Tierkei De Westen huet de Putsch net verstan

"Déi westlech Regierungen a Medie verstinn net, oder wëllen net verstoen, wat de 15. Juli an der Tierkei passéiert ass." Esou kommentéiert den tierkeschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg de gescheiterte Putschversuch. De Salim Levent Şahinkaya seet och, et géinge vill Beweiser ginn, datt d'Hizmet-Beweegung vum Priedeger Fetullah Gülen hannert dem Putschversuch géif stiechen.

François Aulner

Salim Levent Şahinkaya
De Salim Levent Sahinkaya, tierkeschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg

De Fettulah Gülen ass der tierkescher Regierung no en Terrorist. "Mir hu vill Beweiser", esou den tierkeschen Ambassadeur Salim Levent Şahinkaya. "Vill Aveuen, vill Dépositiounen an esou weider." D’Investigatioune wieren nach net eriwwer an d’Prozesser géingen am Respekt vum Rechtsstaat nokommen.

De Respekt vum Rechtsstaat: dat betount den tierkeschen Ambassadeur ëmmer erëm. D’Virwërf vu Folter a Brutalitéit géint presuméiert Bedeelegter um Putschversuch huet de Salim Levent Şahinkaya vehement verworf. Alles wier konform mat de Norme vum Europarot. Biller vun Zaldoten, déi mësshandelt ginn, wieren truquéiert, behaapt den Ambassadeur.

D’Virwërf wiere Manipulatioune fir der Tierkei ze schueden. D’Tierkei wier Member vun der Konventioun fir d’Mënscherechter, si hätt all d’international Instrumenter ratifizéiert a si hätt Null Toleranz fir Folter.

"Wéi den Opus Dei"

Den tierkeschen Ambassadeur huet d’Reaktioun vun der tierkescher Regierung verdeedegt. Dem Salim Levent Şahinkaya no géing de President Recep Tayyip Erdoğan oder d'AKP net vun der Situatioun profitéieren, fir hire Pouvoir ze stäerken. Wat am Moment passéiere géing, wier de Kampf géint d'Hizmet-Beweegung vum Fetullah Gülen.

"Mir hunn elo verstan, datt d'Hizmet-Bewegung zanter Joerzéngten de Putsch programméiert hat." Et wier eng hannerhälteg Sekt wéi den "Opus Dei". Hizmet hätt geheim gehandelt, ënnert dem Deckmantel vum Dialog.

Den tierkeschen Ambassadeur betount, datt déi meescht Leit, déi vun hire Posten ofgesat goufen, just ofgesat goufe fir kennen ënnersicht ze ginn. Dat géing net bedeiten, datt si hanner Gittere wieren.

Syrien, IS an d’Kurden

D'Tierkei schéngt net méi ze verlaangen, datt de syresche President de Pouvoir verléisst. D'Situatioun a Syrien hätt sech rezent immens geännert, sou den tierkeschen Ambassadeur. Dem Salim Levent Şahinkaya no géing et der tierkescher Regierung virun allem um Häerz leien, datt de Konflikt ophält. En Depart vum Al Assad, huet hien net verlaangt. D'Tierkei géing alles maachen, fir eng Léisung vum Konflikt z'erliichteren.

Den tierkeschen Ambassadeur huet iwwerdeems vehement dementéiert, datt d’Tierkei de Grupp "Islamesche Staat" (IS) géing ënnerstëtzen. D'Tierkei hätt ëmmer d'Oppositioun ënnerstëtzt, mee net Terroristen. Ugeschwat op tierkesch Attacke géint déi demokratesch kurdesch Truppen a Syrien (déi souwuel IS, wéi de Bashar Al Assad bekämpfen), sot den Salim Levent Şahinkaya, datt dës Truppen e rezente Phänomen wieren.

Datt Pëtrol iwwert d'Grenzen geschmuggelt géing ginn, dat wier et schonn ëmmer ginn. De Salim Levent Şahinkaya huet betount, datt d’Tierkei 900 Kilometer Grenz mat Syrien an 300 Kilometer Grenz mam Irak huet, wat net einfach ze kontrolléiere wier.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Laurent Mosar
Aussepolitik

D'EU muss méi ferm si mat der Tierkei, seet de Laurent Mosar. Den aussepolitesche Spriecher vun der CSV fuerdert ënner anerem, datt d'Bäitrëttsverhandlunge mat Ankara ofgebrach ginn.

Militärputsch an der Tierkei
Tierkei

De Putsch-Versuch gouf mat Suucès verhënnert, esou den tierkesche Premier Binali Yildirim. D'Situatioun wier nees ënner Kontroll. Op d'mannst 265 Mënsche wieren ëm d'Liewe komm.

Gerald Knaus 2.JPG
Flüchtlingskris

D'Denkfabrik "Europäesch Stabilitéits-Initiativ" ass Initiateur vum EU-Tierkei-Ofkommes. Hiren Direkter Gerald Knaus verdeedegt de Flüchtlings-Accord géint Kritik vu Mënscherechtsorganisatiounen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen