Logement De Package "Klimabank an nohaltegt Wunnen"

De Projet Klimabank gouf vun der Regierung finaliséiert. Et geet drëms de Proprietairë vu Wunnengen ze hëllefen d’Sanéierung vun de Gebaier virzefinanzéieren an d'Zënslaascht ze reduzéieren. Och d’PRIMe HOUSE fir d'Sanéierung a fir energieeffizient Baue gouf fundamental ofgeännert.

Carole Schimmer / cwi

Klimabank Pressekonferenz
Francine Closener, Marc Hansen, Carole Dieschbourg, Pierre Gramegna

De Projet "Klimabank an Nohaltegt Wunnen" ass ee ganze Package, dee vu véier Ministèren zesumme ficeléiert gouf an deen d’Zil huet, méi energieeffizient Gebaier ze schafen.

D’Finanzéierung vun de Sanéierungsaarbechte gëtt méi einfach, wëll d’Stéit oder d’Betriber déi d’Energieeffizienz vun hirer Wunneng oder dem Gebai wëlle verbesseren op e puer Manéiere gehollef kréien. D'Haaptelementer vum Package si méi niddereg Zënsen, eng Virfinanzéierung, Primmen déi zum Deel un Nohaltegkeets-Critèrë gebonne sinn a vereinfacht Prozeduren. Zwee Ziler ginn et fir d’Regierung. Engersäits sollen d’Proprietairen dozou incitéiert ginn, Gebaier ze sanéieren oder energieeffizient Gebaier ze bauen. Anerersäits soll d’Energie-Fal fir méi aarm Stéit verhënnert ginn.

E Pêt zu bessere Konditiounen

Een éischt Instrument ass déi sougenannt Klimabank, déi eigentlech keng eegestänneg Bank ass. Souwuel Privatpersoune wéi och Personnes morales kënnen ee Prêt zu gënschtege Konditiounen accordéiert kréien. De Prêt gëtt bei Lëtzebuerger Banken ofgeschloss, déi eng Conventioun mam Staat ënnerschriwwen hunn.

Duerch de sougenannte Prêt climatique subventionné géing den Zënssaz subventionéiert ginn, seet de Finanzminister Pierre Gramegna. Doduerch kéinten d'Leit hire Prêt méi bëlleg finanzéieren.

D’Zëns-Subventioun läit bei 1,5 Prozentpunkten, d’Ënnerstëtzung gëllt fir ee maximale Montant vun 100.000 Euro iwwer 15 Joer. De Logementsminister Marc Hansen preziséiert, fir dëse Montant géing eng Subvention d'interêt vun 1,5 Prozent gëllen. Op déi 100.000 Euro léich de Maximum bei 10.000 Euro. Iwwert dëse Wee kéinte vill Wunnenge sanéiert ginn, fënnt de Logementsminister. Déi 100.000 Euro géingen iwwerdeems pro Wunn-Unitéit gerechent ginn. D'Ënnerstëtzung wier also substanziell, esou de Marc Hansen.

Méi Planungssécherheet

Fir mannerbemëttelt Stéit gëtt et de Prêt à taux zéro iwwer 15 Joer. D’Akommes-Critèrë sinn do déi selwecht ewéi fir d’Prime d’intérêts, déi ee beim Kaf vun enger Wunneng ka beim Logementsministère ufroen. De Staat garantéiert iwwerdeems de Prêt. Do gelt ee Plafong vun 50.000 Euro. Derbäi kréien d'Stéit eng Aide en capital déi bei 10 Prozent vun hirem Investissement läit, mat engem Maximum vu 5.000 Euro.

D’Käschte vun der Energieberodung ginn an deem Fall och ganz iwwerholl. Dat mat enger Limite vun 3.000 Euro. En Energieberoder géing dem Proprietaire hëllefen, e Sanéierungskonzept fir d'Wunneng auszeschaffen, erkläert de Marc Hansen.

Nei wier, dass de Proprietaire virun den Aarbechten en Accord de principe géing kréien. Domat wéilt een dem Proprietaire eng Planungssécherheet ginn. Mat dësem Accord wier ee besser opgestallt, fir e Prêt accordéiert ze kréien, esou de Logementsminister. Ass dat de Fall, da kritt de Proprietaire e Prêt à taux zéro vun der Bank an eng Hëllef vu bis zu 5.000 Euro vum Staat.

