Dir sidd alleguer vill besser wéi Dir mengt, respektiv mir - also, déi déi ëmmer alles nëmmen negativ gesinn. Mee dat wësst Dir bestëmmt scho laang. Spéitstens zanter Lëtzebuerg sech a Saachen Nation Branding versicht, ass de Message, dee mir eis alleguer sollen hannert d'Ouer schreiwen eppes ewéi: "Komm mir trauen eis, positiv iwwert eist Land ze denken, mir sinn dach dynamesch, oppen an zouverlässeg".
Eppes ganz Ähnleches ass och erauskomm nodeems d'Maartfuerschungsinstitut Quest am Optrag vun de Steierberoder vun Atoz d'Groussregioun iwwer Lëtzebuerg befrot huet. An der Presentatioun vun Atoz ass nämlech schwaarz op rout-wäiss-bloem Layout am Resumé Folgendes kloer ze liesen: Lëtzebuerg ass net nëmmen de wirtschaftleche Moteur vun der Groussregioun, mee spillt och politesch eng Virbildroll. An: De Grand-Duché ass ee gudden Noper, un deem ee sech kéint inspiréieren.
Lëtzebuerg als Virbild
75 Prozent vun de Belsch fannen zum Beispill, datt déi federal Regierung seng Bierger sou sollt besteiere wéi Lëtzebuerg. E bëssi méi wéi d'Hallschent vun de Fransouse fannen, datt Lëtzebuerg seng ëffentlech Finanze virbildlech geréiert. An iwwregens soe just ee Véierel vun de Befroten, Lëtzebuerg wier just ee Steierparadäis.
Fir all déi déi elo mengen, hei wiere just Frontaliere befrot ginn, déi fäerten hiren Job ze verléieren, déi ieren sech. 1.300 Leit goufen interviewt, dovun ongeféier all Kéiers een Drëttel Däitscher, Belsch a Fransousen. An: Ronn 80 Prozent vun de Befroten hu keng direkt Verbindung mat Lëtzebuerg. Déi aner 20 Prozent schaffen entweder selwer hei oder ee Member aus hirem Stot.
Trotzdem mécht dat d'Resultater och liicht manner iwwerraschend wéi et am Ufank ausgesäit. Nom Prinzip: De Bléck gëtt méi positiv, wat ee méi wäit ewech ass. Ironescherweis hu weder d'Fransousen, déi Däitsch oder d'Belsch am Sondage fonnt, datt Lëtzebuerg sech iergendwéi vun hire Länner kéint inspiréieren.
Ze negativ?
Oder et ass awer eppes drun, a mir sinn ze vill negativ an dann ass dat à la longue sécher och net gutt fir d'Konjunktur. Mir sollen ophalen eis selwer ze gäisselen - dat ass jiddefalls d'Konklusioun déi de Keith O'Donnell, Managing Partner vun Atoz, aus dem Sondage zitt. Eis Selbstkritik wier heiansdo ze vill streng. An et wier ee selwer iwwerrascht gewiescht vum Resultat, sou de Keith O Donnell weider.
Atoz war a kenger Weis an den Nation Branding Prozess agebonnen. Et wéilt een den aktuellen Debat awer - op eng ganz onofhängeg Manéier - matgestalten heescht et. Kloer ass op alle Fall, datt d'Resultater an den aktuelle – och post-Brexit-Kontext – passen. De Britten, zum Beispill, kann een ëmmer nach soen: "Verloosst Iech net op déi puer Granzerten, mee: lauschtert op eis!" Dorun hunn d'Steierberoder vun Atoz jo och een Interessi.
Oder awer mir zitéieren alt erëm dat wat dem Winston Churchill zougeschriwwe gëtt. Dir wësst schonn ... dat mat der Statistik.