Radioen

On air

Notturno  |  Donny McCaslin - No Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sprooch als Konditioun fir d’Nationalitéit

Lettland

D'Sprooch als Konditioun fir d’Nationalitéit

Am balteschen EU-Land lieft eng grouss russesch-sproocheg Communautéit. Fir d’Nationalitéit ze kréie muss ee Lettesch kënnen. 15 Prozent vun der Bevëlkerung huet awer haut nach weder déi lettesch, nach déi russesch Nationalitéit. Dës Leit si sougenannt “Net-Bierger” oder “Apatriden”.

auto_stories

3 min

De Buergermeeschter vu Riga Nils Usakovs (©Janis Deinats)

Nodeems Lettland 1940 vun der Sowjetunioun besat gouf, ass d’russesch-sproocheg Populatioun am Land staark gewuess an en Deel dovunner huet keng Nationalitéit. Mëtt de 90er Joeren, wéi Lettland rëm onofhängeg ginn ass, gouf et 700.000 “Net-Bierger” am Land. Haut sinn et der nach 280.000, also 15 Prozent vun der Bevëlkerung. De letteschen Ausseminister Edgars Rinkevics seet et wier een de Problem Schrëtt fir Schrëtt ugaang.

Virun dräi Joer gouf Russesch als zweet national Sprooch bei engem Referendum verworf. “Et kann een net einfach enger Persoun d’Nationalitéit ginn, déi net guer kee Lettesch schwätzt, an déi d’Basis vun eiser Geschicht an eiser Constitutioun net kennt”, esou den Edgars Rinkevics.

Den aktuelle Buergermeeschter vu Riga de Nils Usakovs war selwer ee fréiere “Net-Bierger” a mengt et wiere Feeler gemaach ginn. D’Majoritéit vun de “Net-Bierger” a Lettland wiere nämlech méi wéi 60 Joer al an och wann d’Sproochen-Tester fir d’lettesch Nationalitéit ze kréien extrem einfach wieren, sou wier ee mat 65 Joer net méi gewinnt Tester ze maachen. “Leider kann de Feeler, deen d’Politiker hei gemaach hunn, just doduerch geléist ginn, datt d’Zäit vergeet.” De Nils Usakovs acceptéiert awer d’Resultat vum Referendum: “Ech verstinn, datt eng kléng Sprooch wéi lettesch muss protegéiert ginn géintiwwer vu méi grousse Sprooche wéi englesch a russesch.”

E politesche Problem

Déi russesch-sproocheg “Net-Bierger” hunn a Lettland dat selwecht Recht op sozial Leeschtungen an se däerfe wéi d’Letten ouni Pass an der EU reesen. Dowéinst stellt d’aktuell Situatioun keen economeschen oder soziale Problem duer. Well d’”Net-Bierger” awer keng politesch Rechter hunn, kann ee vun engem politesche Problem schwätzen.

“Wann dir e “Net-Bierger” sidd, da kritt dir déi selwecht Pensioun, wéi e normale Bierger – all d’Sozial-Leeschtunge sinn déi selwecht. “Net-Bierger” hunn also kéng speziell Motivatioun fir d’Nationalitéit unzehuelen, ausser si wéilten sech onbedéngt politesch bedeelegen”, esou de Politolog Andris Kudors.

Optimismus

Am Moment hunn d’Parteie keen Interessi drun, d’russesch Minoritéit besser z’integréieren, well dës net hier Wielerschaft representéieren. Den Andris Kudors ass awer der Meenung, datt d’politesch Situatioun sech wäert änneren. De Konflikt an der Ukraine zum Beispill hätt en Afloss. Kee Mënsch wéilt déi selwecht Situatioun a Lettland an dofir géinge béid d’Letten an d’russesch-sproocheg “Net-Bierger” Efforte maachen. “Viru 6 Joer hätt och kee geduecht datt Riga, jee e russesch-sproochege Buergermeeschter wärt kréien.”