Radioen

On air

Notturno  |  Matthew E. White - Nested

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Roll vun de Medien am US-Wahlkampf

US-Presidentiellen

D'Roll vun de Medien am US-Wahlkampf

Eng Rekordzuel u Leit hunn de 26. September déi éischt US-Presidentschaftsdebatt verfollegt. Wou kënnt deen enormen Interessi hier a wat fir en Afloss hunn d'Medien op d'Presidentiellen? De Kommunikatiounsberoder Micheal Meehan an de Journalist Jonathan Alter hu sech mat där Fro ausernee gesat. Si goufe kierzlech vun der US-Ambassade op Lëtzebuerg invitéiert.

auto_stories

4 min

Den Jonathan Alter an de Michael Meehan

Iwwer 80 Millioune Leit hunn déi éischt Debatt tëschent den zwee US-Presidentschaftskandidaten Hillary Clinton an Donald Trump gekuckt. Dëse Rekord hätt allerdéngs net vill mam Hilary Clinton ze dinn, mengt den US-Journalist an Auteur vun dräi New York Times Bestseller, Jonathan Alter. Emsou méi awer mam Donald Trump.

De Republikaner wier seng eege Reality Show, esou de Journalist. Den Donald Trump géif esou wuel déi Leit unzéien, déi hie géifen appreciéieren, wéi och déi, déi näischt vun him halen. "Et ass Event-Televisioun, esou wéi de Super Bowl zum Beispill." D'Zuschauer wéissten, datt de Presidentschaftskandidat onberechenbar wier, well hie keng politesch Erfarung hätt. Nei wier awer och, datt mat der Hillary Clinton fir d'éischte Kéier eng Fra bei de Presidentielle géif kandidéieren. "Déi zwee Facteure spillen eng Roll", erkläert den Jonathan Alter.

Form virun Inhalt?

Dem amerikanesche Kommunikatiounsberoder Michael Meehan no hätt d'Geschicht gewisen, datt d'Form méi wichteg wier, wéi den Inhalt. Dat léich dorun, datt d'Televisioun eng limitéiert Onopmierksamkeetsspan hätt. D'Moyenne an där d'Kandidaten an de Noriichte géife gewise ginn, wier an de leschten zéng Joer vun zwielef op aacht Sekonne gefall. "Net genuch Zäit also, fir ee Gedanke fäerdeg ze maachen."

Beim Debat wier d'Tëlee an Zwee gewiescht: Op där enger Säit wier Hillary Clinton, op där Anerer den Donald Trump ageblent gewiescht. "D'Spectateure konnten d'Reaktioun vun deem enge kucken, während deen anere geschwat huet", seet de Michael Meehan. Dat wier méi wichteg gewiescht, wéi dat wat gesot gi wier, mengt de Kommunikatiounsexpert. "D'Leit jugéieren dat, wat si gesinn."

Likes bestëmmen d'Relevanz

Den Jonathan Alter betount, et géif an den USA eng Fragmentéierung vun de Medie ginn. Déi meescht jonk Leit géifen net méi un déi traditionell Televisioun gleewen. Fréier wier et den Owesjournal gewiescht, deen d’Relevanz vun den Informatiounen tranchéiert hätt, esou den 58-järege Journalist. Haut wieren et d’Likes. "D'Leit entscheeden, wat déi grouss Nouvellë sinn."

Dat géif am éischten Ablack gutt kléngen. De Jonathan Alter ënnersträicht awer, datt d'Medien et fréier fäerdeg bruecht hätten, d'Leit op méi seriö Sujeten opmierksam ze maachen. "Fir d'Leit ass et immens schwéier, fir sech zum Beispill fir en NATO-Sujet ze begeeschteren. Dobäi ass et wichteg ze wëssen, datt den Donald Trump d'NATO net respektéiert." Fréier wier dat ee grousse Sujet gewiescht, mengt de Journalist an Auteur. Haut wier et dat net méi.

"Ronderëm d'Auer"

Haut kéint iwwerdeems all Kandidat seng Meenung iwwer déi Sozial Medien an der Ëffentlechkeet publizéieren, esou de Michael Meehan, deen ënnert anerem fir dem John Carrey seng Campagne geschafft huet. De Fait, datt et keng editorial Kontroll méi géif ginn, hätt d'Manéier, wéi d'Campagnë gefouert géife ginn, verännert. "Et ass 24 op 24 a 7 op 7, ronderëm d'Auer."

Doranner wier den Donald Trump Meeschter. Éier datt hien an d'Bett géif goen, géif hien nach en Tweet oder Facebook-Post verëffentlechen. An dat géif dacks bestëmmen, wat de Mueren drop d'Headline vun den Zeitunge wier. "Virdru konnt een an d'Bett goen an et wousst een, wat den Dag drop an der Zeitung steet. Elo muss ee bannent e puer Stonne reagéieren", ënnersträicht de Michael Meehan.

Vill Ligen

Dat géif eng gutt Preparatioun vun de Journaliste viraussetzen. Mee déi wieren dem Jonathan Alter no meeschtens net gutt genuch informéiert. An den Interviewe géifen zum Beispill ze vill Lige vu béide Kandidaten akzeptéiert ginn. D'Journaliste missten d'Zitater vun de Presidentschaftskandidate viru sech hunn, fënnt de Medienexpert. Den Donald Trump géif zum Beispill dacks op eng aggressiv Manéier Saachen dementéieren, déi hie gesot hätt.

"Zum Beispill sot hien den 10. November 2015, datt d'Salairen ze héich wieren. Dat wäert hien - wann et an der nächster Debatt opkënnt - dementéieren." Da wier et d'Roll vum Moderator oder vun der Hillary Clinton, fir d'Ausso vum 10. November ze zitéieren. Beim Donald Trump wier déi Method noutwenneg. "Et gouf nach ni ee Kandidat, deen esou vill gelunn huet, wéi hien."

Angscht virum Donald Trump?

An Europa géif anescht iwwer d'Presidentielle beriicht ginn, fannen déi zwee Amerikaner. Dem Jonathan Alter no hätten d’Europäer däitlech méi Angscht virun der Méiglechkeet, datt den Donald Trump géif President ginn. Deemno géif déi europäesch Press verschidde Sujete méi eecht behandelen.

Hie betount awer, datt et och an den USA gutt Zeitunge géif ginn, zum Beispill d'Washington Post, d'New York Times oder d'Boston Globe. Déi hätten awer un Autoritéit verluer. Vill vun den Televisiounsreportagë wieren dogéint politiséiert, esou den Jonathan Alter. "Fox News zum Beispill ass pro Trump, MSNBC ass méi fir d'Hillary Clinton." De Journalist bedauert, datt d'Sujeten net méi seriö géife behandelt ginn a wënscht sech eng europäesch Approche.

Op där anerer Säit géif déi europäesch Press awer manner investigative Journalismus maachen. Deen awer bräichten d'USA elo: Investigatiounen iwwer dem Donald Trump an der Hillary Clinton hir Vergaangenheet wieren néideg.