Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Staatsrot, "e Weiserot"

Politesch Aktualitéit

De Staatsrot, "e Weiserot"

Déi fréier CSV-Kulturministerin Erna Hennicot-Schoepges kritiséiert an der Affär Lunghi d’Regierung. Den Ex-Direkter vum MUDAM wier vum Premier- a Kulturminister virveruerteelt ginn éier hie gehéiert gi wär. Dat wier op Hand vun engem Reportage geschitt deen enger Skandalpress gläich kéim. Zum Staatsrot seet déi fréier Member, si wär géint méi Transparenz an der Institutioun. Hirer Meenung no doen d’Politiker am Staatsrot hir parteipolitesch Kap aus.

auto_stories

4 min

D'Erna Hennicot-Schoepges

Der Erna Hennicot-Schoepges no ass de Staatsrot vun der Parteipolitik onofhängeg. Dëst doduerch, datt geheim deliberéiert an ofgestëmmt géif ginn. Déi fréier CSV-Kulturministesch a Member am Staatsrot betount, de Staatsrot "ass déi bëllegst Institutioun déi mir hunn", well d'Rapporteren hir Rapporte selwer géife schreiwen.

D’Membere vum Staatsrot hätten iwwerdeems d’Méiglechkeet hir Aarbecht ënnerteneen ze verdeelen: Wann ee vun de Memberen an engem Beräich en Expert wär, da kéint deen en Deel vun engem anere sengem Rapport schreiwen. D’Staatsrotmembere wiere kollektiv responsabel, ënnersträicht déi fréier CSV-Ministerin. D’Rapporte géifen zesummen an der Kommissioun ugeholl ginn, éier si an d’Plenière géife goen, erkläert d’Erna Hennicot-Schoepges. An hirer Zäit hätt d’Parteipolitik keng Roll gespillt – och wa jidderee gewosst hätt wou deen anere stéing.

"Transparenz ass duerchsiichteg"

Et géif am Conseil d'Etat net dorëm goe fir an d’Politik anzegräifen, mee fir ze kucke wat u Gesetzer net konstitutionell u Gesetzer wier, seet d’Erna Hennicot-Schoepges. Éischt Aufgab vum Staatsrot wier et fir d’Avise vun de Beruffschamberen ze zerplécken. D’Regierungspolitik soll der fréierer CSV-Ministesch no net corrigéiert oder beuerteelt ginn. "Am Staatsrot geet et ëm d’Wuel vum Land."

"Transparenz ass duerchsiichteg", fënnt déi fréier CSV-Politikerin. De Staatsrot wär e Genre "Weiserot" – dofir bräicht en Zäit a sollt a Rou schaffe gelooss ginn, mengt déi fréier Member vum Conseil d'Etat. Heiansdo bräicht dat dann zwee bis dräi Joer. Bei den Avise vu fënnef Beruffschamberen, géif och kee froe wéi transparent déi wieren, mengt d'Erna Hennicot-Schoepges. Wann de Staatsrot reforméiert gëtt, da soll hirer Meenung no och iwwert déi ganz legislativ Prozedur diskutéiert ginn.

Aktuell gëtt den Avis vum Staatsrot zur Steierreform kritiséiert well e prononcéiert liberal ausgeriicht ass, a vum Alain Kinsch soll redigéiert gi sinn. Den Alain Kinsch sëtzt fir d’DP am Staatsrot an ass Chef vun der Lëtzebuerger Filial vum Steier- a Finanzberoder Ernst & Young.

Chamber: Déi lescht Instanz

"Ech huelen un, datt déi Politiker déi am Staatsrot sëtzen hir parteipolitesch Kap dobausse loossen", mengt d’Erna Hennicot-Schoepges. Si betount, d’Chamber wier nach ëmmer déi lescht Instanz: Och wann de Staatsrot eng Opposition formelle zu engem Gesetzprojet géif maachen, kéint d’Chamber sech doriwwer ewech setzen. "D’Chamber ass responsabel fir dat wat dobäi eraus kënnt."

De Profil vun de Membere vum Staatsrot wier d’Responsabilitéit vun deenen déi si géife proposéieren an nennen, betount d'Erna Hennicot-Schoepges. An hirer Erfahrung hätt et tëscht Partei, Fraktioun a Memberen am Staatsrot ni Kontakter zur "Saach" ginn.

Ee staarkt Stéck

An der sougenannter Affär Lunghi kritiséiert déi fréier CSV-Kulturministesch d'Virgoe vun der der Regierung. Den demissionären Direkter vum MUDAM wier vum Premier- a Kulturminister virveruerteelt ginn, éier hie gehéiert gi wier. Dëst op Basis vun dengem RTL-Reportage deen enger Skandalpress gläich kéim. D'Erna Hennicot-Schoepges betount, Lëtzebuerg sollt sech eigentlech schumme fir déi aktuell Polemik ronderëm d’Affär Lunghi. "Dat ass kee Nation-Branding"

Dës Affär hätt awer och gewisen, datt net alles wat een op der Televisioun geséich der Wourecht entsprieche géif. Et wär eng penibel Episod, seet d'Erna Hennicot-Schoepges: Hiren éischte Gedanke wier gewiescht: "Elo hu si eppes fonnt, fir datt si hie kënne liquidéieren."

Lächerleche Budget

Als Mudam-Direkter hätt den Enrico Lunghi scho virun dëser Episod d’Moyene geholl kritt, kritiséiert déi fréier Kulturministesch: Hien hätt säin Acquisitiounsbudget ewech geholl kritt. Den aktuelle Budget vum MUDAM wier lächerlech. Wann d’Leit gär Ausstellungen hätten, mat enger Konscht zu där si Zougank hätten – da wieren dat deier Ausstellungen, esou d'Erna Hennicot-Schoepges. "Et ass eng Gratwanderung, tëscht deem wat méiglech ass, an deem wat ee sech leeschte kann." Et dierft een dofir net kritiséieren, datt Design-Evenementer am MUDAM wieren. Déi wieren nämlech einfach ze finanzéieren a géife Leit bréngen. "Wa mir e super Musée wëllen, da musse mir bezuelen", seet déi fréier Kulturministerin.


D’Erna Hennicot-Schoepges:

  • 1989 bis 2003 Presidentin vun der Chamber
  • 1995 bis 1999 Unterrechtsministerin, Kulturministerin a Kultusministerin
  • 1999 bis 2004 Kulturministerin, Ministerin fir Héichschoul a Fuerschung a Ministerin fir ëffentlech Bauten
  • 1995 bis 2003 Parteipresidentin vun der CSV
  • 2004 bis 2009 Europadeputéiert fir d'CSV