Aus dem Krecké-Rapport vu 1997 géif ervir goen, datt d’Steierverwaltung d’Rulingen deemols scho genotzt huet fir mat multinationale Konzerner wéi um Bazar ze verhandelen a se op Lëtzebuerg ze lackelen. Dobäi ass d’Recht gedehnt ginn, sou de Fabio De Masi. Enger Circulaire no - der eenzeger legaler Grondlag, op déi d’Steierverwaltung sech jorelaang konnt beruffe – sollten d'Virentscheedungen net an der Haaptsaach der Steieroptiméierung déngen.
Näischt Neies, mee eng Confirmatioun
Ënnert dem Stréch wier een also näischt Neies gewuer ginn, mengt de Fabio De Masi. De Passage aus dem Krecké-Rapport géif dat confirméieren, wat zënter de LuxLeaks-Revelatiounen iwwer d'Steieroptiméierung zu Lëtzebuerg bekannt ginn ass.
Wann de Jeannot Krecké dem Jean-Claude Juncker recommandéiert, déi Steierpraktik am A ze behalen, da widdersprécht dat den Aussoe vun de respektive Regierungen, d’Politik géif sech net an d’Steierverwaltung amëschen, sot sengersäits den David Wagner. Fir den Deputéierte vun Déi Lénk hält et fir méiglech, dass déi concernéiert Acteuren aus dem Privatsecteur sech géint een ze vill strikte legalen Encadrement gewiert hunn.
Lénker a Grénger wëllen Juncker nach emol héieren
Déi gréng an déi lénk Fraktiounen am Europaparlament fuerderen iwwerdeems, dass den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker nach emol vun der parlamentarescher Spezialkommissioun gehéiert gëtt. Och d'Mandat vun der Kommissioun "Taxe" misst verlängert ginn, well hir nach ëmmer déi wichtegst Dokumenter virenthale ginn, soe béid Fraktiounen. D'Spezialkommissioun gouf no de LuxLeaks-Revelatioune vun November 2014 an d'Liewe geruff, fir d'Praxis vun der aggressiver Steieroptiméierung an der EU ze analyséieren.
Den Interview vum Michel Delage mam Fabio De Masi: