Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D’Lëtzebuerger Sprooch verbënnt eis"

Nationalitéit

"D’Lëtzebuerger Sprooch verbënnt eis"

En Demokratie-Defizit gëtt et just, wann d’Leit hei am Land net méi matenee kënne schwätzen. Där Meenung ass de Fred Keup, Grënner vun der Plattform “Nee 2015, Wee 2050". D’Plattform, déi beim Referendum de leschte Juni erfollegräich Campagne géint d’Auslännerwahlrecht gemaach huet, ass dogéint, datt d’Sproochenufuerderungen am Nationalitéitegesetz erof gesat ginn.

auto_stories

3 min

“Mat engem Niveau A2, wéi en am Avant-Projet de loi vum Justizminister virgesinn ass, huet ee sécher net de Niveau fir un engem normale Gespréich kënnen deelzehuelen”, esou de Fred Keup. “Mir brauchen eng Sprooch, eng Gemeinsamkeet, déi eis Natioun verbënnt”. Et wier wichteg dofir ze suergen, datt déi nei Lëtzebuerger d’Sprooch beherrschen.

Dem Fred Keup no, ass d’Franséisch Sprooch e Problem fir d’Leit, déi Lëtzebuergesch wëlle léieren. “Ganz vill Auslänner soen: Dir wëllt, datt mir Lëtzebuergesch léieren, mee dir maacht alles op Franséisch”, esou de Fred Keup, deen d’Beispill vun enger Fra genannt huet, déi Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch kann an awer hei am Land “e bësse verluer ass”.

Fir d’Leit ze motivéiere Lëtzebuergesch ze léiere schléit de Fred Keup vir, datt d’Sprooch am ëffentleche Raum méi present gëtt. Beispillsweis op Internetsitten, a Formulairen an op Panneauen. “Mir kënnen dat jo dräi-sproocheg maachen, méi-sproocheg maachen.” Domadder géing kengem eppes zu Leed gedoe ginn.

Wat a wien ass “Nee 2015, Wee 2050"?

“Mir maachen eis Gedanken iwwert d’Zukunft allgemeng hei zu Lëtzebuerg.” Esou faasst de Fred Keup d’Plattform “Nee 2015, Wee 2050″ zesummen. D’Plattform hätt gär, datt eng anstänneg Visioun opgestallt gëtt iwwert d’Manéier, wéi Lëtzebuerg laangfristeg soll ausgesinn. Bei der Reform vum Nationalitéitegesetz an der Fro vun der Integratioun wier d’Plattform eng nei Stëmm.

Eng aacht bis zéng Leit wiere bei der “Denkfabrik” aktiv. Donieft géingen eng Partie Leit sporadesch eng Hand upaken. Besonnesch frou ass de Fred Keup iwwert de Groupe vu bal 7000 Leit, déi “Nee 2015, Wee 2050″ um Internet-Sozialreseau Facebook ënnerstëtzen.

Rassistesch Äusserungen, wéi et der Mol op der Facebook-Säit vu “Nee 2015″ goufen, géingen et am Moment manner ginn, verséchert de Grënner vun der Plattform, deen esou Äusserungen eegenen Aussoen no ëmmer läscht. De Verglach mat der friemefeindlecher Beweegung Pegida, déi sech selwer als Vertrieder vum Zentrum beschreift, léisst de Fred Keup net gëllen. “Nee 2015, Wee 2050″ géing sech op eng “ganz moderat” Aart a Weis fir d’Lëtzebuerger Sprooch asetzen. “Wa mir net do wieren da wiere vläit Leit do, déi däitlech méi extrem wieren.”

De Fred Keup an der Politik

Eng vun den Oppositiounsparteien hätt hie fir eng politesch Zesummenaarbecht kontaktéiert, esou de Fred Keup, deen awer net wollt soe wéi eng Partei dat war. Am Moment  wier et nach keng Optioun fir sech an enger politescher Partei z’engagéieren.

Bis elo wier hien ni Member vun enger Partei gewiescht. De Fred Keup gesäit sech éischter an enger Mëtt. “Ech hu méi Parteie gewielt, ech hunn éischter panachéiert”.

De Fred Keup war den 28. Oktober den Invité vum Dag beim Mick Entringer.