Radioen

On air

Notturno  |  Donny McCaslin - No Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Commerce verzichte wéinst Mënscherechter?

Handel mat Saudi Arabien

Op Commerce verzichte wéinst Mënscherechter?

Europa soll seng wirtschaftlech Bezéiunge mat Saudi Arabien iwwerdenken, fuerdere Mënscherechtsorganisatiounen. D'Golfmonarchie steet am Verdacht den islamisteschen Terrorismus z'ënnerstëtzen. Och wéinst soss Verstéiss géint d'Mënscherechter steet déi regional Muecht op der Arabescher Hallefinsel an der Kritik. Lëtzebuerg wéilt seng wirtschaftlech Relatioune mat Riad den Ament net ausbauen, dat hat de Finanzminister Pierre Gramegna virun engem gudde Mount annoncéiert.

Rick Mertens, md

auto_stories

3 min

©Bigstock/Believeinme

Wéinst dem Verdacht, datt Saudi Arabien respektiv Katar terroristesch Organisatioune géife finanzéieren, wéilt ee bis op weideres keng Wirtschaftsmissiounen an des Länner organiséieren, sou de Pierre Gramegna ugangs Dezember an der Chamber. "Ech géing awer warnen, fir do precipitéiert politesch Decisiounen ze huelen ier ee méi kloer gesäit, wee wat an där Regioun finanzéiert a wee wat mécht", sot den DP-Minister.

Wéi wäit déi wirtschaftlech an finanziell Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Saudi-Arabien elo scho ginn, ass net einfach eraus ze fannen. An de leschte Joeren huet Lëtzebuerg sech aktiv ëm den Ausbau vun deene Bezéiunge beméit. Beispillsweis mat enger Réi offizielle Missiounen an der Golf-Monarchie, sou de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen. "Do ass awer ni immens vill doraus entstanen". De bilateralen Handel wier relativ limitéiert. Am Joer 2014 hätt déi Lëtzebuerger Wirtschaft Wueren am Wäert vu 36 Mio € exportéiert (Importer: 4 Mio €) a Servicer, haaptsächlech Finanzdéngschtleeschtungen, fir e Montant vun 123 Mio € (géigeniwwer engem Importvolume vun 13 Mio €).

Och de Geschäftsaffekot Marc Theisen war un den offizielle Reesen a Saudi Arabien dobäi. Datt des Missiounen net déi erwaarte Friichte gedroen hätten, wier virun allem op administrativ Hürden an op d'islamescht Recht (Scharia), dat net mam internationalen Handel kompatibel wier, zeréck ze féieren.

Kritik neierdéngs och vun CSV an LSAP

De Wirtschaftsministère hat 2010, ënnert dem LSAP-Minister Jeannot Krecké, seng lescht Missioun a Saudi Arabien. Duerno war et virun allem de Finanzminister Luc Frieden (CSV), dee sech a Saudi Arabien weider fir d'Interessie vun der Lëtzebuerger Finanzplaz agesat hat. Och d’CSV fuerdert an Tëschenzäit, datt déi wirtschaftlech Relatioune mat Doha a Riad hannerfrot ginn. "Dat ass kee Reproche un déi viregt Regierungen", sou de chrëschtlech-sozialen Députéierte Laurent Mosar.

Deemools wier d'Situatioun net déi selwecht gewiescht wéi elo. "Deemools wosst een och schonn, datt dat keng 'lupenrein' Demokratië sinn", fënnt dogéint den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Wat zënter deem geschitt wier géif dat kloer an eendeiteg confirméieren.

"Schued fir d'Stabilitéit am Iran"

An den Ae vum Carlo Thelen misst een tëschent dem Regime an den eenzelne Geschäftsleit ënnerscheeden. Dat wiere "ganz normal a verstänneg Leit" gewiescht, mat deenen ee während fréiere Missiounen hätt kéinten diskutéieren. De Chef vun der Chambre de Commerce hätt Versteesdemech dofir, datt d'Regierung ënnert den aktuellen Ëmstänn op weider Missioune wéilt verzichten.

Et wier awer schued, datt sech déi aktuell Tensiounen am Mëttleren Osten negativ op d’Stabilitéit am Iran kéinten auswierken. Den Iran wier nämlech e Land, dat och fir Lëtzebuerger Investisseure grousst Potential ze bidden hätt. Virun engem hallwe Joer huet Teheran sech iwwert en internationalen Accord engagéiert, op ee militäreschen Atomprogramm ze verzichten. Als Géigeleeschtung sollen d'Wirtschaftssanktioune géint den Iran opgehuewe ginn.

Lauschtert de Bäitrag vum Rick Mertens: