Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Chacon - Above Below

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Recht op Sécherheet an Europa

Jean-Claude Juncker

D'Recht op Sécherheet an Europa

An der Suite vun den Attentater zu Bréissel plaidéiert den EU-Kommissiounspresident fir eng "Unioun vun der Sécherheet". Mat Aktionismus hätt dat näischt ze dinn. De Jean-Claude Juncker hofft op méi Solidaritéit bannent der EU.

auto_stories

6 min

"Et gëtt eenzel Stratificatiounen a Memberstaaten, déi de Problem vun Terrorismus net iwwerméisseg eescht geholl hunn, well den Terrorismus si nach net besicht huet," seet de Jean-Claude Juncker. D'Komissioun hätt eng Rei Propositioune gemaach, déi d'Memberstaten awer nach net all ugeholl hätten. Et kéint een net behaapten, d'EU hätt d'Problematik op déi liicht Schëller geholl. Et géif awer stëmmen, datt de Sujet an deene leschte Joren net ëmmer deen éischte Punkt am Opmierksamkeetskalenner gewiescht wär.

bessere Schutz vun de Baussegrenzen

Zu de Propositioune vun der Komissioun gehéieren eng Neiregelung vum Ëmgang mat Waffen an eng besser Organisatioun vum Schutz vun den EU-Baussegrenzen. Den EU-Kommissiounspresident geet dovun aus, datt déi Propositiounen an deenen nächste Woche géifen ugeholl ginn. Da kéint ee vun enger Sécherheetsunioun schwätzen. "Dat éischt Mënscherecht ass leschten Ends d'Recht op Sécherheet. Et kann net sinn, datt d'Leit an Europa sech hires Liewes net méi sécher spieren." 

Beim extraordinäre Conseil vum JAI (Justice et Affaires intérieures) géifen um Donneschdeg keng zousätzlech Mesuren zu de Proposen, déi um Dësch leien, virgestallt ginn. "Ech si géint all Form vun iwwerdriwwenem Aktionismus, dee virtäuscht, wéi wann een eppes géif ënnerhuelen, obschonn een näischt mécht."

De Jean-Claude Juncker an de franséische Premierminister Manuel Valls fuerderen en automateschen Austausch vun den Donnéeë vu Fluchpassagéier. D'Bedenken, déi d'Europaparlament an d'Dateschutzautoritéite geäussert hunn, kéint hie verstoen. "Ech hunn net gär, datt de gliesene Bierger dem Staat hëlleflos ausgeliwwert gëtt." Ouni Informatiounen iwwer d'Mouvementer an Europa géif ee sech awer d'Mëttelen net ginn, fir déi ze fannen, déi Schlëmmes gemaach hätten, sou den EU-Kommissiounspresident.

Illegal Geheimdéngschtaarbecht: Keng Iwwerraschung

De Jean-Claude Juncker fuerdert och eng intensiv Zesummenaarbecht zwëschent de Geheimdéngschter vun de Memberstaaten. D'EU-Kommissioun hätt an deem Beräich keng Kompetenzen, a géif dofir ëmsou méi haart driwwer schwätzen. D'Memberstaate missten hiert Verpsriechen halen, Informatiounen iwwer potentiell Terroristen auszetauschen. Wier dat schonn de Fall, hätte schlëmm Saache kënne verhënnert ginn.

Wëllen d'Memberstaaten net zesumme schaffen, fir ze verstoppen, datt se net ëmmer an der Legalitéit schaffen? "Ech mengen, déi wieren net iwwerrascht, wa se dat géinge feststellen, déi eng iwwer déi aner. Leider Gottes ass dat deelweis esou." Mee dat wier och net d'Fro, fënnt de Jean-Claude Juncker. Et misst ee Grondvertrauen tëscht den EU-Memberstaaten bestoen, dass wichteg Informatiounen ausgetosch ginn.

Chancë fir en neit Dublin-Ofkommes?

An deenen nächste Woche géif d'Komissioun Propositiounen iwwer eng Reformuléierung vum Dublin-Ofkommes maachen. Ënner anerem sollen Asyl-Demanden net an deem Land mussen traitéiert ginn, an deem se gemaach goufen, mee si sollen iwwer ganz Europa verdeelt ginn. 

Hie wär zréckhalend, wann hien d'Chance vun der Akzeptanz vun engem neien Dublin-Ofkommes géif aschätzen, seet den EU-Komissiounspresident. "Mir mussen an Europa léieren a Momenter vun der Gefor, déi positiv Aspekter vum solidaresche Virgoen z'entdecken. Dozou si vill Memberstaaten net bereet. An dat erkläert eigentlech d'Schwächt vun där gesamter europäescher Reaktioun, notamment op déi Flüchtlingsfro."

Duerch d'Problemer, déi sech an Europa aktuell stellen, kéint d'Solidaritéit zwëschent de Memberstaaten nees wuessen, sou de Jean-Claude Juncker. Wéi den europäesche Projet wéinst deene sëlleche Krisen an engem Joer ausgesäit, kéint hien net soen, "obwuel ech dat jo misst spieren." An Europa wier et wéi och an den eenzelne Länner: Heiansdo misst een widdert d'Mauer fueren ier een mierkt, dass et hannert der Mauer kee Wee gëtt. Ëmmer méi Politiker géife mierken, dass déi "national Soloen" néierens féieren.

CSV-Spëtzekandidatur

Eng méiglech Spëtzekandidatur vum CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler bei den nächste Chamberwahlenwëll de fréieren CSV-Premier net kommentéieren. Hien seet just: "Ech hunn de Claude Wiseler ganz gär".