PRIMe HOUSE

Wann d'Aarbechten ofgeschloss si kéint de Proprietaire och nach eng sougenannte PRIMe HOUSE kréien, seet de Marc Hansen. D’PRIMe HOUSE déi schonn existéiert, gouf nogebessert. Ee vun de Critèren deen d’Héicht vun der Prime festleet ass d'LENOZ, d'Lëtzebuerger Nohaltegkeets-Zertifiéierung, déi sech op ekologesch, ekonomesch a sozial Elementer baséiert.

46 Critèrë gi fir d’Verdeele vun der PRIMe HOUSE fir Neibauten ënnert d’Lupp geholl, esou d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Et wiere Critèren, déi d'Ekologie, d'technesch Installatiounen am Gebai an d'Funktionalitéit concernéieren. Critèrë wéi de Standuert vum Gebai oder d'Ugebonnesinn un d'Mobilitéit, ginn net bewäert. Subside ginn et, wann ee 60 Prozent vun de Critèrë pro Kategorie erfëllt, betount d'Ëmweltministesch.

Am Fall vun der Sanéierung gëtt d’PRIMe HOUSE och no ähnleche Critèrë berechent, derbäi kommen nach aner Hëllefen, seet d'Carole Dieschbourg. Fir besonnesch nohalteg Materialie géing et weider Zouschëss ginn. D' Materialie wieren op hiren Ëmwelt-Impakt bewäert ginn an doropshi wieren ënnerschiddlech Typë vu Primme festgeluecht ginn, preziséiert d'Carole Dieschbourg.

Ureiz fir eng integral Sanéierung

De Wirtschaftsministère ass zoustänneg fir d’Energiepolitik, a mécht am September eng Campagne fir déi integral Sanéierung. D'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener betount, et wier wichteg deemjéinegen, dee säin Haus oder seng Wunneng sanéiere wéilt en Impuls ze ginn, direkt eng Generalsanéierung ze maachen.

Aus dësem Grond géing de Projet virgesinn, dass déi Leit, déi duerch eng Sanéierung an méi eng héich Energieklass klamme méi en héije Bonus kréien. Dëse Bonus soll duebel esou héich si wéi bis elo, a géing zousätzlech zur PRIMe HOUSE vergi ginn, esou d'Francine Closener. Géing een also duerch eng Generalsanéierung zum Beispill vun enger Energieklass E an eng Klass A klammen, da géing een zousätzlech zu der Prime nach e Bonus vu 60 Prozent kréien. Dat wier e schéinen Ureiz fënnt d'Staatssekretärin.

Alles op enger Plaz

Wëll de System vun de Primme bis elo komplex war, gëtt elo ee Guichet unique an d’Liewe geruff. Esou wieren d'Servicer op enger Plaz zesummegefaasst: Vun der Klimabank mat de verschiddene Prêten a Cash-Optiounen, iwwer d'Nohaltegkeets-Zertifizéierung LENOZ bis zu der PRIMe HOUSE. Dee Guichet unique géing fir déi ganz Aarbecht och zousätzlecht Personal kréien, sou de Marc Hansen.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Goldschmit-Angel
Urbanismus

Ze komplizéiert an net genuch Zäit, fir ze reagéieren. Dat ass d'Kritik vun der Oppositioun um neie PAG vun der Stad Lëtzebuerg. De Face-à-Face vum Patrick Goldschmidt (DP) a Marc Angel (LSAP).

windmill and solar panel with a clear blue sky
Erneierbar Energien

Lëtzebuerg huet a sengem Energiekonsum EU-wäit dee klengsten Undeel un erneierbaren Energien. Déi deementspriechend Direktive gëtt dem Grand-Duché bis 2020 fir des Situatioun ze verbesseren.

 

Marc Hansen.JPG Riicht Eraus
Marc Hansen am Gespréich

Datt d'Maggy Nagel, déi am Dezember zréck getrueden ass, Fehler an der Wunnengspolitik gemaach hätt, wëll den neie Logementsminister net soen. Wat hie proposéiert sinn Ajustementer an en anere Stil.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen