Béid Gemenge kritiséieren, net mat Zäiten iwwert d’Pläng fir eng Faisabilitéits-Etude fir d’Rekonversioun vum Industriesite informéiert ginn ze sinn. D’Kritik vun der Escher CSV-Sektioun, déi vun engem “Kommunikatiounsdesater” geschwat huet, hält déi Escher Buergermeeschterin awer fir iwwerdriwwen.
Fir d’Sanéierung vum Site Esch-Schëffleng wier selbstverständlech ArcelorMittal responsabel an d’Regierung géif dat och esou gesinn, huet déi Escher Buergermeeschterin ënnerstrach. An den Terraine vun am ganzen 62 Hektar, déi bis an den Zentrum vun Esch ginn, géif een enorme Potential stiechen. Geplangt ass de Bau vu Wunnengen a Büroen.
Alternativsite fir Flüchtlingsheem?
D'Escher Gemeng wär net mat Zäiten iwwer de Start vun dë "Risepläng" fir een Heem fir Flüchtlingen informéiert ginn. Dowéinst hätt ee sech keng Gedanken iwwer eng Alternativ fir de Site um "Quai Neiduerf" kéinte maachen. Bis zu 300 Mënsche sollen hei ënnerkommen.
Eng Rei Iwwerleeungen a Problemer, déi aus dësem Quartier genannt ginn, misst een eescht huelen. Duerch d’Annonce vun de Pläng fir de Site Esch-Schëffleng wär den Urbanismus zu Esch komplett op d’Kopp gedréit ginn ass, sou d'Vera Spautz.
Eng Cinémathéik an den Ariston?
D’Buergermeeschterin vun der zweetgréisster Stad am Land confirméiert, datt d'Escher Gemeng um Kaf oder un der Locatioun vum Ariston-Gebäi interesséiert bleift. Et hätt een d'Gebai mam grousse Kinossall préiwe gelooss. Äntwerte wéilt ee spéitstens Ufank Mäerz ginn, esou d’Vera Spautz. De Kino soll op jiddwer Fall erhal ginn. Méiglech wier eng Notzung als Cinémathéik.
Europäesch Kulturhaaptstad 2022?
Esch wëll zesumme mat der Südregioun kandidéieren, fir a sechs Joer europäesch Kulturhaaptstad ze ginn: ee Projet zesumme mat der Populatioun. Iwwert déi konkret Pläng soll an den nächste Woche méi bekannt ginn. Ziel ass een Imagewandel. D’Kandidatur wäert de 14. Juni an der Stad Lëtzebuerg presentéiert ginn: deen Dag ass den europäesche Jury zu Gaascht. Et wier ee gespaant, esou d’Vera Spautz.
Bei de Gemengewahlen 2017 wëllt d’LSAP-Politikerin op een neits kandidéieren: “Ganz sécher, jo”, esou d’Äntwert vum Vera Spautz am 100,7-Interview.