi Deputéiert do dogéint si mam Argument datt de Gemengewahlkampf an d'Campagne fir de Verfassungsreferendum da géife matenee vermëscht ginn.

De Bäitrag vum Jean-Claude Franck