De Barack Obama huet schonn dacks a senger Zäit am Wäissen Haus missen op eng Plaz wéi Dallas reesen. Sief et en Duerf wéi Newtown, eng Stad wéi Charleston, oder eng Militärbase wéi Fort Hood. No enger Masseschéisserei ass et dacks d'Roll vum amerikanesche President fir d'Famillje vun den Affer ze treffen an iergendwéi Wierder ze fannen, fir si ze tréischten.
Amerika ass gedeelt
Des Kéier ass et anescht. Fënnef Poliziste goufen erschoss. Déi gréisst Zuel vun Affer an de Reie vun der Police un engem Dag zënter dem 11. September. Si waren all wäiss. De Schëllegen war schwaarz, an hätt sech wéilte fir déi schwaarz Amerikaner rächen, déi a leschter Zäit vu wäisse Polizisten erschoss goufen. Dat seet d'Police vun Dallas.
Mat senger Rees op Dallas geet et fir den Obama an d'Stad, wou ee vu senge Virgänger erschoss gouf. Den John F. Kennedy gouf och vu engem Sniper erschoss. Haut reest den Obama an eng schockéiert Stad. Eng Stad déi zënter leschter Woch e Synonym ass fir d'Divisiounen an Amerika. Tensiounen tëscht schwaarz a wäiss goufen elo nees un d'Ëffentlechkeet bruecht. An de Ruff no méi Gerechtegkeet a manner Gewalt vun der Police ass méi staark ginn. "Black Lives Matter" heescht et a Dozene Stied an den USA - och schwaarz Liewen hunn ee Wäert.
Iergendwéi Brécke bauen
De Barack Obama well um Dënschdeg zu Dallas mat sengem Besuch a mat senger Ried iergendwéi Brécke bauen. Tëscht schwaarzen a wäissen Amerikaner, tëscht Manifestanten an der Police. A villäicht bleift och nach Zäit fir sech nach eng Kéier fir méi streng Waffegesetzer anzesetzen.
De President wäert un der Trauerfeier matmaachen an do eng Ried halen. Mat him op Dallas reesen seng Fra Michelle, de Vizepresident Joe Biden an eng Réi Memberen vum amerikanesche Kongress. Zu Dallas wäert de fréiere President George W. Bush, een Awunner vun der Regioun ëm Dallas, op si waarden.
No der Trauerfeier wäert et dann, alt nees eng Kéier, um President sinn fir d'Familljememberen ze treffen.